Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Cargolux – de Beluga-Fluch gouf verréckelt!
Neiegkeeten

Cargolux – de Beluga-Fluch gouf verréckelt!

De Fluch, bei deem zwee Belugae vu Shanghai an Island

Voll Natur 2 – Dat Bescht vu Panewippchen & Co
Neiegkeeten

Voll Natur 2 – Dat Bescht vu Panewippchen & Co

Sou, et gëtt Zäit fir déi nächst Akafslëscht, eist Klengt

What the Fakt – Wéi d’Londoner Kultur a Flamen opgaangen ass
Neiegkeeten

What the Fakt – Wéi d’Londoner Kultur a Flamen opgaangen ass

De Publikum huet grad gespaant d’Uropféierung vum Shakespeare sengem Drama

De Logement… eng neverending Story

Bis ewell huet d‘Koalitiounsregierung nach net wierklech vill Léisungen ervirbruecht

De Logement… eng neverending Story

Zanter et dës Koalitiounsregierung gëtt, hunn sech schonn e puer Politiker mam Logement missen ausenanersetzen, an den Ament ass et dem Henri Kox säi Ministère. Hien huet scho villes versprach an nach méi gefuerdert. Gëschter war de Logement dann nees e Sujet um Krautmaart.

Et war dann awer net d‘CSV déi den éischte Stee geworf huet, obwuel den Deputéierte Marc Lies hei och säi Pefferkär bäigedroen huet. Datt den Henri Kox – dee sech zäitgläich mat engem liichten Dissens an der Arméi erëmschloe muss – hei e Paradigmewiessel gefuerdert huet an esouwuel Bauland wéi scho fäerdeg Wunnenge fanne wëll, ass sécher gutt gemengt, mee et brauch Resultater.

Fir den Deputéierte vun déi lénk, David Wagner, kann een nëmme bedaueren, datt et no sechs Joer Gambia-Koalitioun elo endlech zum Lancement vun der éischter grousser Reform kënnt. De sougenannte Logementspakt 2.0 soll d‘Gemengen ermontere méi Wunnengen ze bauen, déi dann zu moderate Präisser verlount solle ginn. Wichteg wier et jiddefalls, datt dëse Wunnraum vun der ëffentlecher Hand kontrolléiert gëtt.

Schwaarz(t)geld a gréng Politik

Do misst dann dem Henri Kox säi Virstouss, déi staatlech Subventiounen un de Bau vu Wunnengen ze knäppen, an net wéi bis ewell nozekucke wann dëst Geld a Schoulen oder Maisons Relais fléisst, op oppen Ouere stoussen. D‘Betounung läit hei op „misst“ well de CSV-Deputéierte Marc Lies ass net gewëllt dem véierte Minister bannent sechs Joer e Vertrauensvirschoss ze gewähren.

Fir de Marc Lies wier et mëttlerweil iwwert eis grenzen eraus ersiichtlech, datt dës Regierung net genuch ënnerhëlt fir de „Stéier mat den Haaren ze paken“. Gemooss un der Urgence an den immense Steiervirdeeler deen de Proprietären dank „spezielle Fongen“ ageraumt ginn, esou wéi de Fait, datt déi Mesure géint eidele Wunnraum net ugewannt ginn, sollt et awer endlech lassgoen.

D‘CSV-Fraktioun hat dann och dësem Kontext ganzer siwe Motiounen an der Chamber agereecht. Et ass dobäi ëm esou „Niewesächleches“ gaange wéi eng Spekulatiounssteier, Expropriatioun an d‘Erweiderung vum Bauperimeter.

Géint d‘Spekulatioun hunn déi liberal „Blo & Gréng“ éischter näischt, Expropriatioune kommen dogéint guer net a Fro an eng Erweiderung vum Bauperimeter ass den Ament net geplangt, och wann den Ëmweltministère net grondsätzlech dergéint ass. D‘Motioune sinn awer – dat einfach esou Usus – integral zréckgewise ginn. Ëm den Inhalt geet et do generell net, wat schued ass…

Sozialisteschen Optimismus

Interessant beim Debat vu gëschter, d‘Inneministesch Taina Bofferding (LSAP) ass iwwerzeegt datt mir eis hei um richtege Wee befannen. Si huet sech engagéiert den Henri Kox a sengem „Kampf“ ze ënnerstëtzen. Et sollen „dräi Instrumenter ausgeschafft ginn déi derzou ermontere sollen, datt méi bezuelbar Logementer geschafe ginn. Esou soll d‘Prozedur zur punktueller Modifikatioun vum PAG vun de Gemenge vereinfacht ginn.

On och d‘Taina Bofferding ass wéi d‘Carole Dieschbourg net zwéngend géint eng Erweiderung vum Bauperimeter, esou wéi datt vum Marc Lies a senger Fraktioun verlaangt gëtt. Si hätt hei allerdéngs scho gären d‘Kontroll, a fir Abusen ze verhënneren, soll vu Fall zu Fall dem Impakt an de Präis vun esou enger Moossnam bemooss ginn. Et dierft een hei d‘Gemengen net eleng loossen.

Vun dësem Debat ass net wierklech vill Befriddegendes zréckzebehalen. D‘Reform vum ominéise Logementspakt „leeft“, kënnt awer wéi ze erwaarden net virun, well keen an der Regierung de grousse Proprietären (et keent e sech jo) eppes Verantwortung ofverlaangt an alles ëmmer nees soll „fräiwëlleg“ gemaach ginn. Bis ewell, esou d‘Feststellung gesäit et net no engem Plang aus…

Foto: Pixabay

Ähnlech Sujeten Bauperimeter, David Wagner, Henri Kox, Logement, Logementspakt 2.0, Marc Lies, Spekulatioun, Subsiden, Taina Bofferding
Nächsten Artikel Virrechten Artikel