Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Star Trek Discovery weisst sech vu senger explosiver Säit
Neiegkeeten

Star Trek Discovery weisst sech vu senger explosiver Säit

Nodeems den éischten Trailer fir gemëschte Gefiller gesuergt huet, bréngt

Vereedegung vun de Buergermeeschter a Schäffen
Neiegkeeten

Vereedegung vun de Buergermeeschter a Schäffen

Um éischten Abrëllsdag goufen – an nee dat war kee

RoundUp-Prozess: Monsanto geet an Appell
Neiegkeeten

RoundUp-Prozess: Monsanto geet an Appell

Monsanto huet en Dënschdeg d‘Prozedur fir an Appell ze goe

Chamberwahlen: de Lëtzebuerger Flüchtlingsrot mat engem Rot

„Iert der wielt, denkt Solidaritéit“

Chamberwahlen: de Lëtzebuerger Flüchtlingsrot mat engem Rot

Déi Lëtzebuerger Wieler sinn opgeruff e Sonndeg an d‘Wahlkabinnen ze goen, fir sech eng nei Regierung ze ginn.

Ganz vill europäesch Länner mussen dem Opkomme vu xenophobe Parteie stellen. Zu Lëtzebuerg hu mir während der Wahlcampagne och misse feststellen, datt „Migratioun an Asyl“ zu enger Waff am Wahlkampf verkläert goufen.

Et ass absolut lueflech – an esouguer empfeelenswäert – ze iwwerleeën, ze proposéieren an d‘Froen ze diskutéieren, déi mam Accueil an der Integratioun vun deenen, déi viru Krich a Persecutioun flüchten an Zesummenhang ze brénge sinn. A genee dat huet de Flüchtlingsrot (FLR) mat den an der Chamber vertruedene Parteie virun de Wahle gemaach.

Op där aner Säit ass ze bedaueren an ze condamnéieren, datt de Sujet manipuléiert gëtt. Dat mat als Beispill, dem Affichéiere vu Slogane wéi „Géint de Mëssbrauch vum Asylrecht“, wat ënnerstellt, datt esou e Mëssbrauch gëtt. Esou populistesch Discourse sinn inakzeptabel a retrograd.

De Lëtzebuerger Flüchtlingsrot bedauert déi Rieden, déi zu enger falscher Perceptioun féiert, déi d‘Bierger vun der Immigratioun hunn.

De Flüchtlingsrot, duerch seng Sensibiliséierung- an Informatiounsaarbecht, mat senge Profien a Fräiwëllegen um Terrain, consideréiert, datt den Debat net populistesch gefouert ka ginn, mee sech de reellen an aktuelle Problemer muss unhuelen.

Dozou gehéiert de Respekt vun de legalen Delaie fir den Traitement vun den Demanden zum internationale Schutz, de formelle Verbuet Kanner „festzehalen“, den Zougang zum Aarbechtsmaart, an d‘Schafe vun effektiven Integratiouns- an Autonomiemechanissem fir d‘Demandeuren a Beneficiaire vum internationale Schutz.

D‘Existenz vun engem ëffentlechen Debat, an deem eng veritabel Informatioun ginn ass, stellt déi „sine qua non“ Konditioun vun all demokrateschem Regimm duer. Ouni dat, léisst een de Viruerteeler an dem Populismus fräie Laf.

Et steet dem Lëtzebuerger Flüchtlingsrot net zou, de Wieler ze soen, bei wiem si hiert Kräiz ze maachen hunn. Mir lancéieren trotz allem en Appell an eng Erausfuerderung un all déi, wou e Sonndeg hire Wahlziedel ageheien: iert der Wielt, denkt Solidaritéit!

Matgedeelt vum Lëtzebuerger Flüchtlingsrot

iwwersat aus dem franséische vum Laure Schlesser

Ähnlech Sujeten Asyl, Chamberwahlen 2018, Flüchtlingen, Lëtzebuerger Flüchtlingsrot, Respekt, Solidaritéit
Nächsten Artikel Virrechten Artikel