Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Mir vergiesse gären, wéi wichteg ëffentlech Bibliothéike sinn
Meenung

Mir vergiesse gären, wéi wichteg ëffentlech Bibliothéike sinn

Eis Bibliothéiken sinn alt heiansdo déi vergiessen Helde vun eiser

Sylvander – Dräi Schotte rocke voll of!
Meenung

Sylvander – Dräi Schotte rocke voll of!

Eng nei innovativ Rockband bréngt de Museksstil zeréck zu senge

Fligerofstuerz vun Teheran: War et eng Rakéit?
Meenung

Fligerofstuerz vun Teheran: War et eng Rakéit?

Beim iranesche „Verdeedegungsschlag“ géint amerikanesch Militärbasen am Irak, deen d‘USA

Editorial: De „Muck“ op Krichsfouss

Editorial: De „Muck“ op Krichsfouss

Op enger ganzer Säit am Quotidien huet sech de Matbegrënner vun „déi gréng“, de Jean „Muck“ Huss a säi Kampfkomerod Änder Gilbertz iwwer den eegene Veräin ausgelooss. Hien dréint der Partei dann elo och de Réck zou, während den Änder eng „Paus“ aleet.

A wann sech de Muck opreegt, dann ass dat och net vun ongeféier. Hien huet nämlech wéineg – fir net ze soe guer kee – Versteesdemech fir déi Aart a Weis wéi sech déi gréng politesch behuelen. Grond heifir, d’Koalitiounsgespréicher an Minettemetropole.

An dobäi hat dach alles esou gutt ugefaangen. Um Wahlsonndeg konnten sech déi gréng zu Esch Uelzecht iwwert e weidert Mandat freeën. Et ass ee politesch gestäerkt aus de Walen erausgaangen an e sëllechen Optiounen hunn um Dësch geleeën. Eng Koalitioun CSV-LSAP stoung souwisou net zur Debatte.

D’Stëmmung war also gutt an de Muck huet drop Vertraut, datt de Dr. Martin Kox wéi versprach mat alle Parteie géif Sondéierungsgespréicher féieren. Dat war dann awer iert de staarke Mann vun der Fraktioun entscheet huet d’Gespréicher mat LSAP ad acta ze leeën.

Domatter war kloer: eng Koalitioun mat der CSV oder Oppositioun! Heibäi ass dann och wichteg ze wëssen, datt de Muck als ee vun de véier Vertrieder fir d’Sondéierungsgespréich virgeschloe gi war. Wat bei der Parteisëtzung net wierklech gewollt oder erwënscht war.

Mee de Muck bleift sech trei. Erënnert drun, datt mat den Sozialisten ëmmer gutt zesummegeschafft ginn ass, a just eenzel Figuren um LSAP-Schachbriet fir schlecht Stëmmung gesuergt hunn. Datt de Georges Mischo (CSV) versprach hätt „fein“ ze bleiwen, an den CSV-Parteipresident Marc Spautz enger grénger Militantin ugeruff hätt fir him matzedeelen, datt déi gréng alles ze gewannen hätten eng Koalitioun mat der CSV anzegoen, kann et esou an där Form net sinn.

Fir den éischte Süddeputéierten (1984) ass eng Koalitioun mam politesche Géigner dann och en historesche Feeler. Bei enger leschter Versammlung, wou et drëms gaangen ass iwwert d’Allianz mat der CSV ofzestëmmen, waren dann och nëmme 27 vun 41 Memberen, déi d’Sektioun Esch huet, ugetrueden.

Vun deenen hunn sech der 19 fir eng Koalitioun mat der CSV ausgeschwat. Mee et war net dat eleng, villméi war et d’Method wéi een d’Saach ugaangen ass, déi dann de Muck dozou bruecht huet nach um Owend selwer seng Memberskaart ofzeginn. An iert der elo erschreckt, well de Muck no 35 Joer d’Handduch gehäit, et ass just aus der Sektioun Esch ausgetrueden.

An de Muck léisst dann och déi ugefouert Argumenter net gëllen, déi géint eng Koalitioun mat der LSAP an déi Lénk solle schwätzen. Fir de Muck ass dat keng Koalitioun vun de Verléierer. Fir Muck ass deen eenzege Verléierer d’Stad Esch, an dat zanter 30 Joer! Et wier ëmmer d’CSV gewiescht déi gebremst hätt, bei de Schoulen an den Infrastrukturen.

Op elo am Endeffekt e Sondéierungsgespréich mat der LSAP wierklech eng aner Koalitioun bruecht hätt, datt dierft och de Muck esou net kënne behaapten. Gewosst ass dann elo just, datt déi gréng zu Esch Uelzecht ee vun hire „Veterane“ verléiert. Dat dierft dann och nach fir gutt Gespréicher un de Comptoire vun der Minettemetropole suergen.

Ähnlech Sujeten CSV, déi gréng, Esch-Uelzecht, Gemengewahlen, Jean "muck" Huss, LSAP
Nächsten Artikel Virrechten Artikel