Sea Watch: 3 Froen un d’Vera aus der Airborne-Crew
„Am Optrag vun der EU, déi sech ironescherweis als eng
„Am Optrag vun der EU, déi sech ironescherweis als eng
A schonn nees esou e Béierchen, bei deem der d‘Waasser am Mond zesummeleeft. Rieds ass vum Maibock, deen eis ëm en Hoer ausgestuerwe wier. Datt deem net esou ass, dorunner sinn déi zwee Marc‘en vu Grand Brewing schold. Hinne vun dëser Säit aus dofir ee grousse Merci.
De Maibock ass wuel eppes méi malzeg, mat engem liichten Toastaroma, an ass dofir awer net esou Happ-Lasteg a keng Grëtz batter. Hien huet allerdéngs uerdentlech „Ëmdréiungen“, a bei engem Alkoholgehalt vu 7,1% sollt een de Maibock och éischter „genéissen“. Et brauch dann och gutt sechs Wochen, bis de Maibock „zeideg“ ass, an hie bestécht duerch seng schéi cremeg Kroun.
Gebraut gëtt de Maibock an Zesummenaarbecht mat der „Mille Vertus“ Brauerei a gëtt zu Lëtzebuerg vun der „Grand Canning Luxembourg“ ofgefëllt. Et ass dann och e Béier mat Seelenheetswäert. Eigentlech ass et esou, datt wa bis gewosst ass, datt es nees gebraut gëtt, d‘Bestellungen de Maibock net méi bis an de „Reseau“ loossen.
Déi zwee Marc‘en bei der Etagère mat de „Schätz“. Wat si maachen, ass mat léift gemaach, a dat ass net verhandelbar. Si hunn éierlech Präisser fir eng éierlech Wuer, déi d‘Industrie engem an dëser Qualitéit net bidde kann. © Martine de Lagardère/moien.lu
Interessant um Maibock, deen et nëmmen an der Béchs gëtt, et ass dat absolut perfekt Marketing Produkt. Wann een es genuch bestelle kann, kritt een d‘Béchs no eegenem Muster oder Wonsch illustréiert. Dat riicht sech och net eleng un Entreprisen oder Veräiner, och eng gréisser Hochzäit-Gesellschaft kann ee mam Maibock an den siwenten Himmel entféieren.
Grand Brewing a Grand Canning gehéieren zesumme wéi Happ a Malz. Hiert doheem ass zu Fenteng an de Chef, Marc Hatherly, ass en talentéierte Geschäftsmann mat engem Häerz fir „Craft Beer“. Et mécht dann och Sënn sech fir Aluminiumsbéchs entscheet ze hunn. Zum engem wéinst dem héije Recyclingswäert, zum aneren, wëll déi eegen Anlag just „Béchse“ kann.
Apropos „Anlag“, et ass hei ubruecht drop hinzeweisen, datt „Grand Canning Luxembourg“ iwwert eng mobil Offëllanlag verfüügt. Schonn zimlech eenzegaarteg an Europa, an der Groussregioun souwisou. Et ass dem Marc säin 2. Standbeen, an d‘Déngschtleeschtung huet vill Succès. Si fueren iwwerall hin, wou et genuch Béier ofzefëlle gëtt. Och dat ass Lëtzebuerg, Lëtz‘ make it happen!
Foto: Wat mécht de Maibock ënnert dem Chrëschtbeemchen? Säi Besëtzer glécklech! © Shari Pleimelding/moien.lu