Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Sozialplang bei Mahle / Mahle-Behr
Kultur Neiegkeeten

Sozialplang bei Mahle / Mahle-Behr

De 6. November waren d‘Gewerkschafte LCGB (Majoritär) an OGBL vun

Neigestaltung vum Knuedler hëlt Form un
Kultur Neiegkeeten

Neigestaltung vum Knuedler hëlt Form un

2020 dierft a villen Hisiichten en mouvementéiert Joer fir d‘Haaptstad

Fir iwwer 3.500 Jonker gi muer d‘Examen un
Kultur Neiegkeeten

Fir iwwer 3.500 Jonker gi muer d‘Examen un

Während muer Méindeg den éischte Grupp vu Butzen nees de

De Lëtzebuerger Kardinol an den Ouschterhues

De Lëtzebuerger Kardinol an den Ouschterhues

Lëtzebuerg, Europa, jo déi ganz Welt geréit aus de Fugen, well déi ufanks „eppes ënnerschätzten“ Epidemie, déi hiren Ulaf an der Milliounemetropol Wuhan, Provënz Hubei, geholl huet, net seriö geholl ginn ass. Haut ass d‘Hallschent vun der Mënschheet vun drakonesche Mesure betraff oder si Regierungen ausgesat, déi de Problem nach net erkannt hunn oder dëse bewosst erofspillen.

Et gëtt kaum ee Land dat seng Grenzen net zougemaach huet, a bei eis ass alles, wat de Mënsch net zwéngend brauch zougemaach ginn. Esouguer d‘Gottesdéngschter fannen nach just am virtuelle Raum oder fir déi eeler um Radio oder op de Tëlee statt. An elo mussen d‘Kierchemänner, och nach déi fir d‘Kierch äusserst lukrativ „Servicer“ zu Ouschteren ausfale loossen. Dat ass net schéin…

Mee de Lëtzebuerger Kardinol Jean-Claude Hollerich, huet sech gëschter mat engem Message u seng Scheewercher gewannt, fir dësen déi traureg Noriicht ze iwwerbréngen, datt ee weder eng „helleg Woch“ nach „Ouschteren“ zesumme kann zelebréieren. Et ass dëst Joer net méiglech sech ze versammele fir den Dout an d‘Operstoung vum Mann aus Nazareth, de Jesus, ze feieren.

Fir d‘Ouschternuecht, déi üblecherweis mat groussem Pomp um Karsamschdeg zelebréiert wéi och fir den Ouschtersonndeg, mussen sech déi stramm kathoulesch Residenten eng Alternativ afale loossen an hei huet de Chef vun der héchster moralescher Instanz am Land e Virschlag. Hien invitéiert all déi Gottesfierchteg sech eng Käerz ze kropen, an déi virun d‘Dier oder an d‘Fënster ze stellen.

Bertelsmann an Internet vermëttelen déi frou Botschaft

An Zäite vum Confinement, wou engem geroden ass doheem ze bleiwen a vun aneren Ofstand ze halen – eppes wat de Kierchemänner, zanter der leschter Pecht net méi ënner komm ass – ass et awer imminent wichteg, de Kontakt zum Glawe-Vollek net ofbriechen ze loossen. An der Kierch zu Brouch bei Miersch, hält dann de Kardinol d‘Ouschtermass an der Live-Iwwerdroung ouni Public.

Just d‘Operateure vu Radio an Tëlee sinn zougelooss, ee Livestream sollt et och ginn. Wien um Sonndegmueren awer sollt domadder beschäftegt sinn d‘Reschter vun der ofgebrannter Käerz ewech ze maachen, dee kann sech nach ëmmer op www.cathol.lu d‘Retransmissioun op d‘Long zéien. Hien huet dann och all d‘Poren opgeruff, ee Sonndeg um Punkt 12 Auer d‘Klacken ze lauden.

Am Wuertlaut vum Bistum heescht et do: „De Klang vun de Klacke wäert eis alueden, ons dem Luefgesang vun der helleger kathoulescher Kierch, un d‘Adress vu Jesus Christus, fir seng Victoire iwwert den Dout ze zelebréieren, unzeschléissen“. De Mann aus Nazareth wäert sech leider net zu Wuert mellen, den Ament herrschen an Israel ganz Streng Ausgangs- a Kontaktspären, heescht et…

Ouni Dogma bass de kee Chrëscht

Fir de Bistum ass et an dësem Kontext awer och wichteg all déi ze erreechen, déi éischter eppes „noutgedrongen“ – also fir ee Begriefnes, eng Kanddaf oder eng Hochzäit – déi gehellegt Haiser opsichen. Jo de Mënsch ass ondankbar an zanter en „Opgekläert“ ass, huet dëse festgestallt, datt d‘Kierch sech zwar eng Renommée a Saache „Priedegte“ gemaach huet, sech selwer awer net drun hält.

Esou gëtt dann erkläert, datt d‘Klacken och als Zeeche vun der Solidaritéit deene géinteniwwer wäerte gelaut ginn, déi sech all Form vun Dout widdersetzen a sech „fir de Schutz vum Liewen an der Kreatioun“ asetzen. Gutt et gëtt sech elo net drop behaapt datt just den Trio: Gott, Jesus (an der Roll vum Bouf) an de Hellege Geescht (an der Roll vum Erzeuger) d‘Welt vum Virus rette kann.

Mee an dësen onsécheren Zäite muss ee gutt halen, datt de Glawen eng Stäip ka sinn. Besonnesch bei eisen eelere Matmënschen, deenen déi vatikanesch Richtlinnen an de Kapp gebrannt gi sinn a sech net zu den Atheisten an Agnostiker zielen dierfen, ass de Seege vu der kathoulescher Kierch wichteg. An esouguer déi „Ongleeweg“, dreeme vum Paradäis, wann se dem „Ferryman“ begéinen…

Illustratioun: © Gift Habeshaw / unsplash

Ähnlech Sujeten Coronavirus, Covid19, Jean-Claude Hollerich, Jesus, Kardinol, Karsamschdeg, kathoulesch Kierch, Operstoung, Ouschtersonndeg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel