Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Kaffisgespréich mam Stater Schäfferot
Neiegkeeten

Kaffisgespréich mam Stater Schäfferot

Et ass ëmmer nees e Pleséier, emol de Mount um

D‘Graf vum onbekannten Zaldot zu Paräis
Neiegkeeten

D‘Graf vum onbekannten Zaldot zu Paräis

D‘Graf vum onbekannten Zaldot, bei deem sech um haidege Sonndeg,

Polen: Bréissel saiséiert d‘Justiz géint d‘Reform vum ieweschte Geriichtshaff
Neiegkeeten

Polen: Bréissel saiséiert d‘Justiz géint d‘Reform vum ieweschte Geriichtshaff

Um Méindeg huet d‘EU-Kommissioun déi europäesch Justiz saiséiert, a Polen

De Jean Asselborn mat engem pessimistesche Bléck op d‘Welt

De Jean Asselborn mat engem pessimistesche Bléck op d‘Welt

Um Dënschdeg huet den Ausseminister um Krautmaart, den Deputéierten en „Iwwerbléck“ op déi aktuell politesch Situatioun, um internationalen Niveau, ginn. De Jean Asselborn huet de Moment och genotzt, fir seng oft kritiséiert „Aart a Weis“ duer ze stellen. An der Diplomatie misst een éierlech a riicht eraus sinn, esou eisen Ausseminister.

Hien huet dann och emol fir unzefänke bedauert, datt säin amerikaneschen Homolog, de Rex Tillerson eng Stonn viru senger Ried, de Stull vrun d‘Dier gestallt kritt huet. De Jean Asselborn huet am US-Ausseminister ëmmer dee Mann gesinn, deen et verhënnere konnt, datt den Donald Trump „ze wäit konnt goen“. Wat den US-President net dovunner ofgehalen huet vir op der ganzer Welt Zwietracht ze séien.

An de Jean Asselborn bleift „riicht eraus“ an bezeechent dem Donald Trump säi Behuel als onverantwortlech. Bleift awer beméit de Populiste kee Fudder ze liwweren, an deem hie behaapt, datt déi global Tendenz sech positiv entwéckelt. Hie weist dann awer direkt drop hin, datt et haut an der Welt u Solidaritéit an Zesummenaarbecht feelt. Et wier den „Unilateralismus“ deen déi gréisste Gefor fir d‘Mënscherechter an de Rechtsstaat duerstellt.

Déi Schëlleg un der „Misär“ huet den Ausseminister och genannt. Esou wieren de Vladimir Putin an den Donald Trump d‘Schlësselstaaten vum Fridden, an se géifen ëmmer méi wäit ausenaner geroden. Zudeem géife Russland an d‘USA sech ëmmer nees iwwer international Reegelen ewech setzen, wat dem Jean Asselborn besonnesch grouss Suerge bereet. A wann dat vun engem kënnt dee sech säit 2004 op der aussepolitescher Bühn beweegt, sollt een och dierfe beonrouegt sinn.

Op all Kontinent wéinstens ee Konflikt

Tatsächlech ass et esou, datt wann ee sech d‘Lëscht vun de Konflikter, déi d‘Welt an Otem halen, ukuckt, engem d‘Dronkenellen ausginn. Am Noen-Osten: de Konflikt tëscht Palestina an Israel, de Kaméidi tëscht dem Iran an den USA, de Stellvertriederkrich am Jemen, an d‘Situatioun a Syrien. Net ze vergiessen: d‘Migratiounskris an de Sträit tëscht Russland an der Ukrain.

Et wieren, esou de Jean Asselborn, alles Konflikter, déi een an deeselwechten „Nenner“ hunn: den Donald Trump. Esou ass den Ausseminister dann och alles wéi begeeschtert, datt Washington entscheet huet, seng Ambassade vun Tel Aviv op Jerusalem ze verleeën. Datt doriwwer eraus elo d‘Inauguratioun och nach op de 14. Mee geluecht ginn ass, den Dag vum 70. Anniversaire vun der israelescher Staatsgrënnung, wier eng onnëtz Provokatioun, déi d‘Géigend kéint entflamen.

An och an de Konflikter a Syrien, mat der Amëschung vun der Tierkei, gesäit de Jean Asselborn eng Gefor. Wann et do esou weider geet, besteet de Risk, datt et zu Zesummestéiss tëscht der Hisbollah (ënnerstëtzt vum Iran) an der israelescher Arméi kéint kommen. Den Ausseminister leet awer och grousse Wäert op d‘Feststellung, datt den Iran hei eng däitlech Verantwortung huet, an Afloss op d‘Stabilitéit an de Fridden an der Regioun huet.

Esou wier et dann och ersiichtlech, datt et fir Syrien keng militäresch Léisung gëtt. De Jean Asselborn hält dann och fest, datt déi schrecklech Dote vum Assad-Regime net dierften onbestrooft bleiwen. Hie bedauert dann och, datt et der UNO net méiglech ass, eng „neutral“ Enquête zu de chemeschen Ugrëff op d‘Bevëlkerung duerchzeféieren. Zudeem bemierkt den Ausseminister, an ass mat dëser Meenung net eleng, datt een a Syrien déi gréissten humanitär Kris säit dem zweete Weltkrich erlieft.

Zukunft vun Europa

De Jean Asselborn huet och déi europäesch Aktualitéit beliicht a stellt fest, datt d‘EU sech wirtschaftlech gutt opgestallt huet. D‘Vertraue vun de Lëtzebuerger an d‘Ekonomie wier esou gutt wéi laang net méi, an och de Chômage hätt een esouwäit am Grëff. Mee hien huet dann awer och op déi grouss Ënnerscheeder tëscht de Memberstaaten higewisen. Den Ausseminister ass dann och iwwerzeegt, datt de Chômage bei der Jugend eng vun de gréisste Geforen iwwerhaapt ass.

Hien ass also gewëllt d‘Zukunft vun der EU aus alle Bléckwénkel ze betruechten. Et géif dann och scho begréissenswäert Initiativen. Esou déi vum franséische President gewollte „Biergerbedeelegung“. De Jean Asselborn wënscht sech dann och eng Relance vum däitsch-franséische „Motor“, deen der EU weideren Opschwong kéint bréngen. Institutionell Ännerunge wieren awer net dréngend, wichteg wier d‘Solidaritéit tëscht de Memberlänner.

Wat de Brexit betrëfft, esou bestätegt den Ausseminister, datt den Accord zum Austrëtt, am Hiecht wäert ënnerschriwwe ginn. Domatter soll d‘Iwwergangsphas, déi fir den Zäitraum tëscht dem 30. Mäerz 2019 an dem 21. Dezember 2020 virgesinn ass, gereegelt ginn. Wéi d‘Relatioun tëscht der EU a Groussbritannien duerno ausgesäit, dat wousst dann och de Jean Asselborn gëschter nach net. Mee et gëtt och Kandidaten déi bäitriede wëllen, an hei besteet den Ausseminister drop, datt een de Länner aus dem Balkan kredibel Perspektive muss ubidden.

Lëtzebuergesch Aussepolitik

E weidere Punkt den dem Jean Asselborn um Häerz geleeën huet, ass d‘Relatioun déi ee mat Afrika huet. Hei huet den Ausseminister begréisst, datt ee sech um Sommet vun Abidjan (November 2017) konnt drop eenegen, datt d‘Jugend misst besser Perspektive kréien. D‘Sécherheet an d‘Entwécklung vu béide Kontinenter géif dovunner ofhänken. Als positiv beuerteelt och den Dispositif „G5 Sahel“ dee vu Lëtzebuerg ënnerstëtzt gëtt. Fënnef Länner aus der Sahel-Géigend hunn sech hei vereent fir géint den Terror an déi organiséiert Kriminalitéit virzegoen.

Och den asiatesche Kontinent huet de Jean Asselborn net ausgelooss. Fënnef Ambassadë vertriede 15 Länner, an och ASEAN (Vereenegung vun den asiatesche Länner) huet sech e „Sekretariat“ zu Lëtzebuerg ageriicht. D‘Relatioun mat Japan wier ganz gutt, wat och der grousser Staatsvisite 2017 geschëlt wier. China bleift weiderhin de gréissten Handelspartner, firwat och de politeschen, wirtschaftlechen an kulturellen Dialog bäibehale gëtt.

Wat d‘Relatioun mat den USA betrëfft, esou kann den Ausseminister nëmme bedaueren, datt sech d‘US-Administratioun ëmmer méi senge multilaterale Verflichtungen entzitt. Déi protektionistesch „Mesuren“ wieren de falsche Wee, an och en Donald Trump wéisst datt een en Handelskrich net gewanne kann. Partenariater mat anere Länner, wéi Mexiko, Chile oder och Kuba, sollt een verdéiwen. Bei der Zesummenaarbecht mat Merkosur (de gemeinsame Maart vu Südamerika) kéint déi rezent a Brasilien opgemaachten Ambassade hëllefräich sinn.

Ähnlech Sujeten Ausseminister, Jean Asselborn, Weltpolitik
Nächsten Artikel Virrechten Artikel