Search

You may also like

Eis digital Welt ass riseg a komplex. Zum Gléck gëtt et dëst Buch, fir der se ze erklären
International Neiegkeeten

Eis digital Welt ass riseg a komplex. Zum Gléck gëtt et dëst Buch, fir der se ze erklären

De Schlecky Silberstein huet seng steil These gären, dat muss

Les Amies de Gambie: Dem Leed eppes entgéint setzen
International Neiegkeeten

Les Amies de Gambie: Dem Leed eppes entgéint setzen

Zanter 2002 leet d‘Sia Jongeneel d‘Asbl „Les Amis de Gambie“

surprise
Dank dësem Partenariat fanne méi Leit eng Aarbecht
International Neiegkeeten

Dank dësem Partenariat fanne méi Leit eng Aarbecht

Déi éischt Editioun vum Programm: „Entreprisen, Partner fir d’Aarbecht“, deen

De Klimasommet gëtt zu Madrid ofgehalen

Elo heescht et eng Klimaaktivistin ouni Fliger mat Zäiten iwwert den Atlantik verfrachten

De Klimasommet gëtt zu Madrid ofgehalen

Nodeems de Klimasommet COP25 wéinst den Onrouen am Chile huet misse geplënnert ginn, an déi fréier däitsch Haaptstad Bonn net zréckbehale ginn ass, fënnt de ganz Spektakel elo zu Madrid statt. Fir déi ronn 25.000 Participante bréngt dat elo eppes Kappzerbrieches mat sech.

Et ass d‘Klimasekretariat vun de Vereenten Natiounen (UNFCCC) zu Bonn dat gëschter bestätegt huet, datt de Sommet wéi virgesi vum 2. bis 13 Dezember ofgehale gëtt, datt allerdéngs an der spuenescher Haaptstad. De spuenesche Ministerpresident huet d‘Entscheedung begréisst an ugekënnegt, datt ee sech direkt un d‘Aarbecht mécht fir den Erfolleg vum Sommet sécherzestellen.

Véier Wochen hunn d‘Spuenier Zäit fir d‘Konferenz ze organiséieren. Dat ass wéineg wa gewosst ass, datt ee soss zwee Joer Zäit huet fir esou e Sommet ze veranstalten. Bis zu 25.000 Leit ginn hei erwaart an déi brauchen all e Bett. De Verband vun den Hotelièren huet awer gemengt, dat mat der Kapassitéit vu ronn 90.000 Better, zumindest d‘Ënnerbréngung vun den Deelhueler geséchert ass.

MadridGrond fir dee ganze Stress sinn d‘Onrouen déi den Chile, wou de Klimasommet eigentlech sollt ofgehale ginn, am Grëff huet. Bei regierungskritesche Masseprotester huet et Doudeger a dausende Festname ginn. De President Sebastian Pinera kann de reiwungslosen Oflaf vun der COP 25 an dem APEC-Sommet net méi garantéieren an huet sech entschloss béid Konferenzen ofzesoen.

An Däitschland ass een ugesiichts der Offer vu Madrid erliichtert. Bonn war als „Ersatz“ genannt ginn, och wëll den UN-Klimasekretariat hei säi Sëtz huet. Virun zwee Joer war déi fréier däitsch Haaptstad schon emol agesprongen, sengerzäit fir d‘Fidschi. Aus dem Ëmweltministère heescht et: „Zu Bonn wier dat esou kuerzfristeg logistesch net méiglech gewiescht“. D‘Spuenier sinn erfreet.

Ëmdenken ass ugesot

Net esou erfreet dierfte vill Delegatiounen a Vetrieder vun der Zivilgesellschaft sinn. Dat d‘COP25 verluecht gëtt bedeit, datt si op den Fluch- an Hotelskäschte „sëtze“ bleiwen. Vill vun hinnen hunn dann och net d‘Ressource fir sech d‘Rees zu engem alternative Veranstaltungsuert ze finanzéieren.

Elo ass d‘Weltklimakonferenz awer ee vun de bedeitendste Sommeten deen organiséiert gëtt, an entspriechend Opwand mat sech bréngt. D‘COP25 ass „wichteg“ well et nach ëmmer drëms geet d‘Ëmsetzung vum Paräisser Ofkommes iergendwéi hinzekréien. Géif sech d‘Welt un den Accord halen, besteet d‘Méiglechkeet d‘Äerderwiermung op 2°C ze begrenzen. Dofir gesinn se sech…

MadridBei der COP25 – déi dann elo zu Madrid ausgedroe gëtt – soll en ënner anerem dorëms goen, ënner wei enge Konditiounen d‘Natioune mat Verschmotzungsrechter handele kënnen. Bis zum haidegen Dag kann een allerdéngs kee „Weltklimasommet“ als wierklech erfollegräich bezeechnen. Et si wuel Fortschrëtter erziilt an och deels Asiicht erreecht ginn, mee wierklech virukomm si mir net.

An och dem Greta Thunberg, datt extra iwwert den Atlantik gesegelt ass, fir ënnert anerem un der Klimakonferenz deel ze huelen, kënnt d‘Programmännerung net entgéint. Fléien ass fir d‘Knetzel keng Optioun an elo sicht et eng Méiglechkeet am November iwwert den Atlantik Spuenien ze erreechen. D‘Klimaaktivistin huet via Twitter en Appell lancéiert, deen hoffentlech gehéiert gëtt.

mat indymedia/cgn/mad

Related topics Chile, COP25, Greta Thunberg, Madrid, Onrouen, Weltklimasommet
Next post Previous post