Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

60. Nationalkongress vum LCGB ofgesot
Neiegkeeten

60. Nationalkongress vum LCGB ofgesot

De LCGB huet an enker Ofsprooch mat den zoustännege Regierungsautoritéite

GEWËNNSPILL 2019: Halloween Night am Ciné Scala!
Neiegkeeten

GEWËNNSPILL 2019: Halloween Night am Ciné Scala!

Iech sollen d’Schudderen ausgoen, d’Hoer zu Bierg stoen an d’Zänn

Internationalen Dag vum Multilateralismus
Neiegkeeten

Internationalen Dag vum Multilateralismus

Ob Aluedung vun der schwedescher Ministesch fir baussenzeg Ugeleeënheeten, Ann

Eppes Würd fir de leschte Wee wier net vu Muttwëll

Eppes Würd fir de leschte Wee wier net vu Muttwëll

Alles, vun der Regierung iwwert d‘Medie bis hinn zu de Guttmënschen, ass den Ament voll op déi duerch d‘Covid19-Pandemie ausgeléiste sanitär Kris, méi oder wéineger just mat dësem Thema beschäftegt. Dobäi schéngt kengem opzefalen, datt mir matten am Begrëff sinn, net nëmmen op eis Rechter ze verzichten, mee virun allem eis oft beschwuere „Wäerter“ zur Dispositioun ze stellen.

Während um politesche Plang, den CSV-Deputéierte Laurent Mosar denoncéiert, datt mir voll am Begrëff sinn, d‘Würd vun eise Matbierger mat Féiss ze trëppelen an een per e-Mail, per Post jo net emol um Telefon senge Froe ka lass ginn, fir vun der Gesondheetsministesch gewuer ze ginn, wat si als Fra a Sozialistin dann elo endlech gewëllt wier ze ënnerhuelen, fir do Léisungen ze fannen, huet d‘Vereenegung OMEGA 90 elo en oppene Bréif un déi siichtlech iwwerfuerdert Damm geschéckt.

Dës Organisatioun, déi hei am Land Leader am Secteur vun der Stierfbegleedung ass, begréisst wéi gutt an effektiv de Gesondheetsministère mat allen Acteuren um Terrain d‘Pandemie am Grëff huet, gesäit sech awer an hiren Aktivitéiten – palliativ Soinen a Stierfbegleedung – staark behënnert an ass der Usiicht, datt no fënnef Woche Confinement an enger scho progressiver Reprise vu ville Wirtschaftsaktivitéiten, een elo nees sollt zréck zu engem humanen Ëmgang mam Dout fannen.

WeeEt ass sécher méiglech, datt et der Ministesch kann entgaange sinn, datt een zu Lëtzebuerg och an der Kris, zuweilen un anere Pathologie stierft, wéi eenzeg un dësem Coronavirus, deem mir jo erwisenermoosse gutt a konsequent – dank engem effektive Gesondheetssystem mat ville ganz engagéierte Mënschen – entgéinttrieden. De Bierger an de Salariéeë gi Maske verdeelt, an no de Chantiere sollen och aner Branchen nees mat schaffen ufänken dierfen, Ofschid vun engem geléifte Mënsch deen am Stierwe läit, datt ass weiderhin éischter net méiglech an dat muss sech änneren.

A well een am Gesondheetsministère deraart iwwerfuerdert ass, datt een hei keng Weeër a Léisunge kann ausschaffe fir dem Dout nees esou eppes wéi Würd zouzegestoen, huet d‘Ekipp vun OMEGA 90 elo Richtlinnen ausgeschafft, déi zumindest sollten derzou bäidroen, datt nees eppes Anstand a Respekt sollt méiglech sinn. Op et haut, bei der Presentatioun vun der Familljeministesch Corinne Cahen (DP), déi jo eng Upassung vun de Confinement-Mesuren „fir de mënschleche Kontakt nees hierzestellen“ versprach huet, dozou schonn Äntwerte wäert ginn? Dozou gëtt et keng Stellungnam.

Illustratioun: Huet de Covid19 eis Häerzer zu Steng verwandelt? Datt et verständlech Grënn gëtt firwat et och bei der Stierfbegleedung méi reglementéiert muss zougoen, dierf eis Mënschlechkeet net ausklameren. Wien den Dout net ze wierdege versteet huet och kee Respekt virum Liewen. © Sharon McCutcheon / unsplash

Ähnlech Sujeten Covid19, Gesondheetsministesch, Humanitéit, Omega 90, Palliativmedezin, Paulette Lenert, Sanitär Kris, Stierfbegleedung, Würd
Nächsten Artikel Virrechten Artikel