Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Déi zweet Staffel vu Glow kënnt am Juni!
https://moien.lu/dating-utrecht/

Déi zweet Staffel vu Glow kënnt am Juni!

GLOW ass eng vun deenen aussergewéinlechste Serien, déi Netflix am

https://moien.lu/desperate-dating-texts/
https://moien.lu/dating-utrecht/

my parents are against dating

Et ass eng bescheide Commemoratioun, déi haut a Russland dem

Home and Living – Alles zum Thema Wunnen an Ariichtung
https://moien.lu/dating-utrecht/

Home and Living – Alles zum Thema Wunnen an Ariichtung

Vum 13. bis den 21. Oktober kann een an der

De Klimawandel elo stoppen: Meenungsiwwersiicht

De Klimawandel elo stoppen: Meenungsiwwersiicht

Nom Artikel iwwert Conclusioune vum Spezial Bericht vun IPCC hunn verschidde Kreesser sech zesumme gedoe fir no Léisungen ze sichen. Fest steet, d’Temperatur dierf maximal ëm 1,5° Celsius klamme bis 2030 a kee Grad méi!

Eng Erhéijung vun der Temperatur gesäit op den éischte Bléck net dramatesch aus. Nom Bilan vu Greenpeace kann 0,5°C awer schonn ee risegen Impakt op eise Planéit hunn. Beispillsweis ginn doduerch iwwert 10 Millioune Mënsche vum steigende Mieresspigel bedreet, et wäerten 10 Mol méi Mënsche vu mangelhafte Rekolte betraff sinn an et gëtt all Joerzéngt een äisfräie Summer an der Arktis, amplaz all Joerhonnert.

„Et ass eng grouss Erausfuerderung, mee si ass méiglech. Wäerte mir et rechtzäiteg hikréien? Kee weess et. Wouropper et elo ukënnt ass, datt mir eis dofir entscheeden, de Klimaschutz zu eiser absoluter Prioritéit ze maachen. Nëmmen dann hu mir d’Chance, eis virun dene schlëmmen Auswierkungen ze schützen, déi laut Aussoe vun der Wëssenschaft mat enger Temperaturerhéijung vun 1,5 Grad verbonne wieren. Deijéineg, déi behaapten, datt et onrealistesch ass, ginn de Mënsch, Natur an eisen eenzegaartege Planéit op. Mir wäerten dat net akzeptéieren. Mir zielen op de mënschlechen Aarteräichtum, op Courage an Hoffnung géint politesch Apathie a Profitgier vu Firmen. Mir dierfen eis nimools opginn“, appelléiert Martina Holbach, vu Greenpeace.

Greenpeace, déi Lénk an Nohaltegkeetsministère – de Verglach

Et ginn eng Rëtsch Moossnamen, wou sech all d’Parteien eeneg sinn. Generell muss weltwäit un den aktuelle Klimaschutzziler festgehale ginn. De Verbrauch un fossille Brennstoffer soll bis 2030 halbéiert a bis 2050 wa méiglech ganz ofgeschaaft ginn. Fir dëst Ziel ze erreeche soll laut de Lénken an dem Ministère 100% erneierbar Energië gefuerdert ginn, virun allem am Beräich vum Transport.

Greenpeace freet een direkten Effort vun eis all. Si proposéiere Moossnamen zur Dekarboniséierung: De Kuelendioxidofbau kann duerch d’Erhalen an néit Uleeë vu Bëscher méi schnell viru gedriwwe ginn. Donieft ginn et dann nach BECCS (Bioenergy Coupled with Carbon Capture an d’ Storage), déi an d’Realitéit ëmgesat musse ginn.

Mee och am private Beräich kënne mir duerch eng Verännerung vun eisen Iessgewunnechten der Natur hëllefen, andeems den Nahrungsverloscht an Offallproduktioun verréngert gëtt. Mir musse schütze wat mir hunn. D’Stied sollen dobäi mat guddem Beispill vir goen.

Déi Lénk hunn hire Programm mat Hëllef vum IPCC opgestallt a weisen eng Rei individuell a konkret Moossnamen op, déi bei Greenpeace an dem Ministère net ze fanne sinn. Villes dovu bezitt sech op de Finanzsecteur.

Zousätzlech zu de schonn ernimmten Aktioune fuerdert d’Partei zousätzlech Stéiere fir den ekologeschen an energeteschen Iwwergang ze finanzéieren. Och de private Secteur muss mat abezu ginn. Lëtzebuerg muss vum Tanktourismus a vum Diesel fortkommen, wat duerch héich Taxen op schuedstoffbelaaschten Autoen erreecht soll ginn. Och a gutt thermesch Isolatioune bei Wunnhaiser soll investéiert ginn.

Am Wirtschaftleche Beräich fuerderen déi Lénk direkt Stéiere fir d’Firme mat engem Bonus-Malus System fir den sozio-ekologeschen Iwwergang ze stimuléieren. Donieft mussen nei Schaffplaze mat sozialem an ekologeschem Ziel geschaaft ginn. Da sollen och d’Investissementskritäre vun de Pensiounsfonge reforméiert ginn, fir sou Firmen auszegrenzen, déi fossil Energien notzen.

Klimawandel

De Lëtzebuerger Nohaltegkeetsministère deelt säi Programm op den nationalen a globalen Niveau op. Prioritéit läit op der Mobilitéit, der Energie an der Landwirtschaft.

Op nationaler Basis muss Transportpolitik nei orientéiert ginn. Den Transport soll an Zukunft mat ausschliisslech 100% erneierbarer Energie erméiglecht ginn. Dofir muss d’Wand- a Sonnenenergie gefuerdert ginn, wou Lëtzebuerg an de leschte Jore scho vill Fortschrëtter gemaach huet.

Zousätzlech well de Ministère an Zukunft gréng Start-Ups ënnerstëtzen. Hei ass schonn een Partenariat mam Bertrand Piccard ënnerschriwwe ginn. Fir d’Period vun 2014 bis 2020 huet eist Land sech mat ganzer 120 Milliounen Euro Finanzhëllef fir de Klimaschutz engagéiert.

Generell fuerdert de Ministère awer och konkret Gesetzer zum Klimaschutz, mat obligatoresche Moossnamen an engem genaue Plang, wéini wat gemaach muss ginn. Eis sozial Gesellschaft muss och un de verschiddene Schrëtter deelhuelen an hëllefen d’Recherche an d’Innovatioun ze encouragéieren.

Global gesi fuerderen si méi éiergäizeg Zieler am Beräich vun den erneierbaren Energien an hirer Effektivitéit. Dofir mussen all d’Membere vun Europa detailléiert Klimapläng opstellen. Et muss weltwäit méi Éiergäiz gewise ginn an eng kloer an transparent Reegelung erstallt ginn.

Wéi eng Moossnamen elo wierklech hëllefe ka keen sou genau soen. Wichteg ass awer, datt mir all sou schnell wei méiglech handele fir de Klimawandel ze stoppen. Am Endeffekt sinn mir herno alleguer Betraff a mussen HAUT ufänken eise Planéit schützen.

Déi detailléiert Programmer fannt Dir hei:

Greenpeace déi LénkNohaltegkeetsministère

Ähnlech Sujeten déi lénk, Ëmwelt- a Klimapolitik, Greenpeace, Klima, Klimaschutz, Klimawandel, Nohaltegkeetsministère
Nächsten Artikel Virrechten Artikel