Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Schéisserei zu Philadelphia: E mann huet op d‘Police geschoss a sech verbarrikadéiert
Neiegkeeten

Schéisserei zu Philadelphia: E mann huet op d‘Police geschoss a sech verbarrikadéiert

Op de Biller an der Tëlee ass e Groussasaz vun

SALUT SALON – Wat Dir schonn ëmmer iwwert d’Léift héiere wollt…
Neiegkeeten

SALUT SALON – Wat Dir schonn ëmmer iwwert d’Léift héiere wollt…

Am Programm vu SALUT SALON dréit sech alles ëm dat

Kenns du d’Jumelagen zu Lëtzebuerg gutt genuch, fir dëse Quiz ze packen?
Neiegkeeten

Kenns du d’Jumelagen zu Lëtzebuerg gutt genuch, fir dëse Quiz ze packen?

Di meescht Stied a vill Uertschaften zu Lëtzebuerg hu Jumelagen

De Kollektivcongé bleift eis erhalen

Ënnerschiddlech Termäiner fir ënnerschiddlech Beruffsgruppen

De Kollektivcongé bleift eis erhalen

Gläich ass et nees esouwäit an op eise Stroosse wäert et – zumindest wat de Beruffsverkéier betrëfft – nees eppes méi geraimeg ginn. De Grond ass denkbar einfach, de Kollektivcongé dréit ab dem nächste Samschdeg nees zur Verkéiersberouegung bäi.

Fofzéng Schaffdeeg oder dräi Wochen, dat ass de Mindestzäitraum deen an verschiddene Secteure muss den Aarbechter zougestane ginn. D‘Aarbechter aus dem Bau- a Stroossebausecteur sinn déi éischt. Hire Kollektivcongé fänkt e Freideg de 26. Juli un a leeft bis den 18. August. Duerno ass et un den Installateuren, Elektriker an ähnleche Beruffer. Hir Vakanz geet vum 3. bis de 26. August.

Vum Kollektivcongé sinn zu Lëtzebuerg eng 18.000 Salariéeë betraff, de schwaarze Péiter hunn déi wou de Patron eng Ausnamegeneemegung kritt huet, wéi beispillsweis d‘Luxtram, woubäi et do jo awer zolidd Argumenter gëtt. Mee do wou un oder a Schoule geschafft gëtt, wéi och a Spidäler, hu bestëmmte Mataarbechter keen Usproch op dëse Kollektivcongé. Dat alles ass gesetzlech gereegelt.

Elo ass et allerdéngs och esou datt sech d‘Patronat esou guer net kann iwwert den opgezwongene Kollektivcongé freeën. An et ass bäi wäiten net nëmmen de Groupement vun de Patronen aus dem Bausecteur dee sech un dëser Zwangspaus stéisst. Et gëtt och eng Rei politesch Vertrieder déi dësen antiquéierte System wéilte lass ginn. Allerdéngs wëllen déi sech net mat de Gewerkschaften uleeën.

Foto: „Komm Hues, elo ass Congé… och fir dech“. Fir vill Aarbechter ass de Kollektivcongé scho wéinst de Kanner wichteg. Esou gëtt séchergestallt, datt d‘Elteren och da Congé hunn, wann et keng Schoul gëtt.

Ähnlech Sujeten Bausecteur, Congé, Kollektivcongé, Vakanz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel