Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Du wëlls méi Bicher liesen? Mat eisen Tipps geet dat ganz einfach!
International Neiegkeeten

Du wëlls méi Bicher liesen? Mat eisen Tipps geet dat ganz einfach!

Wien denkt sech net ëmmer erëm: Ech misst vill méi

Dëst Spill weist, datt de Mario sech bal an all Genre doheem fillt
International Neiegkeeten

Dëst Spill weist, datt de Mario sech bal an all Genre doheem fillt

Ëmmer wann s e mengt, datt Nintendo eng schlicht fuerchtbar

Grousst Baamstierwen am Val de Hamm
International Neiegkeeten

Grousst Baamstierwen am Val de Hamm

Am Kader vun den Aarbechten am Val de Hamm, wou

Sozialkonflikt a Frankräich: de Macron versprécht net nozeginn

Sozialkonflikt a Frankräich: de Macron versprécht net nozeginn

En Donneschdeg huet de franséische President, Emmanuel Macron, kloergestallt, datt seng innepolitesch Decisiounen an de nächste Méint „ni e Réckschrëtt“ sinn. Eng Ausso, déi esou, matten am Kontext vum Kontestatiounsmouvement vun de „giele Gileten“, iwwerrascht huet.

„Ech héieren déi legitim Roserei, d‘Ongedold an de Schmäerz vun engem Deel vum Vollek, dat méi séier besser liewe wëll“, esou den Emmanuel Macron géintiwwer de Fransouse vu Buenos Aires, um Virowend vum G20-Sommet. Fir dorops ze Äntwerten, huet hie sech virgeholl kraaftvoll seng Reformpolitik weiderzeféieren, ouni dofir d‘Ambitiounen ze afferen oder der Demagogie nozeginn.

„Et ass u mir an de nächste Wochen a Méint Entscheedungen ze huelen, mee déi wäerten ni e Réckschrëtt sinn, dofir vun enger gréisserer Intensitéit, gebuede fir dëse Mouvement“, insistéiert de President, ouni mat enger Silb den Ausdrock „giel Gileten“ ze benotzen. „Esou Momenter testen d‘Stäerkt vun engem Land, engem Vollek a sengen Dirigenten“, betount den Emmanuel Macron.

Selektiivt Gehéier

„Ech héiere wéi dir, déi Stëmmen déi sech erhiewen“, esou de franséische President weider. „Ech héieren och oft déi Stëmmen, deenen et heiansdo net emol gelongen ass Bewegung an eppes ze bréngen, an déi méiglecherweis den Ursprong vun der Situatioun duerstellen, déi mir erliewen, a mat där d‘Regierung, déi elo 18 Méint am Amt ass, sech muss erëmschloen“, esou de President.

„Wat wëllt dir? Den Zynismus ass en Deel vun der Politik!“, ironiséiert den Emmanuel Macron, an enger Allusioun op d‘Kritik, esou wéi se beispillsweis vum François Hollande ausgeüübt gëtt. Hien huet sech also entscheet, de Kampf géint déi zäitgenëssesch Ongläichheeten opzehuelen, dat awer ouni ze consideréieren, datt d‘Besteierung vun de „besser gestalten“ eng Léisung u sech wier.

Déi géifen dann aner, besser Mechanissem zur Optimiséierung zesummeschrauwen, wat dës Politik wéineg effikass mécht, warnt de franséische President. Deen ass der Usiicht, datt d‘Léisung an engem „edukativen an ëmweltorientéierte Projet“ läit. Wat domatter gemengt ass, gouf net gesot.

Besser Handelsbezéiung duerch oppe Grenzen

Fir op de Kontext vum G20-Sommet zréckzekommen, esou huet sech de franséische President op e neits als „Champion vun de progressistesche Länner“, géint d‘Partisane vu Grenzschléissunge presentéiert. Hien ass decidéiert zu Buenos Aires seng Positioun am G20 ze verdeedegen, deem et wéinst den Handelskricher an den diplomatesche Spannungen un Zesummenhalt feelt.

„Ronderëm dem Dësch vun de G20, bestinn erhieflech Zweiwel. Et gëtt Forme vun Aggressivitéit, d‘Differenze kommen nees op. (…) Vill géifen eis gäre gleewen doen, datt mir eis Problemer besser léise kéinten, wa mir kampflëschteg an isolationistesch sinn, eis Grenzen zoumaachen“, bedauert de franséische President deen eng Mondialisatioun verdeedegt, déi „enorm derzou bäigedroen huet d‘Aarmut an der Welt ze reduzéieren (…) an immens vill Fortschrëtt mat sech bruecht huet“.

De President huet du seng „ambitiéis energetesch Transitioun“ mam Paräisser Accord verdeedegt. Hien huet den argentinesche Studenten hir Suerge, déi wéinst der Entscheedung vun der Regierung, d‘Studiebeiträg fir extra-Communautaire Studenten am Frankräich ze héijen, verstanen. Hinnen huet hien eng Aktiv „Bourse-Politik“ mat der Hëllef vun den Entreprise versprach.

mat AFP

Foto: De franséische President, beim Meeting mat der frankophoner Communautéit an der „Usina del Arte“ zu Buenos Aires. Hei huet den Emmanuel Macron, um Virowend vum G20-Sommet, eppes zum Sozialkonflikt am eegene Land gesot, an däitlech gemaach, datt hien net wäert noginn. Och beim Sommet wier hien decidéiert seng Positiounen ze verdeedegen. © Ludovic Marin/AFP

Ähnlech Sujeten Buenos Aires, Emmanuel Macron, G20-Sommet, giel Gileten, gilets jaunes, Sozialkonflikt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel