Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Schluss mat Plastik – d’EU-Parlament plangt een neit Gesetz géint Ee-Wee Plastik
International Neiegkeeten

Schluss mat Plastik – d’EU-Parlament plangt een neit Gesetz géint Ee-Wee Plastik

Gëschter huet d’EU-Parlament an enger éischter Liesung een neit Gesetz

Grand Ducale: de kofferroude vu Steesel ass en Hommage un de „Red Ale“
International Neiegkeeten

Grand Ducale: de kofferroude vu Steesel ass en Hommage un de „Red Ale“

Déi Steeseler Stuff-Brauerei ass eng mat de klengsten artisanale Brauereien

Editorial: Wie Wahlplakater zerstéiert ass geféierlech domm
International Neiegkeeten

Editorial: Wie Wahlplakater zerstéiert ass geféierlech domm

Säit haut de Moien ass d‘Campagne fir d‘Chamberwahlen offiziell agelaut

Analys: Nodeems de Maduro erëmgewielt ass, gëtt et nei US-Sanktioune géint de Venezuela

Analys: Nodeems de Maduro erëmgewielt ass, gëtt et nei US-Sanktioune géint de Venezuela

Knapps datt de Sozialist Nicolas Maduro nees als President vum Venezuela gewielt ginn ass, hunn d‘USA um Méindeg nei Sanktioune géint d‘Land verhaangen. Domatter gëtt de Venezuela nach eppes méi vun der internationaler Communautéit isoléiert.

Washington dementéiert sech politesch anzemëschen, mee den US-Vizepresident Mike Pence bezeechent d‘Wahlen am Venezuela als „Witz“. An den Donald Trump ënnerschreift en Dekret, mat deem et dem „Regimm vu Caracas“ schwéier gemaach gëtt un neit Geld ze kommen.

Moskau kennt dat, an esou ass et nëmme logesch, datt de Vladimir Putin dem Nicolas Maduro fir säin neit Mandat gratuléiert huet. Aus dem Kreml gëtt dem Maduro dann och eng gutt Gesondheet gewënscht an vill Succès bei de sozialen a wirtschaftlechen Erausfuerderungen.

Kuba huet schonn eppes méi laang gutt Bezéiunge mam Venezuela, a vun Havanna aus ass dann och dem Maduro fir seng „grouss Wahl-Victoire“ gratuléiert ginn. Kuba huet him dann och all Ënnerstëtzung zougesot, déi méiglech ass.

Wann een et net mécht wéi déi aner et gären hätten

D‘Wahlen am Venezuela ware vun der sougenannter „internationaler Communautéit“ schonn am Virfeld kritiséiert ginn. D‘Oppositioun am südamerikanesche Land – déi gréissten Deels vun den USA finanzéiert gëtt – huet zum Boykott opgeruff an d‘Wahl als „Täuschung“ ofgedoen.

Dobäi ergëtt sech awer, datt den Nicolas Maduro 68% vun de Stëmmen erhalen huet. Säi „Géigner“ Henri Falcon, dee vun de Leit gefuerdert hat net wielen ze goen, kritt trotz Boykott 21,2 % vun de Stëmmen. Den Henri Falcon, seet dann nach datt d‘Wahl net legitiméiert war, a fuerdert Neiwahle virun Enn des Joers.

Richteg ass dann awer och, datt eng Abstentioun vun 52% dem demokratesche Prozess net gutt zu Gesiicht steet (Woubäi et dat och schonn an EU-Memberlänner ginn huet). 2013, wou sech de Maduro géint eng vereenten Oppositioun opgestallt hat, huet d‘Bedeelegung bei bal 80% geleeën.

Interessant dann och de Standpunkt vum Henri Falcon, deen d‘Regierung beschëllegt Drock op d‘Wieler ausgeüübt ze hunn. Dat mat de sougenannte „roude Punkten“, Zelter déi vum PSUV (Partido Socialista Unido de Venezuela) opgestallt gi sinn, a wou sech d‘Wieler konnten aschreiwen nodeems si gewielt haten.

Domatter sollten si op eng vum President versprache Prime hoffen dierfen. Datt d‘Wahlbüroen „spéit“ zougemaach hunn, ass och vun der Oppositioun veruerteelt ginn. Den 2. Géigner vum Maduro, den evangelesche Paschtouer Javier Bertucci, huet 11% vun de Stëmmen erhalen a fuerdert och Neiwahlen.

Temperament statt Bescheidenheet

Et ass sech natierlech am Haus Maduro immens iwwert „déi historesch Victoire“ gefreet ginn, an de President huet senge Sympathisante verséchert: „nach ni an der Geschicht vum Land, huet e Kandidat fir d‘Amt vum President mat 68% vun de Stëmme gewonnen. An nach ni virdrun huet e Kandidat mat 47 Punkte Virsprong op säi Géigner gewonnen“.

„Mir hunn erëm Gewonnen! Mir hunn op e neits triumphéiert! Mir sinn d‘Stäerkt vun der Geschicht ëmgewandelt an eng permanent Victoire“, esou de Maduro, dee säin neit Mandat am Januar 2019 soll untrieden a versprach huet sech de wirtschaftleche Problemer unzehuelen.

Elo sinn d‘Wahlen net nëmmen am eegene Land an zu Washington kritiséiert ginn. De Chile, Panama, Costa Rica an de „Grupp vu Lima“ (eng Allianz vun den amerikanesche Länner an der Karibik, zu deenen Argentinien, Brasilien, Kolumbien, Mexiko a Kanada gehéieren) refuséieren d‘Wahlresultat.

Et sollt een net joe wat een net ëmbrénge kann

Interessant wat sech dës Länner, déi noweislech zu der „US-Allianz“ gehéieren – a besonnesch Costa Rica, e Land vun deem ee bal behaapte kéint et wier eng US-Kolonie – eraushuelen. Wéi och ëmmer, déi 14 Länner vum „Grupp vu Lima“ hunn e Méindeg hir Ambassadeuren ofgezunn.

An d‘Länner vum „Grupp vu Lima“ hunn dann och schonn erkläert, datt si wëlle Moossnamen ergräifen, déi dozou féieren, datt keng international oder regional Finanzinstitutiounen der venezuelanescher nach Geld léint.

Um Rand vum Meeting vun de G-20 Ausseminister zu Buenos Aires, hunn dann och d‘USA, Argentinien, Australien, Kanada, Chile a Mexiko, erwaardungsgeméiss d‘Wahl vum Nicolas Maduro condamnéiert.

De Luis Almagro, Generalsekretär vun der OAS (Organisatioun vun den amerikanesche Staaten) huet um Sonndeg gemengt: „et ass en trauregen Dag fir d‘Demokratie“, a war sech net ze schued, de Nicolas Maduro als Diktator ze bezeechnen. „Mir erkennen de Maduro net als legtime President vum Venezuela un, a wäerten eis staark maachen, fir nach méi Sanktioune géint de Regimm“.

An domatter kennt sech de Mann aus Uruguay aus, hie war ëmmerhi Member vun der „Divisa Blanca“ (eng konservativ, ländlech an der Kierch treier Partei) an duerno beim „Moviemiento Nacional de Rocha“ engagéiert, déi a sengem Land eng zivil-militäresch Diktatur matgedroen hunn.

Datt ass och de Geescht deen dem Mariano Rajoy gefält. Déi spuenesch konservativ Regierung déi dem Franco-Regime notrauert, wëll elo mat der EU iwwert „opportun Moossname „ beroden an sech asetzen, dem Leed vun de Venezuelaner en Enn ze bereeden.

De Pëtrol ass e gutt Drockmëttel

Vun de Sanktioune betraff ass déi ganz Regierung. Elo ass et dann awer nach ëmmer esou, datt d‘USA ronn en Drëttel vum venezuelanesche Pëtrol kafen, gläichzäiteg awer den US-Bierger all

Transaktioun mam Land verbueden hunn. Washington dréit mat engem totalen Embargo, an déi national Pëtrolsgesellschaft gëtt als net Kreditwierdeg vun US-Agencen diskreditéiert.

Elo war de Venezuela dann och a Schwieregkeete geroden, nodeems de Präis vum Pëtrol 2014 an d‘Gette gaange war. De BIP vum Land ass bannent 5 Joer ëm 45% an de Keller gaangen. Den IMF bescheinegt dem Venezuela eng Inflatioun vun 13.800%. D‘Produktioun vum Pëtrol ass esou niddreg wéi zanter 30 Joer net méi.

Duerch d‘Inflatioun, déi mat den US- an EU-Sanktioune kënschtlech héich gehale gëtt, leiden d‘Venezuelaner ënnert engem Mangel u Liewensmëttel, Medikamenter an Energieversuergung. Eng Pai geet kaum duer sech e Kilo Mëllechpolver ze kafen, wat vill Leit aus dem Land verdriwwen huet.

De Nicolas Maduro stëtzt sech (a seng Politik) op China a Russland, déi d‘Meenung vum venezuelanesche President deelen, datt déi „riets“ Oppositioun an hir US-Allianz e Wirtschaftskrich féieren, deen eenzeg zum Zweck huet d‘Regierung ze kippen.

Vun der venezuelanescher Oppositioun heescht dogéint, datt de President sech d‘Zil gesat huet d‘Demokratie ofzeschafen. Véier Méint laang wier quasi Deeglech manifestéiert ginn, iwwer 120 Doudeger misst ee bedaueren, an duerch déi sougenannte „Constituante“ wier der Muecht all Recht zougestane ginn.

mam Maria Isabel Sanchez/AFP

Foto: Wéinstens d‘Zeitungsverkeefer zu Caracas konnten sech iwwert d‘Wahl vum Nicolas Maduro freeën. Seele ginn esouvill Zeitungen an engem Dag ënnert d‘Leit bruecht. © Luis Robayo/AFP

Ähnlech Sujeten EU-Sanktiounen, Henri Falcon, Javier Bertucci, Nicolas Maduro, US-Sanktiounen, Venezuela
Nächsten Artikel Virrechten Artikel