Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wéi steet ëm d‘Gläichheet tëscht Mann a Fra?
Meenung Neiegkeeten

Wéi steet ëm d‘Gläichheet tëscht Mann a Fra?

D‘Ministesch fir Chancëgläichheet, Lydia Mutsch (LSAP) huet kierzlech de Bilan

Noutstand a Kolumbien: Muss d’Banann vum Ausstierwe gerett ginn?
Meenung Neiegkeeten

Noutstand a Kolumbien: Muss d’Banann vum Ausstierwe gerett ginn?

De geféierlechen TR4 Pilz bedreet den Ubau vun der Banann

Dammefussball: D‘Entente Izeg-CeBra1 ausgerutscht
Meenung Neiegkeeten

Dammefussball: D‘Entente Izeg-CeBra1 ausgerutscht

Et war gëschter zu Zéisseng um Stade Boy Kohnen schonn

De Mënsch virum Profit

D‘Fuerderunge vun der Kommunistescher Partei Lëtzebuerg an der Coronavirus-Kris

De Mënsch virum Profit

D‘Solidaritéit vun de Mënschen an eisem Land ass grouss, ugesiichts der Coronavirus-Kris an hiren negativen Auswierkungen op déi gesellschaftlech, wirtschaftlech a sozial Entwécklung. D‘KPL bekënnt hirersäits Solidaritéit mat alle Mënschen, déi sech dëser Erausfuerderung an der Aarbechtswelt stellen, virun allen déi Beschäftegt am Gesondheetswiesen, den Fleegesecteur, dem Eenzelhandel, dem Botzsecteur, de Offallentsuergung an de staatleche wei kommunale Verwaltungen.

Dës Coronavirus-Kris enthüllt schounungslos, déi säit ville Jore schonn unhalend schiedlech Spuerpolitik am Gesondheetswiesen, déi scho laang vun der KPL kritiséiert gëtt. Spidolsbetter goufen ewech rationaliséiert, noutwenneg Investitiounen a wichteg medezinesch Beräicher verluecht, dezentral medezinesch Ariichtungen zougemaach an op nationalem Niveau net genuch Dokteren a Gesondheetspersonal ausgebilt. Hei muss dréngend ëmgeduecht a séier Ofhëllef geschafe ginn. Déi gesondheetlech Ariichtunge sollten den do sinn, fir Gewënn ze maache mee fir de Mënschen ze déngen.

D‘KPL hat scho virun dëser Kris kee Vertrauen an d‘Regierung, déi systematesch déi schmuel Schëllere vun de Lounofhängegen an de Rentner méi staark belaascht huet, wéi déi breet Schëllere vun de Groussbetriber a Banken, a keng Léisung fir d‘Beseitegung vun der Aarmut, der Aarbechtslosegkeet an der Wunnengsnout unzebidden huet. Dës Aschätzung gëtt haut bestätegt – och well d‘Regierung den nationalen Noutstand mëssbraucht, fir d‘Aarbechtsrecht vun direkt 14 Wirtschaftsberäicher (!) auszehiewelen an den 12 Stonnendag an déi 60 Stonnewoch fir déi nächst Méint ze erméiglechen.

Fir déi Lounofhängeg, déi oft souwisou schonn um Limitt schaffen, bedeit dat „Wuddere bis zum ëmfalen“ an nach méi Flexibilitéit. Fir d‘Entrepreneuren si méi laang Aarbechtszäiten och ëmmer mat méi Ëmsaz an nach héijere Profit gläichzesetzen. Esou gesäit datt „gemeinsamt Boot“ aus an deem mir angeblech alleguerte sëtzen.

Dat huet näischt mat Solidaritéit ze dinn, mee weist op en Neits dat wierklecht Gesiicht vum Kapitalismus, deen nëmmen da fonctionnéiere kann, wann de Profit déi éischt Prioritéit ass. Fir d‘Kommunisten awer heescht et weiderhin nach ëmmer: „De Mënsch virum Profit“

Aus dësem Grond fuerdert déi Ko0mmunistesch Partei Lëtzebuerg, datt:

  • d‘Veruerdnung iwwert den 12 Stonnendag an déi 60 Stonnewoch direkt réckgängeg gemaach gëtt;
  • all Kuerzaarbechter (partielle Chômage) 100, statt nëmmen 80 Prozent vun üblecherweis bezunne Loun kréien;
  • de Beschäftegten, déi an tatsächlech onverzichtbare Beräicher täteg sinn, no längere Schichten extra Congé a finanziell Entschiedegungen zougesprach kréien, an déi ausbezuelte Primme musse steierfräi sinn;
  • de Superprivileg fir Beschäftegter (Lounréckstänn a Virschëss) am Fall vun der Faillite direkt ausbezuelt gëtt;
  • kuerzfristeg eng stattlech Opfanggesellschaft geschafe gëtt, fir kleng Betriber an Selbststänneger virun der Faillite ze schützen;
  • datt d‘Loyere vun de Menage bis Joresenn gesetzlech agefruer ginn;
  • staatlech Hëllefe fir Betriber ab 250 Beschäftegten un eng staatlech Bedeelegung um Betribskapital gekoppelt ginn, fir ze verhënneren, datt an der Kris d‘Verloschter op d‘Allgemengheet iwwerdroe ginn an de Profit privatiséiert ginn, wann et nees biergop geet;
  • d‘Banke vun der Regierung ugewise ginn, de Remboursement vun de Kreditter während der Dauer vun der Kuerzaarbecht ausgesat ginn.

Mee och, datt:

  • d‘Gesetzvirlag zur Finanzéierung vun engem Militärsatellit, dem seng Käschte vun ursprénglechen 170 Milliounen op 350 Milliounen erhéicht goufen, zréckgeholl gëtt;
  • d‘Oprëschtungsprojeten agestallt, an dës Suen fir sozial Aufgaben am Kader vun der Bewältegung vun der Coronavirus-Kris verwennt ginn;
  • op d‘Participatioun u sämtleche Programmer zu Militariséierung vun der EU verzicht gëtt;
  • sech d‘Regierung am Kader vun der EU an der NATO fir d‘Astellung vun alle Kampfhandlungen asetzt, esou wéi vum UN-Generalsekretär Antonio Guterres an dem Poopst Francis gefuerdert, esou wéi d‘Ophiewe vun de Sanktioune géint Kuba, Venezuela, Syrien, Russland, Nordkorea an den Iran antrëtt.

Matgedeelt vun der KPL, fréi aus dem Däitschen iwwersat vum Laure Schlesser

Illustratioun: Dat gréisste Boot daacht näischt, wa just déi Aarm ruddere mussen. © Joakim Honkasalo / unsplash

Ähnlech Sujeten Coronavirus, Covid19, Fuerderungen, kommunistesch Partei Lëtzebuerg, KPL, Regierung, Sanitär Kris
Nächsten Artikel Virrechten Artikel