Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Loossen d‘Stad Lëtzebuerg an de Staat d‘Personal vum Tram am Ree stoen?
Erkläert Stories

Loossen d‘Stad Lëtzebuerg an de Staat d‘Personal vum Tram am Ree stoen?

Déi lénk kënnen sech just widderhuelen: „Den Tram ass eng

Campagne fir d’Grippeimpfung bei Obdachloser
Erkläert Stories

Campagne fir d’Grippeimpfung bei Obdachloser

Um internationalen Dag vun de Strummerte starten Doktere vun der

10 Joer Fondatioun EME – Mat Musek ALL d’Mënschen zesumme bréngen
Erkläert Stories

10 Joer Fondatioun EME – Mat Musek ALL d’Mënschen zesumme bréngen

Scho säit 2009 ass et d’Missioun vun der Fondatioun EME,

De Lëtzebuerger Nationalfeierdag, erkläert

De Lëtzebuerger Nationalfeierdag, erkläert

Dank dem Nationalfeierdag kënne mer eis dëst Joer iwwert e weidere laange Weekend freeën. Mir hunn eis geduecht, datt dat eng gutt Geleeënheet ass, e puer grondsätzlech Saachen zu dësem Dag ze soen.

Wéi een Datum hat en ursprénglech?

Ursprénglech gouf den Datum ëmmer op de Gebuertsdag vum Grand-Duc, bezéiungsweis der Grand-Duchesse geluecht. Ënnert der Grand-Duchesse Charlotte (1919-1964) louch den Datum um 23. Januar.

Firwat gouf e verréckelt?

Well et am Januar kal ass. Nee, wierklech. Säit 1961 besteet dës Reegelung a gouf bis haut bäigehalen. Dobäi verhënnert den Datum leider net, datt et heiansdo awer schlecht Wieder ass.

Wat leeft?

Am meeschten leeft an der Haaptstad: De Virowend ass d’Freedefeier, den Dag selwer d’Militäerparad. Déi meescht Gemengen organiséieren och selwer eppes.

Ass et normal, de Nationalfeierdag gläichzäiteg als Gebuertsdag ze feieren?

Wéi sou oft am Liewen bidd Wikipedia hei eng exzellent Kaart, op där een sech en Iwwerbléck verschafe kann:

By Ordinary Person – Own work, CC BY-SA 4.0, https://commons.wikimedia.org/w/index.php?curid=58738964

Wéi der gesitt, sinn déi meescht Natioun op hir Onofhängegkeet oder Unifikatioun fokusséiert. Nëmmen eng hand voll Länner huelen de Gebuertsdag vun enger Persoun als Ulass.

Géif et Alternative ginn?

Sécherlech. Do wieren den Londoner Vertrag (19. Abrëll 1839), wat bis dato als offiziell Gebuertsstonn vu Lëtzebuerg gëllt. Oder de 15. Mäerz (1815), wou d‘Land zum Groussherzogtum erhuewe ginn ass. D‘Reaffirmatioun vum Londoner Vertrag den 11. Mee 1867 wier och net dee schlechtsten Usaz.

Als Gedankespillerei kann een sech och e Beispill u Portugal huelen an den Doudesdag vun engem Kënschtler als Nationalfeierdag deklaréieren. Do wieren den Edward Steichen (25. Mäerz), Claus Cito (10. Oktober), Edmond la Fontaine (24. Juni 1891), Michel Lentz (8. September 1893) oder de Roger Manderscheid (1. Juni 2010) duerchaus interessant.

Ähnlech Sujeten Erkläert, Lëtzebuerg, Nationalfeierdag
Nächsten Artikel Virrechten Artikel