Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Trafic-Info: Echangeur Waldhaff a Jonctioun Gréngewald gespaart
Sport WTF

Trafic-Info: Echangeur Waldhaff a Jonctioun Gréngewald gespaart

D‘Stroossebauverwaltung (Ponts & Chaussées) informéiert, datt en den 23. Juli,

Jemen um Rand vum Ënnergang
Sport WTF

Jemen um Rand vum Ënnergang

Laut engem aktuelle Faktencheck vun der UNO, benéidege 70% vun

Black IPA: e Schwéiergewiicht vu Bare Brewing
Sport WTF

Black IPA: e Schwéiergewiicht vu Bare Brewing

Wien sech dës „schwaarz Séil“ ausgeduecht huet, dee geet och

surprise

De leschten Cochonnet vun der Saison um Escher Gaalgebierg

D’Sonn schéngt um Escher Gaalgebierg. Meteorologesch gesi steet dem leschte Championnatsmatch vun der Saison, deen um Terrain vum Petanque‘s Veräi „La Boule d‘Or“ ausgedroe gëtt, näischt am Wee.

An der éischter Divisioun vum Interclubs, hunn sech sechs Equippen ëm de Championstitel gestridden, mee net nëmmen an der éischter Divisioun ass gespillt ginn. An der zweeter Divisioun si 15 Equippen ugetrueden. Mee gewanne kann nëmmen een…

Esch ass direkt mat zwou Ekippen an der ieweschter Divisioun vertrueden, dat erhéicht natierlech d’Chancë vun der Minettemetropolen op ee Championstitel.

De leschte Cochonnet vun der Saison

Um 14.00 Auer ass et dunn endlech lass gaangen. D’Ambiance ëm d’Hal vum “Boule d’Or” war gutt, mee d’Uspanung war de Sportler däitlech unzemierken. Villes steet bei der leschter Partie um Spill, d’Nerve ware bei verschiddene liicht gereizt. Keen hat Punkten ze verschenken! D’Stëmmung bei de Spectateure war gutt, och wann den een oder aneren sech heiansdo iwwert ee mëssgléckte Worf opgereegt huet, ass vill gelaacht ginn.

Am Virdergrond vun engem Championnat steet d’sportlech Leeschtung vun enger Ekipp. Mee d’Organisatioun, déi hannert dem ganze stécht, gëtt oft ënnerschätzt. D’Benevollen, déi sech aktiv bedeelegen andeem se zum Beispill an der Buvette hëllefe, ginn oft vergiess.

Möge der Bessere gewinnen!

Nodeems d’Sportler, mee och den interesséierte Public sech beim Grill an/oder an der Buvette gestäerkt haten, huet jiddereen sech déi selwecht Fro gestallt: Ween ass dann elo no zéng Spilldeeg de beschten am ganze Land?

Op déi Fro ass schnell eng Äntwert fonnt ginn: an der éischter Divisioun ass den “B.P. Riganelli” den neie Champion mat 30 Punkten an 124 gewonne Partien. Déi zweete Plaz um Podium beleet. den “Péta-Boule Schëffleng” an déi drëtte Plaz beleet den “U.S.B.P. Diddeleng”.

An der zweeter Divisioun geet déi éischte Plaz un den “U.S.B.P. Diddeleng”, déi zweete Plaz geet un den “Miseler Carreau” an déi drëtt Plaz geet un de Club “Bouliste Lasauvage”.

Ähnlech Sujeten Championnat, Gaalgebierg, Petanque
Nächsten Artikel Virrechten Artikel