Migratioun bestoen – ASTI bréngt neit Material fir Immigranten eraus
D’Associatioun fir d’Ënnerstëtzung vun immigréierten Aarbechtskräfte (ASTI) ass dofir bekannt,
D’Associatioun fir d’Ënnerstëtzung vun immigréierten Aarbechtskräfte (ASTI) ass dofir bekannt,
Um Mëttwochowend hunn déi britesch Deputéiert e Gesetzprojet vun der
Nodeems Italien sech weigert e Schëff mat 629 Migranten, déi
E Freideg huet déi hollännesch Regierung engem Experiment op groussem Niveau „gréng Luucht“ ginn, woumatter zéng Stied d‘Autorisatioun erhalen, Cannabis legal unzebauen.
„D‘Regierung huet entscheet (…) d‘Experiment vum Cannabis-Ubau unzegoen, esou datt et méiglech gëtt seng Auswierkung op: d‘Kriminalitéit, d‘Sécherheet, d‘Stéierung vun der ëffentlecher Uerdnung a Gesondheet, ze moossen“, heescht et am Communiqué deen déi hollännesch Regierung e Freideg un d‘Medie weiderginn huet.
Laut dësem „Plang“, sollen déi betraffe Stied an de nächste véier Joer, den Ubau vum Cannabis an seng Verdeelung an de Coffeeshoppen iwwerwaachen, wou dat „lokaalt Kraut“ dann och ka verkaf ginn. E Pilotprojet dee allgemeng gutt opgeholl gëtt an och wirtschaftlech interessant ausgesäit.
Erënnere mir dann awer drun, datt Holland schonn 1976 de Verkaf vu klenge Quantitéiten „Gras“ – manner wéi fënnef Gramm – entkriminaliséiert huet. All Bierger dierf ganz legal bis zu fënnef Planze besëtzen, mee den Ubau an de Verkaf „en Gros“ bleift verbueden. Dat bréngt mat sech, datt sech Coffeeshop-Proprietaire och emol mussen „illegal“ andecken, fir d‘Nofro ze bedéngen.
D‘Regierung selektionéiert elo Ziichter déi dann en Agreement kréien. Et soll och sécher gestallt ginn, datt eng ausräichend Unzuel vu Cannabis-Zorten ugebaut gëtt.“E geschlossene Kreeslaf beim Approvisionnement ass wichteg. Et soll kee Cannabis an den illegale Circuit gelaangen.
Mat de leschten „Detailer“ sinn den hollännesche Justizminister, Ferdinand Grapperhaus, an de Gesondheetsminister, Bruno Bruins, beoptraagt ginn. D‘Police, d‘Procureuren an aner Institutioune ginn och mat agebonnen. Eng Etude recommandéiert d‘Bedeelegung vun enger gréisst méiglecher Zuel vu Stied, wat eng pertinent wëssenschaftlech Basis fir d‘Experiment méiglech géif maachen.
mat AFP