Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Chef vum Pentagon léisst sech vum US-President scheeden
Neiegkeeten

Chef vum Pentagon léisst sech vum US-President scheeden

En Donneschdeg huet et an den USA nees e politescht

Ugespaante Situatioun am Irak wéinst kurdeschem Onofhängegkeetsreferendum
Neiegkeeten

Ugespaante Situatioun am Irak wéinst kurdeschem Onofhängegkeetsreferendum

Während d‘Resultat vum Referendum zur kurdescher Onofhängegkeet am irakesche Kurdistan

EU fënnt „Kompromëss“ bei Schutzmoossname fir Whistleblower
Neiegkeeten

EU fënnt „Kompromëss“ bei Schutzmoossname fir Whistleblower

Wie Verstéiss an/oder Verbrieche vun enger Administratioun, oder enger Entreprise

De Londoner Vertrag, erkläert

De Londoner Vertrag, erkläert
Lëtzebuerg huet missen e puer Etappen huelen, éier d’Groussherzogtum endgülteg onofhängeg war. De Londoner Vertrag vum 11. Mee 1867 huet des Onofhängegkeet bestätegt. Mir erkläre kuerz, wat dee Vertrag alles bewierkt huet a wéi et dozou koum.

Wéi ass et dozou komm?

De Londoner Vertrag ass aus der 2. Londoner Konferenz ervir gaangen. Des war néideg ginn, fir wuessend Spannungen tëscht Frankräich an Däitschland ze léisen. Frankräich wollt nämlech Lëtzebuerg kafen, wat deemools awer Deel vum däitsche Zollveräin an bis d’Joer virdrun vum däitsche Bond war, deen opgeléist gi war. De Wilhem III. War deemools och gewollt, d‘Groussherzogtum fir fënnef Milliounen Goldfrang ze verkafen, mee d‘Preisen, déi eng Garnisoun an der Festungsstad haten, wollten dat net zouloossen.

Firwat ass de Vertrag wichteg?

Wann och net um selwechte Niveau wéi 1839, wou den éischten Londoner Vertrag d’Grenzen vum Groussherzogtum definéiert hunn, ass och den zweeten Londoner Vertrag vu grousser Bedeitung fir d’Land. Lëtzebuerg ass weiderhin onofhängeg bliwwen. D’preisesch Truppen sinn ofgezu an d’Festung geschläift ginn. Ausserdeem ass d’Neutralitéit vum Groussherzogtum festgeschriwwe ginn. D’Tensiounen tëschen Däitschland a Frankräich konnten allerdéngs net geléist ginn.
 
Bild Quell: Nicolas Liez Vue de la ville de Luxembourg depuis le Fetschenhof. (1809-1892). Musée national d’histoire et d’art Luxembourg. Public Domain
Ähnlech Sujeten Erkläert, Geschicht, Lëtzebuerg, Londoner Vertrag
Nächsten Artikel Virrechten Artikel