Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Diktatur vun der Demokratie
International Neiegkeeten Sport Stories

D‘Diktatur vun der Demokratie

Nodeems dat iewescht Verwaltungsgeriicht zu Berlin de Covidioten, déi d‘Bundesrepublik

Israel: déi erzwonge Koalitioun
International Neiegkeeten Sport Stories

Israel: déi erzwonge Koalitioun

Der politescher Patt-Situatioun an Israel war net mat Wahle bäizekommen,

Syvicol: Kréie mir den „Après-Crise“ gestemmt?
International Neiegkeeten Sport Stories

Syvicol: Kréie mir den „Après-Crise“ gestemmt?

Bei senger éischter nees physescher Sëtzung, huet de Syvicol gëschter

Amerika an de Mythos vum „onpolitesche“ Sport (Analys)

Den Donald Trump an d‘Partei vun de Republikaner gräifen afroamerikanesch Sportler un, déi sech géint d‘Policegewalt an den institutionaliséierte Rassismus erhiewen, well dat eng politesch Ausso ass, an esou eppes hätt am Sport näischt ze sichen.

Amerika an de Mythos vum „onpolitesche“ Sport (Analys)

Allerdéngs ass 2020 net 2017, wou den Donald Trump carrement wollt hunn, datt d‘Federatiounen, déi Sportler sollte bestrofen, déi duerch Aussoen oder Aktiounen ee politesche Message verbreeden. Et hat dem rassisteschen a misogyne President net gefall, datt professionell Sportler vun der NFL (National Football League) aus Protest géint d‘Ongläichheeten, bei der Nationalhymn geknéit hunn.

Nom leschte wierklech erschreckende Virfall zu Kenosha (Wisconsin), wou ee wäisse Polizist een 29 järegen Afroamerikaner hannerrécks a virun den Ae vum Affer senge Kanner „ofgeschoss“ huet, hunn sech vill Profisportler esou däitlech ausgedréckt wéi seelen. Esou huet sech d‘Basketsekipp „Milwaukee Bucks“ derzou entscheet, ee Playoff-Spill ausfalen ze loossen an hu Supporter fonnt.

Spiller a Spillerinnen aus de Basket-, Baseball- a Football-Ligaen hunn sech dësem Mouvement séier ugeschloss, wat den drolege Locataire aus dem Wäissen Haus nees op d‘Palm gedriwwen huet. Hie veruerteelt d‘Politiséierung vum Sport a verlaangt vun de Sportler, egal ob am Amateur- oder Profiberäich, sech all politesch Ausso an/oder Aktioun am sportleche Kontext ze verbidden.

Net déi hellste Käerz um Kuch

Elo unzehuelen, datt Sport eppes „onpolitesches“ wier oder kéint sinn, op esou ee Gedanke kënnt net nëmmen dee geniaalsten Diplomat zanter Mënschegedenken, och aner schlau Politiker ginn sech ëmmer nees d‘Bléist de Sport als onpolitesch ze verklären. Dat war schonn zu den Zäite vun den éischten Olympiaden net de Fall an dat huet sech bis haut och net am geréngste verännert.

Schonn d‘Vergab vu Weltmeeschterschaften an Olympiade sinn – nieft dem Fait datt hei massiv kriminell Energie fräigesat gëtt – ganz kloer politesch motivéiert. Zudeem sollt ee mengen, datt Presidente vu groussen Natioune méi wéi nëmme „Liesen & Schreiwen“ kënnen, a folgerichteg wëssen, datt Athleten an éischter Linn Bierger a Wieler sinn, also och politesch Acteure sinn.

Als Solches hu Sportler natierlech d‘Recht op eng politesch Meenung an dierfen déi, esoulaang wéi se der Verfassung vun hirem Land gerecht gëtt, och ëffentlech äusseren a vertrieden. Besonnesch déi Sportler wou duerch hir Erfolleger am Liicht vun der Ëffentlechkeet stinn, hunn hei eng Roll ze spillen an et gëtt jo vun hinnen erwaart, datt si sech an de sozialen Netzwierker äusseren.

Sécher wier et de Veräiner, Sponsoren a besonnesch der Regierung léiwer, dës Presenz am Netz géif net fir politesch Positioune genotzt. Mee wa Regierunge politesch versoen, ee Problem dreet eng ganz Gesellschaft ze splécken, muss jidderee Verantwortung iwwerhuelen, besonnesch oder grad déi Sportler, déi Afloss huele kënnen. Sech apolitesch ze verhale mécht folgerichteg kee Sënn.

All Emotiounen si politesch

Et gëtt an den USA schonn esoulaang iwwer disproportionéiert Gewalt géint Mënsche mat der „falscher Hautfaarf“ geschwat (jo net just Afroamerikaner leiden ënnert dem institutionaliséierte Rassismus) datt kaum nach nozevollzéien ass wéi laang dat unhält. An déi meescht US-Sportler si selwer direkt betraff. Et gëtt kee „faarwegen“ deem dës Gewalt an Diskriminéierung friem wier.

Iwwer Joerzéngten ewech konnten d‘Veräiner an d‘Verbänn – zu wäit iwwer 80% vun „ale wäisse Männer a Frae“ gefouert – den Athleten an Athletinnen de Maulkuerf undoen. Geld war an ass ee probat Drockmëttel, net nëmmen an den USA. Mee d‘Welt verännert sech an d‘Gier nom Goss ass gréisser wéi de Wëllen engem de Mond ze verbidden. A Sportler hunn dank Internet och Muecht.

Kee Veräin a folgerichteg och kee Verband ka sech ee Boykott leeschten. Doriwwer eraus, ass sech mëttlerweil och deen dommste Veräin- oder Verbandsvirstand am kloren, datt Theme wéi institutionaliséiere Rassismus a Policegewalt gesellschaftlech relevant gi sinn an et iwwerfälleg ass dat alles ëffentlech ze diskutéieren. Zudeem ass „Zensur“ och eng politesch Handlung…

De Verbuet säitens de Veräiner a Verbänn, sech als Sportler politesch dierfen ze äusseren, war eng erwisenermoosse „rassistesch motivéiert Aktioun“. Hinnen ze soen, datt si eenzeg den Zweck ze erfëllen hätten, d‘Leit (besonnesch déi wou vill derfir bezuelen) ze ënnerhalen, an folgerichteg net do wieren eng „Meenung“ zum Ausdrock ze bréngen, war juristesch net méi ze halen. Zum Gléck.

D‘Muecht ass besser opgedeelt

Wann et duerchaus richteg ass drop hinzeweisen, datt eng „Zensur“ juristesch net méi duerchgesat ka ginn, esou ass et awer och den neien Technologien an déi doduerch verstäerkte Presenz vun den Idoler a Staren am Internet geschëlt, datt sech de Maulkuerf net méi duerchsetze léisst. Vill vun de professionelle Sportler hu mëttlerweil Muecht an Autoritéit, sinn Meenungsbildend ginn.

Wéi de fréiere Quarterback vun de San Francisco 49ers, Colin Kaepernick, beim ofspille vun der US-Nationalhymn e Knéi op de Buedem gesat hat, fir en Zeeche géint Policegewalt an Diskriminéierung vu Mënsche mat schwaarzer Hautfaarf ze setzen, war hien deen éischten Athlet zanter der Fauscht vun der „Black Power“ bei Olympia (1968), dee sech dat zougetraut hat.

Den Donald Trump perséinlech hat dofir gesuergt, datt de Colin Kaepernick an aner Spiller hire Job verluer hunn. Hien hat esouguer d‘Ekipp vun de Philadelphia Eagles, déi 2018 de Superbowl gewonnen haten, net am Wäissen Haus empfaangen, well d‘Athleten och mat engem Knéi um Buedem en Zeeche gesat hunn. Haut gëtt medial alles versicht, dëse Fauxpas ze verwässeren.

Elo am Kontext vum Mouvement „Black Lives Matter“ (BLM), wou den US-President carrement derzou iwwergaangen ass Milizen a Beamten ouni „Kennzeechnung“ géint d‘Demonstranten anzesetzen, erhiewen ëmmer méi Sportler hie Stëmm an d‘Veräiner, déi fäerten datt hinnen elo och d‘Supporter géife fortlafen, wann si dogéint géife virgoen, hunn den Athleten d‘Léngt ausgedoen…

mat indymedia/was

Illustratioun: © James Eades / unsplash

Ähnlech Sujeten Black Lives Matter, BLM, Donald Trump, institutionaliséierte Rassismus, Policegewalt, Portest, Rassismus, Sport, USA, wäiss Supremassisten
Nächsten Artikel Virrechten Artikel