Search

You may also like

dislike
Eist d’Zil bei der Energieeffizienz réckelt erëm mi wäit ewech
International Neiegkeeten Stories

Eist d’Zil bei der Energieeffizienz réckelt erëm mi wäit ewech

Vir 2020 huet Europa, an domat och Lëtzebuerg, sech a

De bayresche Pharisäer
International Neiegkeeten Stories

De bayresche Pharisäer

Op den éischten Androck kann ee sech net ëmmer verloossen,

Iwwerreechung vum Anne Beffort Präis 2018
International Neiegkeeten Stories

Iwwerreechung vum Anne Beffort Präis 2018

En Donneschdeg huet d’Stad Lëtzebuerg erëm den desjäregen Anne Beffort

De japanesche Premier trëtt zeréck (Analys)

Krank an ugeschloen huet de Shinzo Abe säi Récktrëtt erkläert, wëll awer weidermaache bis d‘Nofolleg gekläert ass

De japanesche Premier trëtt zeréck (Analys)

Gutt ee Joer virum offiziellen Enn vu sengem Mandat, huet de japanesche Premierminister Shinzo Abe säi Récktrëtt ugekënnegt. Als Grond huet den ëmstriddene Politiker eng chronesch Daarm-Erkrankung, un där hie schonn zanter Joerzéngte leide géif, uginn. Zanter Juli hätt sech säin Zoustand verschlëmmert, esou de 65 järege Regierungschef bei enger Pressekonferenz um Freideg.

Wéi et sech gehéiert, huet sech de Shinzo Abe bei senge Landsleit aus déifstem Häerzen entschëllegt, matten an der Covid19-Pandemie säi Mandat zur Verfügung ze stellen, an dat ouni déi gesaten Ziler erreecht ze hunn. Bis en Nofolger fonnt ass, wëll hien awer d‘Regierungsgeschäfter weiderféieren. D‘LDP, dem Abe seng Partei brauch elo och een neie Kapp, an et huet Kandidaten.

Als Nofolger stinn zur Dispositioun: De Chef vum Kabinett, Yoshihide Suga; de Finanzminister, Taro Aso; de fréiere Verdeedegungsminister, Shigeru Ishiba an de fréieren Ausseminister, Fumio Kishida. Eng Parteicheffin ass an der traditionell männerdominéierter Politikwelt ausgeschloss, esouwäit sinn d‘Japaner nach net, datt Fraen op wichtege Positioune géifen toleréiert ginn.

Hie war de „Juncker“ am Räich vun der opgoender Sonn

Elo ass et awer richteg, datt de Shinzo Abe d‘Politik a Japan iwwert déi lescht Joerzéngte gepräägt huet. Hien ass eppes wéi eise Jean-Claude Juncker, ouni den derzougehéierege Charisma. Esou huet de Shinzo Abe sech mat enger Wirtschaftspolitik „Abenomics“ beméit d‘Entreprisen an den Handel nees a Schwong ze bréngen. Mee dës Politik vum „lackere Goss“ huet déi gesaten Ziler verfeelt.

Sécher kann ee sech drop behaapten, datt d‘Bourse an eng Rei „privilegiéiert Konzerner“ gutt vun dëse Mesure profitéiert hunn, mee kleng Entreprisen – an d‘Bierger souwisou – hunn de Fanger an de Mond gestach. D‘Hausse vun der TVA vun 5% op 10% huet dann och an éischter Linn all de Menage mat klengem Akommes geschuet. Dat huet sech och op d‘Stëmmung am Land ausgewierkt.

Eng vun den direkte Folgen: massiv Kritik a Verloscht vun der Zoustëmmung. Ëm déi 60% vun de Wahlberechtegten drécken sech géint déi aktuell Regierung aus. Och déi vun der Regierung produzéiert Gesiichtsmasken (Abenomask) war ee Flopp. Ze kleng a mat Produktiounsfeeler, hunn d‘Bierger et virgezunn sech selwer ze hëllefen. Och d‘Fërderung vum Inlandstourismus ass e Flopp.

Schlecht Bezéiungen zu de Nopere bestëmmen d‘Aussepolitik

De Shinzo Abe, e Premier dee bis zu de Schëlleren am Allerwäerteste vum US-President stécht, war ni eeschthaft beméit, gereegelt Bezéiungen zu den Noperen oprecht ze erhalen. Ënner senger Leedung hunn sech déi souwisou scho mitigéiert Bezéiungen zu den Nopeschlänner weider zolidd verschlechtert. E Fait deen och dem Premierminister sengem oppenen Negationismus geschëlt ass.

Hie gehéiert zu där Aart Politiker, déi d‘Vergaangenheet an d‘Gréisst vun der japanescher Arméi beschéinegen an d‘Krichsverbriechen ausblennt. E Besuch am Yasukuni-Schräin – en Uert wou japanesch Krichsverbriecher geéiert ginn – huet fir eppes „Mëssverständnes“ gesuergt. D‘Aart a Weis mat den Handelspartner China, Russland a Südkorea op US-Niveau ze hiewen, awer och.

Déi japanesch „Liberaldemokraten“ hunn sech allerdéngs nees ënnert dem Shinzo Abe vereenegt kritt. D‘Gestreits tëscht den ënnerschiddleche Fligel an der Partei konnt bäigeluecht ginn. Dat ass wichteg am Bezuch op d‘Wiel vum Nofolger. Fir LDP dierft et dann elo och an éischter Linn emol drëms goen, d‘Vertraue vun de Wieler zeréckzegewanne fir an d‘Wahle vun 2021 ze goen.

mat indymedia/tyo

Foto: „Ech kann net Premierminister sinn, wann ech net an der Lag sinn déi bescht Entscheedunge fir d‘Leit ze huelen“, Shinzo Abe (© Official Website of the Prime Minister of Japan and his Cabinet)

Related topics Japan, LBD, Liberaldemokraten, Premierminister, Récktrëtt, Shinzo Abe
Next post Previous post