Search

You may also like

Eis Nopere kréien eng nei Regierung
Money Neiegkeeten

Eis Nopere kréien eng nei Regierung

No de Kommunalwahlen huet de Premierminister Edouard Philippe mat alle

Maintenance- a Botzaarbechten an den Tunnellen (ab dem 10.08.2020)
Money Neiegkeeten

Maintenance- a Botzaarbechten an den Tunnellen (ab dem 10.08.2020)

D’Stroossebauverwaltung deelt mat, datt den zweeten Tour vun den hallefjärege

National Elterevertriedung vum Educatiounsminister enttäuscht
Money Neiegkeeten

National Elterevertriedung vum Educatiounsminister enttäuscht

An engem dräi Säite laangen oppene Bréif un de liberalen

money

De Konsumenteschutz kritiséiert geplangte Stroum- a Gaspräiserhéijungen

De Konsumenteschutz kritiséiert geplangte Stroum- a Gaspräiserhéijungen

Schonn am Januar hat de Konsumenteschutz (ULC) déi Ufank vum Joer ugekënnegt Erhéijung vun de Stroum a Gaspräisser, ëm duerchschnëttlech 17%, kritiséiert.

Als Grond gouf eng Erhéijung vun de Notzgebühre fir d‘Stroumnetzer zum 1. Januar 2018 genannt. Den „Institut Luxembourgeois de Régulation“ (ILR), deen ënnert anerem och de Stroum- a Gasmaart kontrolléiert, geet dovunner aus, datt d‘Präisser fir Stroum a Gas och 2019 nees gehéicht ginn. Dat mam Argument, datt weider Wandrieder zur Stroumproduktioun a Betrib geholl ginn.

De STATEC stellt eng duerchschnëttlech Erhéijung vun de Stroumpräisser vun 6,5%, géintiwwer dem September 2017 fest. Wéi och ëmmer, d‘ULC stellt fest, datt ënnert dem Stréch fir d‘Konsumenten, op e neits eng Erhéijung vun de Stroum- a Gastariffer usteet.

A well deem esou ass, réit d‘ULC,m an iwwregens och den ILR, alle Konsumenten, sech iwwert d‘Stroumpräisser vun de verschiddenen Operateuren ze informéieren, a vun de der bestoender Méiglechkeet gebrauch ze maachen, den Ubidder ze wiesselen. Déi méiglech Erspuernes si grad fir Menage mat engem kléngen Akommes net onerhieflech.

D‘ULC erënnert drun, datt och de Stroum- a Gasmaart liberaliséiert ginn ass, wat awer net zu de versprache Präissenkunge gefouert huet. Vergiesse sollt een op dëser Plaz och net, datt bannent engem Joer, och d‘Pëtrolsproduiten eng Erhéijung vu 14,7% matgemaach hunn.

Den ILR bitt op senger Internetsäit www.calcolux.lu alle Konsumenten d‘Méiglechkeet, sech iwwert déi verfügbar Stroum- a Gaspräisofferen ze informéieren. E Wiessel vum Ubidder ass gratis an einfach ze handhaben. Ënnert www.stromagaz.lu kënnen sech d‘Konsumenten zudeem zousätzlech Informatiounen iwwert hir Rechter betreffend den Energiemaart anhuelen.

Zudeem gëtt vun der ULC gefaart, datt et elo no de Walen, bis zum Enn vum Joer, nach weider Tariffer wäerte gehéicht ginn. De Konsument ass also gutt beroden, säi Portmonnie am A ze behalen.

Related topics Gas, ILR, Konsumenteschutz, Präiserhéijung, Statec, Stroum
Next post Previous post