Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den George A. Romero, erkläert
Neiegkeeten

Den George A. Romero, erkläert

Den George A. Romero ass gëschter am Alter vu 77

Katalounien: Fréier Parlamentspresidentin steet net méi zur Verfügung
Neiegkeeten

Katalounien: Fréier Parlamentspresidentin steet net méi zur Verfügung

D‘Carme Forcadell huet en Donneschdeg Bekannt ginn, datt si sech

Mexiko: E Renne géint d’Zäit
Neiegkeeten

Mexiko: E Renne géint d’Zäit

Am Renne géint d‘Auer hunn d‘Secouristen hir ganz Kraaft mobiliséiert.

De Landwirtschaftsministère warnt: Histamin a Produiten aus dem Cactus Fëschrayon

De Landwirtschaftsministère warnt: Histamin a Produiten aus dem Cactus Fëschrayon

De Landwirtschaftsministère warnt virum Konsum vu Produiten aus dem Cactus Fëschrayon. D‘Autoritéite sinn vun de Verantwortleche vum Cactus informéiert ginn, datt ee Verdacht besteet, datt folgend Produite mat Histamin kontaminéiert wieren:

Filet vum Thon „sashimi“ an Fësch-Brochetten (Natur oder Marinéiert) – aus dem Fëschrayon oder an der Barquette (DLC 14/04, 15/04, 16/04). Wien dës Produiten an engem Cactus tëscht dem 12. an dem 14. Abrëll kaaft hunn, sollen d‘Produiten net konsuméieren. D‘Produite kënnen an all Cactus zréckbruecht ginn, wou een dann och rembourséiert gëtt.

Eng héich Konzentratioun vun Histamin am Fësch, kann zu enger allergescher Reaktioun féieren. Wien ee vun de genannte Produite konsuméiert an allergesch Symptomer huet, soll en Dokter consultéieren an op de Konsum vum betraffene Produit hiweisen.

Déi allergesch Symptomer déi haaptsächlech optriede sinn: Otemnout, en offale vum Bluttdrock, Ausschlag, Iwwelzegkeet, Erbriechen, Kappwéi an Duerchfall. 100 Milligramm Histamin féiere schonn zu däitleche Vergëftungserscheinungen.

Ähnlech Sujeten Cactus, Fëschrayon, Histamin, Landwirtschaftsministère
Nächsten Artikel Virrechten Artikel