Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

US-President wëll sech aus UN-Waffenofkommes zréckzéien
jamaica dating site Neiegkeeten

dating clone app

Op der Generalassemblée vun der „National Rifle Association“ (NRA), der

https://moien.lu/gay-dating-costa-del-sol/
jamaica dating site Neiegkeeten

Reporter ouni Grenze besuergt ëm d‘Pressefräiheet an den Demokratien

Am Rapport vun 2018, huet sech d‘ONG Reporter ouni Grenzen

Dem Trump seng Géigenoffensive: „Se hu sech zu Moskau doutgelaacht“
jamaica dating site Neiegkeeten

Dem Trump seng Géigenoffensive: „Se hu sech zu Moskau doutgelaacht“

E Sonndeg huet den Donald behaapt, datt et Russland gelongen

Geschichten déi d‘Liewe schreift: De Näidhammel (Lieserbréif)

Geschichten déi d‘Liewe schreift: De Näidhammel (Lieserbréif)

Eng Kéier war ech een drénken. Eigentlech alles gutt bis op en Tëschefall mat engem wuel éischter net ganz tolerante Mënsch. Ech hat deen Owend mat ville Leit geschwat an och mat engem Mann vun iwwer 50. Eigentlech ass hie net vill méi al wéi ech. E war am Ufank ganz an der Rei an dono huet hien ugefaangen einfach nëmmen domm ze ginn.

Hien huet dann och gefrot, wat ech géif schaffen an ech sot, ech wier aus gesondheetleche Grënn fréizäiteg pensionéiert. Do huet hie gemengt, ech kéint jo awer drénke goen a wier och staark. An do gouf ech nach als Schmarotzer an Drecksak vernannt a krut gesot, hie misst fir mech schaffe goen. An dunn huet hie sech e Stéck méi ewech gesat a mir gesot, hie géif elo net méi mat mir schwätze wëllen a wéilt mech am léifste schloen.

Ech hunn him gesot, ech wäert jo awer och mol nach een drénke kënne goen, ausserdeem wier ech jo och net einfach esou pensionéiert ginn. An ech kéint keng 40 Stonne schaffe well mir ass et mol een Dag gutt, an da nees een oder e puer Deeg net.

Wann s de doheem sëtz an alles wéi hues a nach Häerzklappen dobäi, da gesäit jo keen dech… Op wat also neidesch oder firwat rose sinn? Iwwregens, hu mir Bekannter erzielt, dass och si mat esou Mentalitéite konfrontéiert goufe well si aus gesondheetleche Grënn net méi enger reegelméisseger Aarbecht nogoe kënnen.

Ech gi net oft een drénken an drénken och guer keen Alkohol, och net doheem, ausser eben déi puer Kéiere wou ech da mol an e Café gi well mir doheem de Plafong op de Kapp fält. Dat kënnt vläicht all zwee Méint eng Kéier vir an da gëtt och alt mol ee méi gedronk wéi et gutt ass. Mä egal, geet dat een eppes un a muss ech mech dofir rechtfäerdegen?

Dauernd sot hien zu mir, ech wier dach staark, huet mir ëmmer mat zwou Hänn op d’Broscht gedréckt, esou dass ech e Stéck hannerrécks gaange sinn, a gesot, ech wier dach grouss a stabil, da kéint ech jo och schaffe goen, an ech soll d’Pensioun réckgängeg maachen a mir eng Aarbecht sichen, da kéint hien och nees mat guddem Gewësse mat mir schwätzen, an hie géif mech am léifste schloen.

Hien huet dat mam Schloen e puer mol gesot. Ech muss kloer soen, dass ech zu kengem Moment frech mam Mann war. Ech hunn hien och net kannt, also deen Owend kenne geléiert, leider, an ech mengen, dat war scho genuch. Muss een dann eng op doudkrank maachen, éiweg doheem setzen a wéi am Prisong liewe wann een aus gesondheetleche Grënn pensionéiert gouf!?

Esou eng Zeen, wou ee mir virgehäit huet, ech wier e Schmarotzer an aner Leit misste fir mech schaffe goen, hat ech elo schonn e puer Kéieren, och ausserhalb vun engem Café, dëst war awer déi schlëmmste Kéier. Dass ech mir dat hu missten unhéieren a gefale loossen ass fir mech net ze vertrieden. Wéi oft muss ech mir nach esou Dommheeten ulauschteren?

Ass et vläicht besser, dat mat der Pensioun aus gesondheetleche Grënn ni méi anzwuersch ze ernimmen, well ee soss vu senge Matbierger vernannt an diskriminéiert ka ginn?

De Schmarotzer

D‘Meenunge vun de Lieser sinn perséinlech a spigelen net zwéngend d‘Positioun vun der Redaktioun erëm.

Ähnlech Sujeten Krankheetsfall, Näidhammel, Pensioun, Toleranz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel