Jury befënnt: wäisse Polizist zu Chicago ass e Mäerder
E wäisse Polizist vu Chicago ass e Freideg fir de
E wäisse Polizist vu Chicago ass e Freideg fir de
Ënnert 250 Kandidate konnten sech déi schéinst a bescht 17
D‘Nummer 5 vum „de Konsument“ ass eraus an d‘ULC huet sech hei op e neits en Rei Themen erausgesicht, déi eis als Konsumenten direkt betreffen. An dëser Ausgab ginn déi wichteg Sujete vun der politescher Aktualitéit behandelt, woubäi de Konsument ëmmer am Mëttelpunkt steet.
Esou beschäftegt sech „de Konsument“ och mat den Europawahlen a presentéiert senge Lieser d‘Erwaardungen déi d‘ULC un dat neit EU-Parlament huet. Deem seng „Mandataire“ gi jo dëse Sonndeg gewielt, sechs dovunner aus Lëtzebuerg. Dëse Kontingent huet wuel nëmmen e begrenzten Afloss mee d‘Vergaangenheet huet gewisen, datt perséinlecht Engagement och seng Wierkung huet.
Als weidere Sujet: de Logement, an hei déi sougenannte „Vente à fonds perdus“, fir déi eng Rei Promoteure grouss Reklamm maachen. Stellt sech just d‘Fro: „Lount et sech fir de Verkeefer?“ Op dës Fro, wéi och eng Erklärung zu de Gefore bei esou enger Vente, geet „de Konsument“ an.
Fir d‘Rubrik „Menage“ ass sech dem energeteschen a nohaltegen Assainissement vun der Wunneng ugeholl ginn. Hei geet vill Erklärungen zur Berodung, de staatleche Subventiounen an villes méi. E Volet ass der Verkéierssécherheet gewidmet: „de Konsument“ geet nach emol detailléiert op déi nei Campagne: „Strooss ass keng Rennstreck!“ an. A wéi ëmmer gëtt eng Rubrik fir d‘Jugend.
Am grousse Ganze wier et dat vun eiser Säit, mir invitéieren iech dëser Publikatioun eppes Zäit zouzegestoen, a falls fir nach net Member vum Konsumenteschutz sidd: „déi eenzeg Investitioun vu 70 Euro mat Gewënngarantie“… gutt dat ass elo tatsächlech eis Meenung, mee mir stinn derzou.