Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Nationale Commemoratiounsdag: Proklamatioun vun der Regierung
Neiegkeeten

Nationale Commemoratiounsdag: Proklamatioun vun der Regierung

Zanter 1946 gëtt all Joer den nationale Commemoratiounsdag gefeiert, fir

Mir hunn eng nei Regierung, soen se…
Neiegkeeten

Mir hunn eng nei Regierung, soen se…

Et huet nëmmen zéng Gespréichsronne gebrauch, an scho waren sech

Kirgisistan: Eng Mumie, de Minister an d‘Hellseher
Neiegkeeten

Kirgisistan: Eng Mumie, de Minister an d‘Hellseher

D‘Entscheedung vum Kirgisistan seng eenzeg Mumie ze begruewen, déi ëmmerhin

De Leidelenger Referendum

De Leidelenger Referendum

Geet et de Bierger vun der Gemeng Leideleng no, zumindest geet dat aus dem Referendum vun e Sonndeg ervir, da géif een am léifste scho muer de Wahlbezierk wiesselen. Et ass jo och richteg, datt déi Leidelenger sech ni wierklech zum „Süden“ a schonn emol guer als Minettsdäpp gesinn hunn. Elo ass et awer och esou, datt d‘Resultat vum Referendum net verbindlech ass…

D‘Gemengeréit vun der Ekipp „Zesumme fir Leideleng“ kënne mat engem Resultat vun 59,41% bei dësem Referendum ganz zefridde sinn. Hire Spriecher, Lou Linster, huet et begréisst datt d‘Bierger vu Leideleng dem Virschlag vun de Conseilleren, d‘Gemeng aus dem Wahlbezierk Süd, an de Wahlbezierk Zentrum ze iwwerféieren, nokomm sinn. Zumindest fir d‘Majoritéit vun de Bierger.

Et sollt een dann awer och net ënnerschloen, datt de Schäfferot sengersäits stramm beméit war dee „Changement“ ze verhënneren, um Enn awer net déi duerchschloend Argumenter bei den Awunner ënnerbrénge konnt. Stellt sech natierlech déi kruzial Fro: „Wéi kritt een elo de Schäfferot mat an d‘Boot?“. D‘Buergermeeschtesch Diane Feipel wollt sech dozou um Sonndeg nach net äusseren.

Gewosst ass allerdéngs datt keen sech am Schäfferot wäert géint de Wëlle vun de Bierger stellen. Et sollt deemno zumindest zur „Demande“ kommen, och wa wéi ugangs erwähnt, de Referendum net Verbindlech ass. D‘Regierung wéi den Inneminister mussen dëst Resultat net unerkennen, dierften awer, wann och de Schäfferot sech deem uschléisst, de Bezierkswiessel an der Chamber stëtzen.

De Wonsch Realitéit gi loossen

Tatsächlech brauch et um Krautmaart eng zweedrëttel Majoritéit fir d‘Wahlgesetz. am Sënn vum Referendum an den Awunner vu Leideleng, ze reforméieren. D‘Reform vun der Verfassung – déi eis jo och nach bevirsteet – kéint do positiv drop awierken. Et ass och ze bedenken, datt et eigentlech un der Zäit wier dat ganzt Wahlgesetz ze aktualiséieren. Mee dat seet sech esou einfach…

Woubäi et op där anerer Säit och zimleche Brach, wann net esouguer onrealistesch wier, wann eleng d‘Gemenge Leideleng a Koplescht de Bezierk dierfte Wiesselen. Déi Kopleschter haten hire Referendum schonn 2017 ofgehalen, wollten deemno och vum Süden an den Zentrum iwwergoen. Geschitt ass zu gudder Lescht: „Näischt“, dat géifen déi Leidelenger gären anescht gestalten.

Fir den Ament verhält et sech esou, datt bei der nächster Sëtzung vum Gemengerot (3. Juni) muss entscheet ginn d‘Demande fir de Wahlbezierkswiessel offiziell un d‘Chamber opzestellen a fortzeschécken. Dat dierft eng „Formalitéit“ sinn. Wéi se dat herno um Krautmaart betruechten, datt gëtt eng aner Affaire, well eng zweedrëttel Majoritéit géif den Accord vun der CSV viraussetzen.

Ähnlech Sujeten Leideleng, Referendum, Wahlberzierk, Zesumme fir Leideleng
Nächsten Artikel Virrechten Artikel