Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Lëtzebuerg start Mobilitéits-Woch am Stau
Crazy Erkläert Stories

Lëtzebuerg start Mobilitéits-Woch am Stau

Pünktlech zur Schoulrentrée start déi europäesch Mobilitéits-Woch. Wei all Joer

tongue
Zu Lëtzebuerg ass Zäit oft méi wichteg wéi Geld, wann et ëm Zefriddenheet geet
Crazy Erkläert Stories

Zu Lëtzebuerg ass Zäit oft méi wichteg wéi Geld, wann et ëm Zefriddenheet geet

Datt Geld eleng net glécklech mécht, ass fir vill Leit

coolgeeklaughing
Den neien Stranger Things-Trailer ass retrotastesch an en echten Thriller!
Crazy Erkläert Stories

Den neien Stranger Things-Trailer ass retrotastesch an en echten Thriller!

Lescht Joer war d’Netflix-Serie Stranger Things en Iwweraschungshit. Dowéinst gëtt

tongue

De Modu 2.0, erkläert

Trotz méi Transport wëll ee manner Stau hunn

De Modu 2.0, erkläert

Mam Modu 2.0 wëll een de Mobilitéitsproblem zu Lëtzebuerg upaken. Domat ass och de Stauproblem hei am Land gemengt. Mee wat genau gëtt an dëser Strategie alles virgesinn? Mir hunn en eis ugekuckt:

Wat wëll Modu 2.0 erreechen?

De Modu 2.0 säin Haaptzil besteet dorausser, d’Stauen ze reduzéieren. Dat soll bis 2025 erreecht ginn, obwuel bis dohinner 20% méi Persoune mussen transportéiert ginn.

Wéi sollen dës Ziler erreecht ginn?

Op der enger Säit sollen an all Auto méi Passagéier sinn. Do gëtt en Duerchschnëtt vun 1,4 Persoune pro Auto ugestrieft. Op der anerer Säit soll méi op den ëffentlechen Transport an op d’Mobilité douce gesat ginn.

De Modu 2.0 erkennt och, datt et véier Acteuren an dësem Feld ginn: d’Bierger, Entreprisen, Gemengen an de Stad. Si kréien eng Këscht mat insgesamt 50 verschiddenen Utillen zur Verfügung gestallt, fir d’Ziler ze erreechen.

Wéi soll sech de Schülertransport veränneren?

Den Deel vun de Schüler, déi mam Auto an d’Schoul kommen (gefouert oder selwer gefuer) soll vun 39% op 20% erof goen. Och hei soll den ëffentlechen Transport souwéi déi Douce Mobilitéit méi attraktiv gemaach ginn.

Wéi soll den ëffentlechen Transport méi interessant gemaach ginn?

Virun allem beim Zuch wëll een dofir suergen, datt e méi interessant gëtt. Dofir däerf da just nach een Zuch op Honnert ausfalen (anstatt 1 vu 40 am Joer 2017). D’Retarde sollen ëm e Véierel reduzéiert ginn an et soll méi Express-Offere ginn.

Wouranner gëtt investéiert?

Aktuell gëtt ënnert anerem ganz vill un eise Gare geschafft. 17 Gare gi renovéiert, verschidde Strecke kréien eng besser Offer. Och de Covoiturage gëtt mi staark ënnerstëtzt, zum Beispill op der A3. Am Norde gëtt d’Sécherheet op der N7 verbessert.

Wéi gesäit et mam Tram aus?

Wat den Tram ugeet, denkt een iwwert verschidden Ausbauoptiounen no. Esou kéinten den CHL, Hollerech an nach aner Destinatiounen ugefuer ginn. Scho virdrun ass vun Ausbaustufen op Mamer oder engem schnellen Tram fir op Esch geschwat ginn.

Kann een sech nach méi am Detail informéieren?

De Ministère huet eng Broschür, wou een alles am Detail noliese kann.

Ginn et Kritiken?

Obwuel de Mouvement Ecologique et generell positiv gesäit, datt een sech Gedanke mécht, an d’Organisatioun d’Dokument an de Konzept als “ureegend” bezeechent, esou bleift een dach kritesch. Et wiere vill Iddien ze fannen, mee et géing u konkrete, verbindlechen Aussoe feelen. Och wier d’Strategie vu vir eran zum Scheitere veruerteelt, well de Wuesstemszwang besteet. Un enger besserer Landesplangung géing kee Wee laanscht féieren.

All Informatioune stamen vum Site vum Nohaltegkeets- an Infrastrukturministère.

 

Ähnlech Sujeten Ëffentlechen Transport, Erkläert, Lëtzebuerg, Stau, Transport
Nächsten Artikel Virrechten Artikel