Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

US-Vergeltungsschlag géint d‘Hezbollah
International Stories

https://moien.lu/seventy-thirty-dating-agency-reviews/

Nom Doud vun engem amerikaneschen Zivilist beim engem Rakéitenugrëff op

american dating convention
International Stories

2017 war e gutt Joer fir Fraen am Kino

  D’Golden Globes sti virun der Dier. An anescht wéi

Däi Prozessor kéint e Sécherheetsfeeler hunn – an d’Hiersteller wousste Bescheed!
International Stories

Däi Prozessor kéint e Sécherheetsfeeler hunn – an d’Hiersteller wousste Bescheed!

2018 fänkt jo gutt un: et soll e grondleeënde Feeler

Déi tschechesch Kommuniste wëllen de Kierchen Steieren operleeën

Déi tschechesch Kommuniste wëllen de Kierchen Steieren operleeën

D‘Kierchen an der tschechescher Republik si revoltéiert, well déi kommunistesch Partei de Projet huet, Steieren op d‘Gidder vun der Kierch, déi dës eréischt nom Niddergang vum Kommunismus am Joer 1989 zeréckerhalen huet, ze erhiewen.

Mat Bezuch op e Gesetz vun 2012 an den Accorden déi et mat der tschechescher Regierung gëtt, hu 17 Konfessiounen d‘Recht Gidder am Wäert vu ronn 75 Milliarde Krounen (2,9 Milliarden Euro) zeréckzekréien. Déi ware vum kommunistesche Regimm nom zweete Weltkrich saiséiert ginn.

Ënnert dëse Gidder kann een notamment déi prächteg barock Kierch vun Zelena Hora (Zentrum), an d‘Schlass vu Kromeriz (Osten) datt vun der UNESCO op d‘Lëscht vum Welt-Patrimoine gesat ginn ass. Dozou kommen nach emol ronn 40.000 Hektar Land, zu deene Séier, Wäibierger oder Bëscher gehéieren, déi der Kierch schonn iwwerdroe gi sinn.

D‘Kierch soll och eng Kompensatioun an Héicht vu 59 Milliarde Krounen (2,3 Milliarden Euro) iwwer 30 Joer erhalen, fir déi Gidder déi d‘Regierung net méi kann zréckginn.

19% Steieren

Déi kommunistesch Partei schléit elo vir, ab 2019 d‘Akommes vun dëser Entschiedegung mat 19% Steieren ze beleeën. Hiert Argument: de Niveau vun der Réckerstattung ass exzessiv. An si gutt Chancen de Gesetzprojet duerchzekréien. Hir 15 Mandater stëtzen d‘Minoritéitsregierung vum Premierminister Andrej Babis, deen en Donneschdeg e Mësstrauensvott iwwerstanen huet.

„Dat schued esouwuel de Kierchen wéi der Gesellschaft“, iergert sech den Paschtouer Stanislav Pribyl, Generalsekretär vun der kathoulescher tschechescher Bëschofskonferenz. „Wéi kann een eng Steier op dat festleeën? Mir als Kierch sinn de Creancier an de Staat ass den Debiteur. Dat ganzt ass verréckt“.

Sengerzäit vun der URSS imposéiert, huet déi kommunistesch Partei d‘Tschechoslowakei tëscht 1948 an 1989 d‘Land geleet. Den 1. Januar 1993 huet sech d‘Tschechoslowakei opgespléckt an déi tschechesch Republik an d‘Slowakei.

An de Paschtouer huet Méi sech ze berouegen: „D‘Kommunisten hunn ni mat hirer Vergaangenheet gebrach. Si hu grousse wirtschaftleche Schued ugeriicht, d‘Liewen an d‘Gesondheet vun de Leit ruinéiert. A wann déi leit elo eng Steier op d‘Entschiedegung, déi nëmmen eng Plooschter op der Wonn vun der Ongerechtegkeet ass, erhiewen, muss een dat als skandaléis veruerteelen“.

Wou ass de Skandal?

De kommunisteschen Deputéierte Vladimir Konicek, ee vun den Auteure vum Gesetzprojet, weist drop hin, datt a bestëmmte Fäll, d‘Kierch juristesch géint Gemenge virgeet, an dat bei Litigen déi Gebaier an Terraine betreffen, déi schonn duerch d‘Entschiedegung ofgedeckt sinn.

Fir hie steet fest datt: „Dat wat skandaléis ass, de Montant ass! Zu gudder Lescht géifen d‘Kierchen esou d‘Entschiedegung kréien, a wann hinnen d‘Geriicht Recht zousprécht, erhalen se och nach d‘Gidder. Also kréien se dat duebelt“.

Am Juni hat de populistesche Premierminister, selwer e fréiere Member vun der kommunistescher Partei an den 80er Joren, duerchklénge gelooss, datt hie mat dësem Gesetzprojet, deen de Kierchen eng héich Steier operleet, kee Problem huet.

De Milliardär, dee säi Räichtum am Landwirtschaftssecteur, der Chimie an de Medien, opgebaut huet, iert hie seng populistesch Partei ANO 2011 gegrënnt huet, steet am Verdacht bei Subventioune gefuddelt ze hunn. E Fait deen den Andrej Babis bestreit. Hie bestreit zudeem d‘Beschëllegung en Agent vun der geheimer kommunistescher Police virun 1989 gewiescht ze sinn.

En internationalen Audit

Mat der Ausso, datt d‘Kompensatioun déi de Kierchen ugebuede ginn ass „54 Milliarde Krounen iwwert den eigentleche Wäert läit“, besteet de Premierminister, deen tëscht 2014 an 2017 selwer Finanzminister war, op d‘Erhiewung vun eben dëse Steieren.

Wat den ermëttelte Wäert vun der Entschiedegung betrëfft, esou stellt de Paschtouer Pribyl fest, datt dee vun engem internationalen Audit festgeluecht ginn ass. „Ech ka mir eng Revisioun vum Gesetz einfach net virstellen“, esou de Kierchemann deen de Gesetzprojet als „net pertinent“ bezeechent.

Mat iwwer enger Millioun Gleeweger, stellen déi romanesch Katholiken déi gréisste reliéis Grupp an engem Land dat a senger Majoritéit laizistesch ass. Déi Gleeweg sinn an dësem Land mat 10,6 Milliounen Awunner an de Minoritéit. Bei der leschter Erhiewung (2011) hunn sech 3,6 Millioune Leit als „net gleeweg“ ze erkenne ginn, 5 Millioune Bierger hunn d‘Case „Relioun“ eidel gelooss.

De Sujet gëtt och an de nationale Medie breetgetrëppelt an eng ganz Rei Kommentare bezéie Stellung fir d‘Kierchen. Esou och de populären Zeechner Miroslav Kemel, deen den Andrej Babis an enger Karikatur zolidd op d‘Schëpp geholl huet.

Dat wéinst sengen 2 Milliounen EU-Subventiounen, déi sengem landwirtschaftleche Betrib Stork Nest, zougesprach goufen, net awer berechtegt waren. An enger Zeechnung vum Kemel erzielt e Paschtouer dem Babis: „Et ass esou, wéi wann dir Bréissel géift déi zwou Millioune Subventiounen erëmginn, an uschléissend der EU eng Steier op dës Zomm operleet“.

mam Jan Flemr/AFP

Foto: Geldspenden am Ossuarium vun der Kapell ënnert der Kierch vun allen Hellegen zu Sedlec, engem Viruert vu Kutna Hora. Sollt et an der tschechescher Republik derzou kommen, datt d‘Kierchen eng Steier an Héicht vun 19% op d‘Entschiedegung, déi si fir d‘Enteegnung vun hire Gidder duerch de kommunistesche Regimm erhalen hunn, muss bezuelen, da muss méi déif an d‘Täsch gegraff ginn. © Michal Cizek/AFP

Ähnlech Sujeten Andrej Babis, Kierch, Kommunisten, Steieren, Tschechesch Republik
Nächsten Artikel Virrechten Artikel