Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Gutt digital equipéiert Klassesäll hëllefen eise Schüler, mee et gëtt nach vill ze maachen
International dating apps around the world

https://moien.lu/questions-to-ask-online-dating-pua/

Laut der OECD sinn zu Lëtzebuerg d’Schüler iwwerduerchschnëttlech resilient. Domat

palm desert dating service
International dating apps around the world

What the Fakt – Iwwert dat architektonescht Genie Antoni Gaudí

Mir all kennen de katalaneschen Architekt Antoni Gaudí wuel duerch

D’Stad Ettelbréck stellt sech groussen Erausfuerderungen a gesäit sech als Motor
International dating apps around the world

D’Stad Ettelbréck stellt sech groussen Erausfuerderungen a gesäit sech als Motor

Datt sech an der Nordstad vill deet, gesäit een: Am

De Jeremy Corbyn wëll Premier ginn an de Brexit-Chaos beendegen

De Jeremy Corbyn wëll Premier ginn an de Brexit-Chaos beendegen

Chef vum „Labour-Party“ an erkläerten Euroskeptiker, sollt sech de Jeremy Corbyn haut zu Liverpool, beim Ofschloss vum Parteikongress als de „Messias“ virstellen, deem et gelénge kann, Groussbritannien politesch ze leeden an d‘Land aus dem Brexit-Chaos ze féieren.

De Brexit huet am Mëttelpunkt vum Kongress vun der gréisster britescher Oppositiounspartei gestanen, wat dem Jeremy Corbyn elo net wierklech ka gefall hunn. Hie fillt sech wiesentlech méi wuel, bei der Verdeedegung vum Sozial- a Wirtschaftsprogramm vun der Partei. Eng Positioun géintiwwer der Fro vum Austrëtt aus der Unioun, hëlt den Euroskeptiker net esou gären.

Gedeelt tëscht de Militanten déi fir de Verbleif an der EU gestëmmt hunn, an deenen déi sech fir de Brexit entscheet hunn, huet d‘Partei beschloss, all Optiounen ze berécksiichtegen. En deel vun der Parteibasis an d‘Gewerkschaften hunn sech fir en 2. Referendum staark gemaach, an dat ass och dem Jeremy Corbyn net entgaangen, dee mengt Uspréch op d‘Amt vum Premierminister ze hunn.

Labour huet gewarnt, datt sollt den Accord (vun deem net gewosst ass op et iwwerhaapt derzou kënnt) vun der Premierministesch Theresa May (Plang vu Chequers) net de 6 Kritären entsprécht déi e sech fixéiert huet – wann et beispillsweis zu enger Bedreeung fir den Aarbechtsmaart, oder dem Fridden an Nordirland kënnt – si dëse Projet net wäerten ënnerstëtzen.

An et geet een dann och esouwäit ze fuerderen, datt sollt den zukünftegen Accord net vum Parlament ugeholl ginn, et zu Neiwahle komme muss. Labour erhofft sech esou, d‘Muecht ze iwwerhuelen. Mee wann déi Konservativ dës Neiwahlen net zouloossen, wëll Labour eng Campagne lancéieren, déi zur Organisatioun vun engem neie Referendum féiert.

De Keir Starmer, de Mann dee sech bei Labour ëm de Brexit këmmert, huet deklaréiert, datt hie keng Optioun ausschléisst. Och wann et bedeite géif, datt een d‘Briten nach emol zu engem Referendum invitéiert, bei deem si sech op e neits fir oder géint e Verbleif an der EU sollen ausdrécken. Eng Eventualitéit déi vum Finanzminister John McDonnell ausgeschloss gëtt.

Eng hypothetesch Fro

Fir de Labour-Deputéierten David Lammy, deen sech zanter Méint fir en neie Referendum asetzt, ass de Richtungswiessel vu senger Partei „erfrëschend“. „Ech ginn elo vu ville Militanten ënnerstëtzt. Dat war e laange Kampf, an ech mengen datt mir elo eis Ziler kënnen erreechen“.

Corbyn

Kann den Euroskeptiker Jeremy Corbyn de Brexit-Chaos beendegen? © Oli Scarff/AFP

De Jeremy Corbyn ass allerdéngs mat wéineg „Äifer“ op de Verbleif an der EU agaangen. Wéi hien um Dënschdegowend vun der BBC befrot ginn ass, huet hien net verroden, wéi hie géif ofstëmmen, sollt et zu engem neie Referendum kommen. „Dat ass eng hypothetesch Fro“, esou d‘Äntwert vun deem Mann, deen Uspréch op dat héchsten Amt erhieft.

Et ass dierf een allerdéngs dovunner ausgoen, datt hie bei senger Ofschlossried „mat gliddege Kuelen“ op d‘Regierung an d‘Premierministesch dierf duergoen. Ugesiichts dem Fakt, datt d‘Theresa May net Amstand ass d‘Verhandlunge mat Bréissel zu engem gudden Enn ze féieren, eng verhältnesméisseg liicht Missioun. Och wann se der Saach selwer net déngt.

„Déi Konservativ hu bewisen, datt si net Amstand si Verhandlungen ze féieren. Si hu keen akzeptabelen Accord op d‘Rei kritt, déi am Interessi vun der britescher Wirtschaft oder dem briteschen Aarbechter wier“, esou de Jonathan Lansman, Grënner vum pro-Corbyn Mouvement a Member vum Nationalcomité, d‘Exekutive vun der Partei.

„Mir brauchen e Wirtschaftsprogramm, deen der Ekonomie nees en Opschwong gëtt, a mir sinn iwwerzeegt esou e Programm ze hunn“, behaapt den Jonathan Lansman. An de Jeremy Corbyn wäert dëse Programm dann och verdeedegen. Heiranner ass d‘Verstaatlechung vun der Eisebunn, dem Waasser an der Energie virgesinn.

Dat déi „Konservativ“ also d‘Torrey-Partei bis ewell net grad de beschten Androck hannerlooss hunn, an d‘Premierministesch an der Partei éischter toleréiert wéi geschätzt gëtt, ass awer keng Garantie fir eng Victoire vu Labour, sollt et zu Neiwahle kommen. Wat bis elo awer sécher ass, dat ass de Brexit. A knapp sechs Méint ass Groussbritannien net méi EU-Member…

mam Pauline Froissart/AFP

Foto: De Labour-Leader: Jeremy Corbyn, stellt sech haut als Kandidat fir d‘Amt vum britesche Premierminister vir. Beim Parteikongress zu Liverpool, muss den Euroskeptiker d‘Militanten nach iwwerzeegt kréien. © Oli Scarff/AFP

Ähnlech Sujeten Brexit, EU, Euroskeptiker, Jeremy Corbyn, Labour
Nächsten Artikel Virrechten Artikel