Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wat en Theater! Wéi gutt kenns du de Lëtzebuerger Theater?
Neiegkeeten

Wat en Theater! Wéi gutt kenns du de Lëtzebuerger Theater?

Den Theater kann zu Lëtzebuerg op eng laang Traditioun zeréck

Brexit: London fänkt u Bréissel op de Sak ze goen
Neiegkeeten

Brexit: London fänkt u Bréissel op de Sak ze goen

En Donneschdeg huet déi britesch Premierministesch Theresa May zu Bréissel

Europawahlen 2019: D‘Zäit vun de Spëtzekandidaten ass eriwwer
Neiegkeeten

Europawahlen 2019: D‘Zäit vun de Spëtzekandidaten ass eriwwer

Europa muss sech an de Grëff kréien, wann et soll

„de Konsument“ vum Abrëll: Europa stäerkt d‘Rechter vun de Konsumenten

„de Konsument“ vum Abrëll: Europa stäerkt d‘Rechter vun de Konsumenten

Déi nei Ausgab vum „de Konsument“ vum Konsumenteschutz (ULC) ass erschéngen, an et ass wéi ëmmer eng wichteg an informativ Lecture déi iech hei erwaart. A wann een, wéi et e Spréchwuert undeit, scho senges eege Gléck Schmadd ass, ass e gutt beroden eppes vu senger Zäit an d‘Lecture vum „de Konsument“ ze investéieren.

An der Rubrik „Recht“: Är Froen – Eis Äntwerten, huet de juristesche Service sech nees mat de konkrete Froe vun de Memberen ausenanergesat. Rieds ass och vun der EU, an wéi si d‘Rechter vun de Konsumente stäerke wëll. Esou beispillsweis d‘Fuerderungen am Kontext vun der Transparenz vun de sougenannte „Marketplaces“, den Plattforme fir den Onlinehandel, mee och deene Plattformen, déi vu sech behaapten „Vergläicher“ unzestellen. Vill Interessantes also…

Woubäi een natierlech dierf drop opmierksam maachen, datt am Virfeld zu den EU-Wahlen, och „Bréissel“ sech vu senger Schockelassäit weise wëll, a zumindest den Effort undeite wëll, eppes am Sënn vum Konsument ëmzesetzen. Dee vun der EU-Kommissioun ugekënnegten „New Deal“ ass um Pabeier eng gutt Saach, mee et ass net gewosst, op no de Walen, dëse Projet nach Bestand huet.

Zanter elo iwwer 50 Joer, setzt sech d‘ULC fir de Konsument an seng Rechter an. Opklären a wou noutwenneg, agräifen, dat sinn déi primär Ziler vum Konsumenteschutz. Mee d‘ULC dréit och politesch – zum Beispill mat sengen Avisen zu Gesetzprojeten – Verantwortung. Dat méiglechst „Neutral“ mee ëmmer am Interessi vun der Allgemengheet am grousse Ganzen, an dem Konsument am besonneschen. Macht iech „Schlau“, kroopt iech „de Konsument“ a gitt Member vun der ULC.

An nach eng kleng Erënnerung: zanter dem 15 Januar, huet d‘ULC eng Berodungsstell an der CSL (Salariatskummer, 2-4 Pierre Hentges Strooss, Bouneweg) ageriicht. Hei kann ee sech Dënschdes vun 9 bis 13 Auer, an Donneschdes vun 13 bis 17 Auer, vum engem Conseiller berode loossen. Un den Ëffnungszäite vum Siège um Houwald huet sech näischt verännert.

Ähnlech Sujeten De Konsument, Europa, Konsumenteschutz, Rechter, ULC
Nächsten Artikel Virrechten Artikel