Search

You may also like

Chantier an der Hollerecher Strooss a Rue Wenceslas 1er
International Money Neiegkeeten

Chantier an der Hollerecher Strooss a Rue Wenceslas 1er

D’Stad Lëtzebuerg informéiert d’Bierger an all Persoun, déi am Stroosseverkéier

Algerien: Den ale Mann an d‘Muecht
International Money Neiegkeeten

Algerien: Den ale Mann an d‘Muecht

Endlech huet den ugeschloene President vun Algerien säi Récktrëtt annoncéiert.

Belsch Schüler engagéiere sech konsequent fir de Klima
International Money Neiegkeeten

Belsch Schüler engagéiere sech konsequent fir de Klima

Si ware uechtert Belsch verdeelt zu hirer 30.000, dovunner eleng

money

Däitschland: Kann een de Mindestloun erofsetzen?

Wéinst der Kris, fuerderen d‘Wirtschaftspolitiker vun der CDUCSU de Mindestloun erofzesetzen

Däitschland: Kann een de Mindestloun erofsetzen?

BMW schëtt honnerte Milliounen un Dividenden aus, d‘Lufthansa kritt eng finanziell Stäip vun ëm déi 9 Milliarden Euro an der Automobilindustrie soll mat Kafprimmen eng verstoppte Subventioun zougestane ginn. Zousätzlech dozou, gëtt et Fuerderungen de Mindestloun erofzesetzen. Bei eisen däitschen Noperen, sinn se ëm esou Diskussiounen net verleeën, et muss jo een d‘Käschten droen.

MindestlounWärend d‘CDU-Parteicheffin Annegret Kramp-Karrenbauer eng Reduktioun vum Mindestloun esou net fir sënnvoll hält, sech awer virstelle kann, datt dësen, bis zur Iwwerwannung vun der sech elo un déi sanitär Kris uschléissend Wirtschaftskris, „agefuer“ gëtt. Wann dann awer gewosst ass, datt deen aktuell bei 9,35 Euro/Stonn geleeën ass, een awer 12,63 Euro/Stonn iwwer 45 Joer verdénge muss, fir eng Rent iwwer „Grondsécherung“ ze erhalen, ass et jo egal, well um Enn bleift ëmmer Aarmut.

De Virstouss kënnt aus dem Aarbechtskrees „Wirtschaft & Energie“ vun der CDU/CSU, déi vun der „Werteunioun“, engem neoliberale Fligel, dee sech als Denkfabrick versteet, liicht beaflosst gëtt. An dem sechssäitege „Wuesstemsprogramm fir Däitschland“ geet et allerdéngs net nëmmen drëms den Äermsten an d‘Täsch ze gräifen, hei gëtt och gefuerdert, d‘Aarbechtsrecht nei ze definéieren…

MindestlounGenerell sollt amplaz vun enger deeglecher, eng maximal Wochenaarbechtszäit vun 48 Stonnen agefouert ginn, déi esouwuel an tarifgebonnene wéi net tarifgebonnenen Entreprise gëllt. (…) Déi an der Coronavirus-Kris fir systemrelevant Branche erméiglecht Ausname vum Aarbechtsrecht mussen direkt op all kleng a mëttelstänneg Betriber erweidert ginn“, esou déi chrëschtlech-sozial „al Hären-Ekipp“ déi fir hire Projet duerchaus bereet ass déi grouss Koalitioun op d‘Spill ze setzen.

Saarlännerin net erfreet

Fir d‘Annegret Kramp-Karrenbauer, déi fréier saarlännesch Ministerpresidentin, déi nom Wiessel vum Ursula vun der Leyen op Bréissel, d‘Mandat vun der Verdeedegungsministesch zougestane krut, en inakzeptabele Virstouss. Op Twitter huet d‘CDU-Parteicheffin gemengt „Hänn ewech vum Mindestloun“. Mee hiert Wuert ass aktuell wéineg Wäert, si ass als „Cheffin“ staark ëmstridden.

MindestlounGestäipt gëtt si awer vum CDU-Generalsekretär Paul Ziemiak deen erkannt huet: „Wie fir de Mindestloun schafft, huet et grad an dësen Zäite besonnesch schwéier“. Stëmmt, well net nëmmen d‘Liewensmëttel sinn zolidd méi deier ginn, mee och d‘Loyeren a soss net kompressibel Fraise ginn ugehuewen. Hien zitt et vir alles an d‘Wee ze leeden, méiglechst vill Aarbechtsplazen ze erhalen an alles drun ze setzen, d‘Konjunktur nees un d‘Lafen ze bréngen. Ouni Kafkraaft awer geet dat net.

An natierlech kënnt esou ee Virstouss och beim sozialistesche Koalitiounspartner net gutt un. Esou huet déi stellvertriedend Virsëtzend vun der SPD, Katja Mast, zum Wirtschaftspabeier vun dësem konservativen Aarbechtsgrupp gemengt: „Dat virgeluechte Wirtschaftskonzept ass ee Schlag an d‘Gesiicht vun alle Salariéen am Niddreglounsecteur. Dat geet guer net an ass zudeem onnéideg“.

MindestlounSi erkennt doranner awer och de Wëlle vun enger „gewësser Zort Politiker“ zur Veronsécherung bäizedroen. Hei wier d‘Zill ganz kloer, eng weider Spaltung vun der Gesellschaft ze erzwéngen. D‘CDU/CSU läit an de Sondage den Ament beschtens, an hei géif et méiglecherweis och drëms goen, d‘GroKo ze zerstéieren, dat mat der Aussicht op eng méiglech „absolut“ Majoritéit.

Politpoker oder schlicht Domm?

Datt déi droleg Gesellen aus dem Aarbechtsgrupp „Wirtschaft & Energie“ mam Widderstand wäerte gerechent hunn ass dat eent. Datt et awer vill Leit an Däitschland gëtt, déi léiwer op Loun wéi op Aarbecht verzichten, dat ass dat anert, an dëse „Virstouss“ gëtt och entspriechend an de sozialen Netzwierker diskutéiert. Entgéint enger virgefaasste Meenung, steet keng Majoritéit hannert dem Mindestloun, och wa gewosst ass, datt keen dovunner säi Liewensënnerhalt bestreide kann…

MindestlounPolitesch ass et awer net duerchzesetzen, an dorops kënnt et bei dësem „Projet“ och net un. Et bitt vill Mediepresenz an iergendeppes bleift ëmmer beim Wieler hänken. Eenzeg déi liberal FDP kann dem „Programm eppes ofgewannen, a fuerdert de Gesellschaftlechen Debat. Déi „die Grünen“ hunn de Virschlag als „Signal géint den Zesummenhalt vun der Gesellschaft“ bezeechent.

D‘Fraktiounspresidentin Katrin Göring-Eckardt: „Ech fannen et total dernieft an dësen Zäiten, Mënschen op dës Aart a Weis ze veronsécheren. (…) Wien dat matmécht, kann ni eis Ënnerstëtzung kréien“. Och „die Linke“ kann dem „Wuesstemsprogramm fir Däitschland“ näischt Positives ofgewannen, besonnesch et jo hei net eenzeg an eleng ëm Mindestloun an Aarbechtsrecht geet. Et soll och de „Soli“ (Solidarbeitrag) elo direkt, an net eréischt zum 1. Januar 2021 ofgeschaaft ginn.

Mindestloun

Eng Iddi déi vun der SPD gedeelt geet, allerdéngs soll de „Soli“, wann et de Sozialisten nogeet, nëmme fir 90% vun de Steierzueler ofgeschaaft ginn. De SPD-Fraktiounschef Achim Post: „Firwat soll de Soli och fir déi räichsten 10% ofgeschaaft ginn?“. Äntwert vum FDP-Chef Christian Lindner: „De Solidaritéitszouschlag verstéisst schonn zanter Joresufank géint eis Verfassung“.

Och d‘CSU am Bundestag fënnt gefalen un der Propose vum Aarbechtsgrupp. Hei mengt de Stefan Müller: „Esou eng Entlaaschtung kéim an der géigewäerteger Kris engem Konjunkturpak fir déi däitsch Wirtschaft gläich an d‘SPD dierf sech dëser Propose net verweigeren, mee sollt dat mat der Uniounsfraktioun zäitno an ëmfaassend duerchsetzen“. Si weisen drop hinn, datt et elo un der Zäit ass, och d‘Staatsschold net aus dem Bléck ze verléieren. Dat kléngt no engem spannende Summer.

mat indymedia/ber

Related topics Arbeitsgruppe Wirtschaft & Energie, CDU, CSU, Däitschland, Mindestloun, Werteunion
Next post Previous post