Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Vereinfachte Rekrutement duerch moderniséierten CFL Internetsite
Neiegkeeten WTF

Vereinfachte Rekrutement duerch moderniséierten CFL Internetsite

Säit der digitaler Ära gëllt den Internet als Duerstellungsplattform fir

dislike
Nei Sanktioune géint Nordkorea, d‘UNO erhéicht den Drock
Neiegkeeten WTF

Nei Sanktioune géint Nordkorea, d‘UNO erhéicht den Drock

Um Samschdeg huet den UN-Sécherheetsrot eestëmmeg eng Resolutioun ugeholl, déi

dislikesurprise
Däitschland: D‘SPD-Basis ass géint eng GroKo, an CDU/CSU mécht Drock
Neiegkeeten WTF

Däitschland: D‘SPD-Basis ass géint eng GroKo, an CDU/CSU mécht Drock

Bei eisen däitschen Nopere sinn d‘Sondéierungsgespréicher tëscht de Sozialisten an

surprise

Déi lénk wëllen de Loyer nees bezuelbar maachen

Déi lénk wëllen de Loyer nees bezuelbar maachen

Um Dënschdeg hunn den David Wagner an de Justin Turpel vun déi lénk en neie Gesetzprojet virgestallt. Mat deem sollt et méiglech sinn, d‘Loyere bezuelbar ze maachen. D‘Stäerkung vun de Rechter vun de Locatairen an eng national Loyerskommissioun, sinn d‘Eckpunkte vum Gesetz.

D’Gesetz gëtt am Kader vun der grousser Logement-Orientéierungsdebatt dësen Donneschdeg deposéiert. Dat ass e neie Schratt fir déi lénk, déi sech schonn zanter gutt 10 Joer mat der Situatioun um Wunnengsmaart beschäftegen. Si ginn et sech net midd fir d‘Recht op bezuelbare Wunnraum duerchzesetzen.

Heibäi bedaueren se, datt scho vill valabel Propose virgeluecht gi sinn. Villes ass an de Kommissioune gelant an esouguer Motiounen och schonn emol ugeholl gi, mee d‘Regierung d‘Virschléi ignoréiert. Et wier dann awer och d‘Regierung, déi der Oppositioun virwerft, datt ee vill géif kritiséieren, ouni e Léisungsvirschlag op den Dësch ze leeën.

Mat dësem Gesetz gëtt dann elo e Léisungsvirschlag agereecht. Et ass ewell den drëtte Gesetzprojet deen déi lénk an dëser Legislaturperiod deposéiert. An et ass een dann och zouversiichtlech, datt dësen an der Chamber kéint Zousproch fannen. De Sujet „Logement“ war scho bei de Gemengewahlen en Thema, an dierft dat och an de Chamberwahle sinn.

Fir jiddereen eppes dran

Et geet een dann och dovunner aus, datt ofgesi vun der DP, déi et dem Maart wëll iwwerloossen de Problem ze léisen, déi aner Parteien éischter positiv reagéiere sollten. Esou hätt jo och d‘CSV schonn ähnlech Téin ugeschloen, an och beim adr sollt een un dësem Gesetz Gefale fannen.

D‘LSAP hätt bis ewell de Koalitiounsvertrag net a Fro gestallt, misst sech awer politesch och an dësem Gesetz erëmfannen. Esouguer fir déi gréng, misst den Text, esou wéi en dësen Donneschdeg virgeluecht gëtt, vill enthalen, datt een esou sollt dierfe matdroen.

Mat enger Deckelung oder Reglementéierung vun de Loyere wier sécherlech ville Leit gehollef, déi mat den exorbitante Präisser net méi eens ginn. D‘Schafe vun enger nationaler Loyerskommissioun, ouni déi kommunal oder regional Loyerskommissiounen ofzeschafen, géif enger Kontroll vun der Duerch- an Ëmsetzung vum Gesetz entgéint kommen.

Zudeem ginn nieft dem Gesetz nach véier Motiounen abruecht. Mat der éischter fuerdert déi lénk vun der Regierung, dofir ze suergen, datt Bauland aus privater Hand net blockéiert gëtt. Mat der zweeter Motioun soll e Mehrwehrtbeschaffungsgesetz agefouert ginn.

Déi drëtt Motioun bezitt sech op d‘Schafe vun enger ëffentlecher Wunnengsbaugesellschaft, a mat der véierter sollen alternativ Forme vu Bauträger mat den traditionelle Bauträger gläichgestallt ginn.

Domatter ass ersiichtlech, datt sech déi lénk fir Muer zimlech vill virgeholl hunn, an et an der Chamber zu enger interessanter Debatte misst kommen. Op a wéi se déi aner Deputéiert vun der Majoritéit an Oppositioun iwwerzeege wäerten, muss een elo ofwaarden.

Foto: Den David Wagner an de Justin Turpel si vun der Noutwennegkeet vun dësem Gesetz iwwerzeegt © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten déi lénk, Gesetzprojet, Loyer, Wunnengsmaart
Nächsten Artikel Virrechten Artikel