Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wat iech dëse Sonndeg am Minettpark gebuede gëtt
Neiegkeeten

Wat iech dëse Sonndeg am Minettpark gebuede gëtt

Dëse Sonndeg 28. Juli fënnt am Minettpark zu Déifferdeng déi

Kréie mir déi Nordstad vun där ëmmer rieds ass?
Neiegkeeten

Kréie mir déi Nordstad vun där ëmmer rieds ass?

De 14. Februar hat d‘Inneministesch Taina Bofferding (LSAP) d‘Schäfferéit vun

Den Atelier: Ganz vill Häerz, ganz vill Dean Lewis!
Neiegkeeten

Den Atelier: Ganz vill Häerz, ganz vill Dean Lewis!

Et geet nees viru mam musikalesche Repertoire. Um Programm gëschter

De klenge Prënz vu Lëtzebuerg duerft d’Maternité verloossen

De klenge Prënz vu Lëtzebuerg duerft d’Maternité verloossen
© Cour grand-ducale / Sophie Margue

© VDL Fotothéik / Charles Soubry
De klenge Prënz vu Lëtzebuerg duerft d’Maternité verloossen
© VDL Fotothéik / Charles Soubry
De klenge Prënz vu Lëtzebuerg duerft d’Maternité verloossen
© VDL Fotothéik / Charles Soubry

Gëschter huet S.A.R. d’Ierfgroussherzogin Stéphanie, zesumme mam Prënz Charles dierfen d’Maternité verloosen. Am fréie Mëtteg hu S.A.R. den Ierfgroussherzog Guillaume an d’Stater Buergermeeschtech Lydie Polfer offiziell den Acte de Naissance vum Prënz Charles vu Lëtzebuerg ënnerschriwwen. Zu dëser Geleeënheet huet d’Lydie Polfer de frësch gebaakten Elteren fir hiert éischt Kand alles Guddes gewënscht.

Um Sonndeg den 10. Mee 2020 ass de Charles Jean Philippe Joseph Marie Guillaume an der Maternité Grande-Duchesse Charlotte op d’Welt komm. Den Nowuess steet direkt hannert sengem Papp an der Trounfolleg.

An dësem freedege Kader huet d’Buergermeeschtech dem Ierfgroussherzog Guillaume ee Cadeau fir de klenge Prënz, der Ierfgroussherzogin Stéphanie ee Bouquet Blummen iwwerreecht.

Kuerz no der Gebuert huet déi groussherzoglech Koppel den Nowuess per Video-Konferenz ze gesi kritt. Gëschter hu Mamm a Kand d’Spidol dierfe verloossen, d’Ëffentlechkeet krut de Prënz Charles eng éischt Kéier méi no ze gesinn.

D’Billergalerie fannt Dir uewen – Andréck vum Verloosse vun der Maternité © Cour grand-ducale / Sophie Margue; Ënnerzeechne vum Acte de Naissance ©  VDL Fotothéik / Charles Soubry; Video © Cour grand-ducale / FreeLens TV

Ähnlech Sujeten Acte de Naissance, Charles Jean Philippe Joseph Marie Guillaume, Elteren, Gebuert, Ierfgroussherzog Guillaume, Ierfgroussherzogin Stephanie, Lydie Polfer, Maternité, Prënz Charles, Spidol
Nächsten Artikel Virrechten Artikel