Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Déi Lénk – Schluss mam Putsch an Amëschen a Venezuela
International Neiegkeeten

Déi Lénk – Schluss mam Putsch an Amëschen a Venezuela

Géint d’Regierung a Venezuela vum Maduro wëllen elo verschidde Muechte

Von der Leyen: Wat huet sech no engem Joer am Amt gedoen?
International Neiegkeeten

Von der Leyen: Wat huet sech no engem Joer am Amt gedoen?

Enn November 2019 huet de Jean-Claude Juncker säi Mandat als

KPL: Zesumme mat echter Solidaritéit fir sozial Gerechtegkeet
International Neiegkeeten

KPL: Zesumme mat echter Solidaritéit fir sozial Gerechtegkeet

D’KPL stell fest, datt de grousse Wieder vu Solidaritéit, déi

De laangen Aarm vun der US-Justiz

Festnam vu WikiLeaks-Grënner Julian Assange an der Ambassade vun Ecuador

De laangen Aarm vun der US-Justiz

Vill Mënsche wäerten sech net méi un déi Julian Assange erënneren, an och d‘Medien hunn éischter „sporadesch“ iwwert dem WikiLeaks-Grënner säin Asyl an der Ambassade vum Ecuador bericht. Do huet hie sech zanter 2012 opgehalen, well géint hien e briteschen Haftbefehl erlooss ginn ass an vun den USA eng Demande zu Extraditioun virläit.

Et war dann och d‘Metropolitan Police, déi gëschter via Twitter d‘Festnam vum Julian Assange bekannt ginn huet. Wéi et heescht huet d‘Ambassade der Police d‘Dieren opgemaach, nodeems d‘Regierung vum Ecuador dem Interesséierte säi politescht Asyl entzunn haten. De President vum Ecuador, Lenin Moreno, huet d‘Ophiewe vum Asyl mat Feelverhale vum Julian Assange begrënnt.

US-Justiz

Wéi et heescht soll de Julian Assange géint Oplage verstouss hunn. Hie sollt sech net méi an Ugeleeënheete vun anere Länner amëschen an och keng Kontakter zu wichtegen Acteure vun der Plattform ënnerhalen. Him gëtt och virgeworf, onerlaabt technesch Ausrëschtung installéiert ze hunn, Kamerae manipuléiert, Sécherheetspersonal ugegraff a Sécherheetsdaten ofgegraff ze hunn.

Laut de virleienden Informatiounen, soll den ecuadorianesche President, am Kontext vun der Verhaftung, mat der Regierung vu Groussbritannien en Deal gemaach hunn. Esou soll de Lenin Moreno, am Géigenzuch zur „Iwwergab“, vun der britescher Regierung Garantie verlaangt hunn, déi eng Ausliwwerung un e Land an deem him Folter oder Doudesstrof dreeën, net stattfannen.

Wéi ass d‘Rechtslag?

No der Verhaftung vum Julian Assange duerch d‘Police huet d‘Plattform WikiLeaks den Entzuch vum „diplomateschen Asyl“ veruerteelt. Russland huet dem Ëmstand net onkommentéiert gelooss. D‘Spriecherin vum russeschen Ausseministère huet op Facebook geschriwwen: „D‘Hand vun der Demokratie erwiergt d‘Fräiheet“. Eng sécher provokant Ausso, déi allerdéngs esou falsch net ass.

Et muss e bedenken, datt d‘USA eng Demande zur Extraditioun virgeluecht hunn, wat esou och vu Scotland Yard bestätegt gëtt. Dës Autoritéit weis och drop hin, datt d‘Verhaftung vum Julian Assange sech op en am Joer 2012 ausgestallten Haftbefehl bezitt. Dee war ausgestallt ginn, well de Beschëllegte géint Bewährungsoplage verstouss hat. Esou de Grond fir d‘Flucht an d‘Ambassade.

US-Justiz

Woubäi de WikiLeaks-Grënner sech an der Ambassade verschanzt hat, fir enger Ausliwwerung u Schweden ze entgoen. Do sollt hie sech viru Geriicht dem Virworf vun der Vergewaltegung stellen. Eng Geschicht vun där een haut weess datt se mat den Hoer erbäigezu war. De Procureur vu Stockholm hat d‘Ermëttlungen an dëser „Affär“ längst agestallt, mee wëll se nees ophuelen.

D‘USA hätten e gären

Onvergiess ass de Julian Assange bei den US-Autoritéiten. Déi sinn éischter nodroend an de „béise Jong“, deen iwwert e längen Zäitraum ewech geheim a vertraulech Dokumenter vun der Regierung an der Arméi verëffentlecht huet, soll net ongestrooft dervu kommen. De briteschen Inneminister Sajid Javid, ass allerdéngs u säi Wuert, dat hien dem Ecuador ginn huet, gebonnen.

Folgerichteg huet hie géintiwwer de Medie bestätegt, datt de Julian assange sech virun engem britesche Geriicht ze veräntwerten hätt, an eng Ausliwwerung un d‘USA net virgesinn ass. Déi Entscheedung awer muss a leschter Instanz vun engem Geriicht geholl ginn, an déi Decisioun soll schonn den 2. Mee falen. Experte ginn dovunner aus, datt dem Assange seng Chance geréng sinn.

US-Justiz

D‘US-Justiz werft dem 47 järege vir, sech mat der Whistleblowerin Chelsea Manning verschwuer ze hunn. Tatsächlech besteet de Virworf doranner, datt de Julian Assange dem Chelsea Manning gehollef soll hunn, e Passwuert am Netzwierk vum Pentagon ze hacken. D‘Informantin war 2013 zu 35 Joer Prisong veruerteelt ginn, iert de Barack Obama 2017 d‘Chelsea Manning begnodegt huet.

Et steet vill um Spill

Datt de Risk vun enger Ausliwwerung un d‘USA imminent a ganz real ass, dovunner ginn och dem Julian Assange seng Affekoten aus. Esou erkläert de Geoffrey Robertson: „Déi Virwërf wéinst deenen si hie wäerten ausliwweren, bedeite ganz laang Prisongsstrofen. D‘Chelsea Manning, seng Informatiounsquell, war zu 35 Joer veruerteelt ginn, him dreeë bis zu 45 Joer“.

Hei widdersprécht den US-Justizministère, a stellt kloer, datt dem WikiLeaks-Grënner wéinst „Verschwierung“ maximal fënnef Joer Haft dreeën. Dëse Ministère dementéiert allerdéngs och net, datt et zu kenge weideren Uklopunkte kënnt. Et dierf een also gespaant sinn, wéi verflichtend déi vu Groussbritannien gemaachten Zouso, den Assange net un d‘USA auszeliwweren, um Enn ass.

Reporter ouni grenzen (RSF) stellt kloer, datt d‘WikiLeaks-Verëffentlechunge wéi beispillsweis d‘Irak-Pabeier, vun ëffentlechem Interesse waren a zu engem noutwennege politeschen Debat bäigedroen hunn. An esou fuerdert RSF vun der britescher Regierung, sech un déi gemaachten Zousoen ze halen, also den Julian Assange net un d‘USA auszeliwweren. Eng Affär „à suivre“…

mat indymedia/lon

Bild: © WikiLeaks

Ähnlech Sujeten Ecuador, Julian Assange, Metropolitan Police, Scotland Yard, US-Justiz, WikiLeaks
Nächsten Artikel Virrechten Artikel