Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Dreckskëscht… Benotz se!
Erkläert Kultur

Dreckskëscht… Benotz se!

Et weess een et net. Soll een de Kapp rëselen

De Klimawandel kéint d‘Welt an eng Sauna verwandelen
Erkläert Kultur

De Klimawandel kéint d‘Welt an eng Sauna verwandelen

D‘Transitioun zu enger grénger Wirtschaft ass esou dréngend wéi nach

Chantier um Echangeur Stroossen vun der A6 (ab dem 19.05.2020)
Erkläert Kultur

Chantier um Echangeur Stroossen vun der A6 (ab dem 19.05.2020)

D’Stroossebauverwaltung informéiert doriwwer, datt et am Kader vum Reamenagement vum

De Disney-Fox Deal, erkläert

De Disney-Fox Deal, erkläert

Disney huet Fox Entertainment kaft. Et ass wuel ee vun de gréissten Akeef zënter datt Disney Lucasfilm geschléckt huet. Et ass och de perfekte Moment, fir sech unzekucken, wat fir eng Lizenzen Disney domat eigentlech averleiwe géif.

X-Men

Dat Beispill, wat wuel déi meeschten Opmierksamkeet kritt huet, ass X-Men. Et ass dowéinst wichteg, well des Marvel-Serie net nëmmen wierklech erfollegräich ass, mee och, well se eben net an de Marvel Cinematic Universe integréiert ass. Doduerch, datt Disney Fox keeft, kënnen d’X-Men sou ze soen heem kommen. Wéi dëst geschitt, ass nach oppe fir Spekulatiounen, am wahrscheinlechste gëllt allerdéngs e Reboot am MCU.

Fantastic Four

Nodeems schonn e puer mol ouni Erfolleg probéiert ginn ass, dës Comic Serie fir de grousse Schierm ëm ze setzen, hoffen d’Fans datt dës Serie an den Hänn vun Disney net nëmmen e gudde Film spendéiert kritt, mee och am MCU en neit doheem fënnt.

Deadpool

Eng vun de gréissten Iwwerraschungen vun der Comic-Film-Geschicht ass den iwwerduerchschnëttlech gudden Deadpool-Film, deen ugangs 2016 eraus komm ass. Nächst Joer kënnt en zweeten Deel eraus, mee wat duerno kënnt, ass nach net gewosst. Wäert Disney et als en Ab-18-Franchise weider féieren?

Star Wars Rechter

Et kléngt komesch, mee d’Rechter um Original Star Wars Film leien ëmmer nach bei Fox- wann et ëm d‘physesch Distributioun geet, versteet sech. Domat, datt Disney Fox keeft, kéinte mer an de genoss vun der original Kinosversioun kommen.

Avatar, Alien, Predator a Planet of the Apes

Och wann d’Sequels op sech waarde loossen, ass Avatar net ze ënnerschätzen, huet et dach vill Geld gemaach. Ganz vill Geld. Et wier e weidere Mega-Franchise, deen do an d’Hänn vun Disney fale géif, woubäi se hei nëmmen als Distributiounspartner géingen hierhalen. Bei Alien wier dat awer anescht, do hätten se voll Kontroll driwwer. Villäicht ass elo de Moment komm, dem Neil Bloomkamp säi Projet erëm widder ze beliewen? An zu gudder läscht wier do natierlech och Plant of the Apes, där hier lescht Reih Filmer ganz uerdentlech bei Kritiker a Fans ukomm waren. En neie Predator Film, wou de Shane Black Regie féiert, soll 2018 eraus kommen.

Streaming

Vue datt Disney dobäi ass, säin eegenen Streaming Déngscht opzebauen, wier dës Acquisitioun e weidere Gewënn. Disney kéint domat mat Liichtegkeet nach méi Filmer vun anere Streamingservicer, wéi Netflix, ofzéien, fir domatter di eegen Offer nach méi ze fëllen.

Foto: Do haten de Mickey an de Bob Iger (CEO vun Disney) eppes ze feieren: Den 27. November ware sie 60 Joer laang als Entreprise um New York Stock Exchange gelëscht. (Drew Angerer/Getty Images)

UPDATE (14.12): Vue datt den Deal finaliséiert ginn ass, gouf den Artikel aktualiséiert.

Ähnlech Sujeten Disney, Fox, Marvel Cinematic Universe, Netflix, Star Wars, Streaming
Nächsten Artikel Virrechten Artikel