Mir sinn Europa! Oder awer och net
Der wäert zu Lëtzebuerg keng vun de Regierungsparteien a mat
Der wäert zu Lëtzebuerg keng vun de Regierungsparteien a mat
Et ka sécherlech keen Trouscht fir kee sinn, datt am
Den Infrastrukturminister François Bausch (déi gréng) huet e Mëttwoch op
Ween och nëmmen geleeëntlech e Bléck op de Kinosprogramm werft, dee stellt fest, datt do vill Superheldefilmer um Plang stinn. Do den Iwwerbléck ze halen oder iwwerhaapt ze verstoen, wourëm et geet, kann eng Erausfuerderung sinn. Mee kee Problem, mir sinn hei, fir dat ze erkläeren.
Marvel ass ee vun de gréissten Comic-Produzenten op der Welt. Hinnen gehéieren Spiderman, Iron Man, Hulk, Thor an eng sëllechen aner Kreatiounen. D‘Firma besteet säit 1939 a gouf 2009 vun Disney kaaft.
Am Géigesaz zum Konkurrent DC (Detective Comics) war et längert Zäit roueg ëm d‘Marvel Helden, wann et ëm Asätz am Kino goung. Abseits vun engem Serial-Film zu Captain America am Joer 1944 huet et bis 1986 gedauert, bis Hollywood sech erëm un e Stoff vun hinnen erugetraut huet. „Howard the Duck“ gouf vu kengem geréngeren wéi dem George Lucas a LucasArts verfilmt… an ass brachial gefloppt. Och Verfilmunge vum Punisher (1989) an Captain America (1990) konnten net iwwerzeegen.
Déi éischt erfollegräich Verfilmungen waren Blade (1998), X-Men (2000) an Spider-Man (2002). Do kéint een jo elo dovunner ausgoen, datt Marvel sech driwwer gefreet hätt, mee dat war leider net de Fall: All des Filmer goufen net vun hinne selwer produzéiert an hir Gewënnbedeelegung war minimal.
Marvel huet en eegene Studio, „Marvel Sudios“ gegrënnt, wou eege Filmer produzéiert sollte ginn. Zwar gëtt et dës Initiativ schonn säit 1993, mee eréischt 2008 koum mat Iron Man den éischten selwer gedréinte Film eraus.
Marvel’s Captain America: Civil War..Iron Man/Tony Stark (Robert Downey Jr.)..Photo Credit: Film Frame..© Marvel 2016
De Startschoss vum Cinematic Universe fällt um Schluss vum Film, wou de Personnage vum Nick Fury den Tony Stark op d‘Avengers Initiativ uschwätzt, an domadder op e gréisseren Universum hindeit. Tatsächlech sollten Iron Man, Thor, Captain America an Hulk net nëmmen an hiren eegene Filmer, mee spéider zesummen an „The Avengers“ optrieden. All Film huet säin eegent Puzzle-Stéck zur Handlung bäigedroen. No dësem Schema fiert den Cinematic Universe bis haut weider: Mat all Film gëtt e gréissere Plot, deen an engem Avengers-Film gipfelt, opgebaut a weider geféiert.
Niewent de vu Marvel Studios selwer produzéierte Filmer wäert och deen nächsten Spider-Man-Film, Homecoming, zum Cinematic Universe gehéieren. De Spidey hat schonn en Optrëtt a Captain America: Civil War.
Thor: Ragnarok..L to R: Valkyrie (Tessa Thompson) and Thor (Chris Hemsworth)..Photo: Jasin Boland..©Marvel Studios 2017
Souwuel de Spider Man als och Thor feieren dëst Joer hire Retour op déi grouss Leinwand.