Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

US-President hieft Landminneverbuet op
Money Neiegkeeten

US-President hieft Landminneverbuet op

Et war de Barack Obama, deen sech agesat hat fir

Geriicht zu Washington veruerteelt Islamesch Republik Iran
Money Neiegkeeten

Geriicht zu Washington veruerteelt Islamesch Republik Iran

Zu Washington huet e Geriicht den Iran zu engem Schuedenersatz

Loscht op en Tour mam Vëlo?
Money Neiegkeeten

Loscht op en Tour mam Vëlo?

Den Drotiesel féiert dëst Joer säin 200. Gebuertsdag. Net deen

money

De 9. Mee huet de Lëtzebuerger fräi!

Patronat beschwéiert sech iwwert neie Feierdag an zousätzleche Congésdag

De 9. Mee huet de Lëtzebuerger fräi!

Den Europadag deen all 9. Mee an der europäescher Unioun zelebréiert gëtt, ass säit dësem Joer en nationale Feierdag zu Lëtzebuerg. Domatter wëll Lëtzebuerg seng Zougehéieregkeet zur grousser europäescher Famill ënnermaueren. Et gëtt der do awer, déi esouguer net erfreet sinn…

Si haten et am Koalitiounsaccord festgehalen an hunn et ëmgesat: den 9. Mee ass elo offiziell en nationale Feierdag. A während sech d‘Salariat iwwer dësen zousätzleche fräien Dag erfreet, ass bei de Patrone „Gejéimers“ Tromp. Den Avis vun der Handelskummer ass net favorabel ausgefall, an dat bezitt sech och den zousätzlechen Dag Congé, deen an d‘Aarbechtsrecht opgeholl ginn ass.

Wann also d‘Iddi vun den Aktiven an iwwerzeegten Europäer gutt opgeholl gëtt, esou ass den Nicolas Buck, President vun der Fedil (a zukünftege President vun UEL) carrement veriergert. Hie vertrëtt d‘Usiicht, datt Europa eppes anescht brauch wéi en Dag Congé, si brécht eng besser Gouvernance. Dat ass net verkéiert, woubäi den Zesummenhang net direkt ersiichtlech ass.

Mee den neoliberale Patron weess wéi ee schockéiere kann: „En zousätzleche Feierdag kascht eis Entreprisen 220 Milliounen Euro!“ an hie ass den Tréinen no, wéi hie feststellt, datt den 9. Mee dëst Joer och nach op en Donneschdeg fält, firwat sech vill Salariéeë Freides géife fräi huelen. Dat ass batter, och wann net gewosst ass wou hien seng Zuelen hir hëlt, vläicht vun den Amerikaner?

Lëtzebuerger

Wann et net esou geet wéi een dat gären hätt

Ähnlech verhält sech d‘Handelskummer, déi nach bemierkt, datt keng Entreprise vun haut op muer seng Produktioun astelle kann, an datt d‘Aarbechtskraaft op engem Feierdag esou schrecklech deier ass. Dobäi wier d‘Produktivitéit schonn zanter Jore réckleefeg, d‘Kompetitivitéit vun der lokaler Industrie längst bedreet, an och déi sëlleche Kollektivverträg géifen d‘Patronat ruinéieren.

Ganz esou schrecklech wäert et net op en Enn goen, dofir ass eng Finanzkris wiesentlech besser gëeegent. Mee et kann ee verstoen, datt och e Patron et net gären huet, virun de Fait Accompli gestallt ze ginn. Et hätt ee gäre matgeschwat, sech op Konzessiounen a Kompromësser agelooss. De Nicolas Buck werft der Regierung also vir, net déi „richteg“ Acteure consultéiert ze hunn.

D‘Handelskummer, där nach net bewosst ass, datt dësen „Drops“ gelutscht ass, proposéiert dofir e bestoende Feierdag duerch dee vum 9. Mee ze ersetzen, et misst awer net zwéngend Chrëschtdag oder Groussherzogsgebuertsdag sinn. Alternativ dozou, sollt et dem Patronat erlaabt sinn, de 9. Mee ze kompenséieren, wann si net an der Lag sinn d‘Produktioun op dësem Dag rouen ze loossen.

Ähnlech Sujeten Congé, Fedil, Handelskummer, Koalitiounsaccord, Nicolas Buck, UEL
Nächsten Artikel Virrechten Artikel