Search

You may also like

What the Fakt – Dajee, Rock den Amadeus!
Kultur Neiegkeeten

What the Fakt – Dajee, Rock den Amadeus!

Den éisträichesche Sänger a Komponist ass den éischten däitschsproochege Museker,

Schoul eleng ass keng Preparatioun op d’Liewen
Kultur Neiegkeeten

Schoul eleng ass keng Preparatioun op d’Liewen

Méi wei 10.000 jonk Leit vu méi wei 150 Länner

Chrëschtdag schonn eppes vir? Wéi wier et mam Zürecher Bal?
Kultur Neiegkeeten

Chrëschtdag schonn eppes vir? Wéi wier et mam Zürecher Bal?

No deem risegen Erfolleg 2018, organiséiert de Studentencercel vun Zürech

Een neit musikalescht Highlight: De Kleeschen huet de Blues!

Een neit musikalescht Highlight: De Kleeschen huet de Blues!

D’Gemeng Koplescht huet nees ee musikaleschen Highlight ze presentéieren, an dat ënnert dem Numm „De Kleeschen huet de Blues“. Um 7. Dezember wäerten eng Rei Bands a lokal Artisten optrieden, fir de Publique un dësem Owend mat hire melodesche Blueskläng ze faszinéieren.

Schonn ëmmer huet d’Gemeng Koplescht vill op d’Talenter a lokal Artisten aus alle Genren gesat. Dëst Joer ass et un der neier Asbl, déi sech „Kulturasbl“ nennt, fir Kleeserchersdag ee musikaleschen Owend ze organiséieren. Dësen Event, wou och de Kleeschen op seng Käschte komme wäert, huet folgende Programm ze bidden:

20:30 Auer: Thunder Road
21:30 Auer: Crossroads & Irina
22:30 Auer: Fred Barreto Group
23:30 Auer: Little Blues Band

Wien mat dobäi well sinn sollt sech den Owend am Centre Wirtspesch (8, rue de Mersch zu Koplescht) um 20:00 Auer afannen. De Präis pro Ticket läit bei 10 € pro Persoun, an dat an der Oweskeess. No 23:30 Auer klengt den Owend mat de Kläng vun der Little Blues Band of. Ee perfekten Ofschloss vun dësem Blues-Concert.

Zu de Bands

Thunder Road

D’Lëtzebuerger Blues-Grupp ass 2016 gegrënnt ginn an huet schonn op alle bekannte Bühnen an eiser Géigend Gespillt, dorënner beispillsweis den 112 zu Terville oder de Blues Express zu Lasauvage.

De Kleeschen huet de Blues

Crossroads & Irina

Am September 2016 huet d’Irina Holzinger sech zur Grupp Crossroads dobäi gesellt. D’Chimi tëscht der Band an der Sängerin huet vun Ufank un super gepasst. Nodeems si hir musikalesch Talenter a leschter Zäit verdéift hunn kann ee sech de 7. Dezember op d’Friichte vun dëser Kooperatioun freeën!

De Kleeschen huet de Blues

Fred Barreto Group

De brasilianesche Fred Barreto ass aktuell ee vun de spektakuläerste Gittaristen am Beräich Blues a Rock aus der Groussregioun. Am Alter vu 17 Joer huet hien seng éischt Gittar ugepaakt, duerno goung et steil Bierg op. A Länner wéi Brasilien oder d’USA ass hien ee vun de gefroteste Museker. Nom Montreux Jazz Festival 2005 huet hien decidéiert an Europa ze bleiwen. Doropshin huet sech den haitegen Trio gegrënnt den de Publique mat groussem musikaleschen Talent begeeschtert.

De Kleeschen huet de Blues

Related topics Blues, De Kleeschen huet de Blues, Kleeserchersdag, Koplëscht, Musék
Next post Previous post