Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Kenns du eis Stied genuch fir hei 12 Richteger ze kréien?
Neiegkeeten

Kenns du eis Stied genuch fir hei 12 Richteger ze kréien?

Et gëtt zwar oft gären vun “Der Stad” geschwat, wéi

dislike
Editorial: Netflix a Cannes – Wa Film net gläich Film ass
Neiegkeeten

Editorial: Netflix a Cannes – Wa Film net gläich Film ass

Netflix war an de vergaangene Joer wuel eng vun deenen disruptivste Forcen,

angrytonguecrying
Bei den Oscars ass net alles Gold wat blénkt
Neiegkeeten

Bei den Oscars ass net alles Gold wat blénkt

All Joer, wann d’Oscar-Nominéierungen eraus sinn, ginn et di selwecht

De Kierchbierg um Wee vun der Urbanisatioun

De Kierchbierg um Wee vun der Urbanisatioun

D‘Virstellung vum Bilan vum „Fonds Kirchberg“ dëse Méindeg, ass eng gutt Geleeënheet fir sech en Iwwerbléck vun der aktueller Situatioun ze maachen an ze kucken, wou déi verschidde Projeten, am Kontext vun der Urbanisatioun vum Quartier Kierchbierg, dru sinn.

Wann een op d‘Geschicht vun dësem Quartier zréckbléckt, da muss ee sech bewosst sinn, datt den urspréngleche Gedanken eenzeg dee war, Lëtzebuerg an eng EU-Haaptstad ze verwandelen an de Finanzsecteur unzelackelen. Dat, esou de Constat ass gelongen. Haut ass d‘Zilsetzung eng aner: et wëll een de Quartier elo och mat Liewe fëllen.

Wéi alles ugefaangen huet, war de Kierchbierg vun enger eenzeger Schnellstrooss duerch „Wisen“ ugeschloss, a säin Accès war eleng iwwert de Bricherhaff a de Weimeschhaff méiglech. Deemools huet nach kee vu Vëlospistë geschwat, den Tram huet nach net emol an de Käpp bestanen.

Déi éischt Gebaier sinn an de 60er Joren um Kierchbierg aus dem Buedem gewuess. Institutiounen a Banken, waren dat éischt wat hei gebaut ginn ass, an et sollt bis an d‘90er Jore brauchen, bis et och zum Bau vu Logementer komm ass. Säit elo gutt 10 Joer, ass de Fonds Kirchberg beméit dem Quartier Liewen anzehauchen, an et gëtt wou et nëmme geet Wunnenge gebaut.

E Quartier mat héijer Liewensqualitéit

De Nohaltegkeetsminister François Bausch (déi gréng) huet dann och betount, datt sech d‘Gesiicht vun dësem Quartier verännert. De Kierchberg soll mat flotte Konzepter opgewäert ginn, Plaze geschafe ginn déi d‘Wunnen hei liewenswäert maachen.

An esou kann ee gesi wéi Spillplazen a Parken entstinn. Déi verschidde Wunngebidder sinn duerch Vëlospiste an Trëppelweeër verbonne. An awer muss een, trotzt all den Efforten déi gemaach ginn, sech a Gedold faassen, iert de Kierchbierg mat deem Liewe gefëllt gëtt, dat een sech hei erwaart. Aktuell schaffen zéng mol méi Leit um Kierchbierg, wéi der do wunnen (3.600 géint 40.600).

Wann ee mat der Entwécklung esou viru kënnt wéi dat gewollt ass, da sollte laangfristeg eppes iwwer 22.000 Leit um Kierchbierg wunnen, woubäi een dervunner ausgeet, datt bis dohinner och ronn 64.000 Leit hei schaffe wäerten. E „Gläichgewiicht“ kann deemno net erreecht ginn.

D‘Entwécklung vum Quartier Kierchbierg ass awer net méi opzehalen. Woubäi et eng Rei eeler Gebaier gëtt, déi dëser Entwécklung am Wee stinn. Esou d‘Gebai „Schuman“ an deem den éischte Plenarsall vum Europaparlament ënnerbruecht war. Mee och den Terrain vun der LuxExpo géif ee gären anescht notzen, an de Minister géif et begréisse wann d‘Foire géif plënneren.

Wann net um Kierchbierg, wou dann?

Fir de François Bausch ass dann och eng Struktur wéi d‘LuxExpo op dëser Plaz schlicht onsënneg. Hie wëll gutthalen, datt viru 15 bis 20 Joer, d‘Foire duerchaus seng berechtegt Plaz um aktuelle Standuert hat, well näischt ronderëm an d‘Entwécklung vum Quartier nach zweetrangeg war.

Hien ass haut awer iwwerzeegt, datt et dem Quartier géif déngen, wat dësen Terrain urbaniséiert géif ginn. Wunnengen, Geschäfter an Déngschtleeschtunge wieren éischter ubruecht wéi d‘Foire. An de François Bausch mengt datt och de Wunnengsbauminister Marc Hansen (DP) dës Iddi net verwerft. Hei wieren dann och e puer Ministère mat der sich no Alternative beschäftegt.

Woubäi ee muss bedenken, datt wann sech Lëtzebuerg doriwwer freeë kann, datt de sougenannten „Kongresstourismus“ ëmmer weider zouhëlt, eng Struktur wéi LuxExpo wichteg ass fir deem gerecht ze ginn. Et kann een also net d‘Foire ofrappen, bis eng nei gebaut ginn ass.

Elo gëtt en neie Konzept vu Gebai behäerzegt. Eng Struktur déi Wunnraum flexibel gestalte kann, an och partiell kommerziell genotzt ka ginn. Fir grouss Evenementer awer ass hei keng Plaz méi. Wouhinner d‘LuxExpo dann awer plënnere sollt, doriwwer schéngt sech nach keen esou wierklech Gedanke gemaach ze hunn. Dat gëtt eng Aufgab fir déi nächst Regierung…

Ähnlech Sujeten Fonds Kirchberg, François Bausch, Kierchbierg, LuxExpo, Urbanismus
Nächsten Artikel Virrechten Artikel