Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

2.Editioun vum Kulinareschen Trëppeltour zu Holtz
Auto Stories

2.Editioun vum Kulinareschen Trëppeltour zu Holtz

Dir wollt schonn ëmmer emol Kulinarik an Natur matenee verbannen,

Si wollten d’Paradäis, kritt hunn se e Massegraf
Auto Stories

Si wollten d’Paradäis, kritt hunn se e Massegraf

Vun der ganzer Welt hierkomm oder op der Plaz rekrutéiert,

Weess du, wéi eng Uertschafte sech hannert dëse franséische Nimm verstoppen?
Auto Stories

Weess du, wéi eng Uertschafte sech hannert dëse franséische Nimm verstoppen?

Et ass gewosst, datt eis Uertschaften souwuel e Lëtzebuergeschen Numm

De neie Polo ass Intelligent a gesäit gutt aus

De neie Polo ass Intelligent a gesäit gutt aus
De „sportleche“ Polo mat 115 PS a siwegang Boîte. Domatter léisst sech den Alldag bewältegen an de Weekend genéissen.
De neie Polo ass Intelligent a gesäit gutt aus
Eisen „Test“ Polo, dee mir vum Garage Losch zu Bouneweg geléint kritt hunn. 1 Liter TSI – 95 PS an der Highline Ausstattung. Basispräis 19.010 Euro, mat allem wat mir am Auto haten, dann awer scho 26.753 Euro.
De neie Polo ass Intelligent a gesäit gutt aus
Ergonomesch gutt geduecht, alles un dat de Chauffer muss drukommen och genee do wou et higehéiert. Den Tableau ass agreabel iwwersiichtlech. Eis „automatic“ Versioun, déi awer och mat Palette fir ze schalten um Steierrad ausstafféiert war, huet eis an allen Hisiichten iwwerzeegt.
De neie Polo ass Intelligent a gesäit gutt aus
Keng Optioun, also scho matbezuelt, de Bremsassistent (Front Assist). E verstoppt sech hannert dem Logo an erkennt op sech eppes virum Auto deet. Huet een net uecht gedoen, trëppelt hie fir de Chauffer op d‘Brems.
De neie Polo ass Intelligent a gesäit gutt aus
Eng Optioun déi mat 265 Euro nëmmen op den éischte Bléck deier ass: „Blind Spot“. Hei erfaasst den Auto alles wat am doudege Wénkel ass, a weist et am Spigel un. En „Extra“ dee sech absolut lount.
De neie Polo ass Intelligent a gesäit gutt aus
An der hënneschter Rei - an dat ass dann awer och elo dat eenzegt wou mir elo ze kregéilen hunn – ass et fir déi Erwuessen nëmmen da wierklech bequem, wann déi aus der „éischter“ net iwwergrouss sinn. D‘Däbbessen hunn dogéint ëmmer gutt Plaz, esou datt de Polo fir jonk Familjen eng éierlech Optioun ass.
De neie Polo ass Intelligent a gesäit gutt aus
Eng Mall déi sech weise léisst. Gutt ass eventuell ze kleng fir ze plënneren, mee et geet genuch dran, fir als Famill an der Vakanz op näischt mussen ze verzichten. Bei 351 Liter Raum-Volumen ass de Kléngen e richteg Groussen.
De neie Polo ass Intelligent a gesäit gutt aus
Mat dësem Modell vum Polo huet 1975 alles ugefaange. An och deemools war dee „Klengen“ beléift. Robust, spuersam an awer genuch Plaz fir mat der Frëndin an d‘Vakanz ze goen.

Se hunn sech Zäit geholl zu Wolfsburg, iert se dem Polo en „upgrade“ verpasst hunn. Eng gesond Entscheedung, well e Nofolger fir ee vun den erfollegräichste „Kléngen“ um Autosmaart ze bauen, wëll gutt iwwerluecht sinn.

Mee d‘Äerd dréit sech weider an de Konsument hätt jo gäre reegelméisseg eppes Neies iwwert dat hien sech freeën däerf. Net ze vergiessen, datt se zu Wolfsburg och genuch nozehuelen hunn, nodeems se fir „liichte“ Chaos mat hirer „Diesel-Politik“ gesuergt hunn.

Autoe bauen an neier entwéckelen, dat kënnen se. Déi verkafen sech verständlecherweis ganz gutt an esou eppes „Normales“ wéi de Polo huet aus villen ënnerschiddleche Grënn scho bal Kultstatus. Gutt et ass elo dee wou am meeschten opfält, mee zanter 1975 begleet de Polo – mat wéineg Ofstand – de „grousse“ Golf.

Neie Polo

Mat dësem Modell vum Polo huet 1975 alles ugefaange. An och deemools war dee „Klengen“ beléift. Robust, spuersam an awer genuch Plaz fir mat der Frëndin an d‘Vakanz ze goen.

En Auto dee seng Clientèle huet, wat sech mat 14 Milliounen Eenheeten einfach noweise léisst. An elo am Hiecht 2017 kënnt och déi sechste Generatioun „Polo“ bei d‘Händler. Nach ëmmer éischter onopfälleg, mee mat ganz vill ënnert der Blechhaut.

Moduläre Quer-Baukasten

Als leschten ënnert de klassesche Modeller vum Konzern, ass och de Polo elo (endlech) déi 2012 agefouert MQB-Plattform ëmgestigen. Dës Plattform ass d‘Basis vu villen Autoen am VAG-Konzern, bis ginn zum Skoda Superb. Hinne gemeinsam ass de queesch agebaute Motor, natierlech Frontugedriwen an d‘Moos tëscht der viischter Achs an de Pedallen ass ëmmer gläich.

Beim Rescht ass Flexibilitéit ugesot. D‘Plattform huet awer och bedéngt, datt dee „Kléngen“ elo ëm aacht Zentimeter gewuess ass. Och den Ofstand tëscht den Achsen huet sech ëm ganzer néng Zentimeter verlängert an siwen Zentimeter méi breet ass de Polo elo och.

Neie Polo

Eng Mall déi sech weise léisst. Gutt ass eventuell ze kleng fir ze plënneren, mee et geet genuch dran, fir als Famill an der Vakanz op näischt mussen ze verzichten. Bei 351 Liter Raum-Volumen ass de Kléngen e richteg Groussen.

Kaum festzestellen, de Polo ass zwee Zentimeter méi niddreg . D‘Mall dergéint huet gutt zougeholl. Do klëmmt de Volume vu 280 op 351 Liter. Datt war esou wichteg wéi néideg, well d‘Konkurrenz (Fiesta a Corsa) hate bis ewell hei ee gesonde Virsprong. De Client kuckt awer och an d‘Mall iert sech entscheet.

Konkurrenz vir de Golf?

Datt de Golf elo am eegenen Haus mat der neier Polo-Generatioun eng eescht ze huele Konkurrenz géif kréien, datt léisst sech esou net behaapten. Dozou huet eis de Luciano Zaurrini aus dem Haus Losch dann och déi néideg Erklärunge ginn.

Neie Polo

An der hënneschter Rei – an dat ass dann awer och elo dat eenzegt wou mir elo ze kregéilen hunn – ass et fir déi Erwuessen nëmmen da wierklech bequem, wann déi aus der „éischter“ net iwwergrouss sinn. D‘Däbbessen hunn dogéint ëmmer gutt Plaz, esou datt de Polo fir jonk Familljen eng éierlech Optioun ass.

„Och de Golf gëtt jo net méi kléng. Vun de Moossen hir entsprécht de Polo vun der sechster Generatioun der Gréisst vum Golf III dee 1991 op de Marché komm ass. Den Ofstand tëscht de Modeller, wéi hei zum Golf VI, bleift also erhalen“, esou de Luciano.

„Beim fueren allerdéngs hëlt de Polo op. Dat läit un der Konstruktioun, well all d‘Autoen déi der MQB-Plattform baséieren, eng méi steif Karosserie hunn. Déi gutt an ergonomesch Sëtzpositioun bitt vill Komfort. Et gëtt zudeem kaum nach Niewegeräischer an och d‘Gefill um Steierrad, also de Kontakt mat der Strooss ass exzellent ofgestëmmt“, ënnersträicht de Luciano.

En intelligenten Auto

Gutt de Komfort vun engem Golf oder Passat huet de Polo elo nach net. Dat ass awer och net Usproch deen de Besëtzer vun engem Polo huet. Allerdéngs dierf ee behaapten, datt dat wat een ënnert engem „kléngen“ Auto emol verstanen huet, hei absolut der Vergaangenheet ugehéiert. Et mussen eng ganz Rei Viruerteeler revidéiert ginn.

Neie Polo

Eng Optioun déi mat 265 Euro nëmmen op den éischte Bléck deier ass: „Blind Spot“. Hei erfaasst den Auto alles wat am doudege Wénkel ass, a weist et am Spigel un. En „Extra“ dee sech absolut lount.

De Polo aus der sechster Generatioun léisst sech zum „intelligente“ Partner oprëschten. Et ass keen Auto an deem een op eppes misst verzichten, oder fäerte kéint e géif op den éischte Knubbelen auserneefalen. Nee et ass eigentlech e Bijou, deen ee sech selwer ka gestalten.

All Assistenzsystemer déi VW ze bidden huet kënnen agebaut ginn. Wann een et well, bremst de Polo selbststänneg wann en e Foussgänger erkennt deen op d‘Strooss rennt. Op Wonsch hält de Polo och automatesch Ofstand zum Auto dee virun him ass. Parkt selbststänneg an oder aus, erkennt Autoen am doudege Wénkel.

Net villes an der Grondausstattung

Schued ass dann awer, datt nëmmen déi automatesch Brems inklusiv Foussgänger-Erkennung serieméisseg agebaut ass. De ganze Rescht sinn „Optiounen“ an dat kann, je no Virstellung, dann och zolidd de Budget op d‘Prouf stellen. Als Beispill wier de virtuelle Cockpit ze ernimmen, bei deem d‘Gréisst an d‘Positioun vum Tacho, Tourenzieler oder dem Navi astelle kann.

Neie Polo

Keng Optioun, also scho matbezuelt, de Bremsassistent (Front Assist). E verstoppt sech hannert dem Logo an erkennt op sech eppes virum Auto deet. Huet een net uecht gedoen, trëppelt hie fir de Chauffer op d‘Brems.

Wien sech de Polo ass senger einfachster Ausféierung well zouleeën, muss fir d‘véierdiere Basis „Trendline“ mat engem Dräizylinder 65 PS/1.000 Kubik-Motor 13.630 Euro op den Dësch leeën (En Zweedierer gëtt et net méi). Gutt dee rappt elo net grad d‘Zoossiss vun der Schmier, mee dofir ass en ekonomesch a bréngt ee sécher iwwerall hin.

Dee klengste Motor kritt een awer och mat 75 PS an der Turbovariant mat 95 PS. De Modell „Beats“ mat 95 PS huet eng Siwegang manuell Boîte fir 16.569 Euro an de Modell de Polo mat 115 PS, och mat der Boîte DSG7 kritt een ab 21.120 Euro.

Gutt ausstafféiert

Béid Turbovarianten sinn op der mëttlerer Ausstattungslinn „Comfortline“ ausgeluecht a komme besonnesch jugendlech dohier. Rallysträifen, Sportsëtzer an 300 Watt Sound-Maschinn. De Beats huet Serieméisseg eng USB-Schnëttstell fir den Handy, an all aner Modell muss en dofir en Oppräis bezuelen.

Neie Polo

Ergonomesch gutt geduecht, alles un dat de Chauffer muss drukommen och genee do wou et higehéiert. Den Tableau ass agreabel iwwersiichtlech. Eis „automatic“ Versioun, déi awer och mat Palette fir ze schalten um Steierrad ausstafféiert war, huet eis an allen Hisiichten iwwerzeegt.

Ugesicht der ugespaanter Situatioun géintiwwer dem Diesel, dierft de Bensinner awer de beschte Choix sinn. Schonn elo läit den Undeel un Dieselmotore beim Polo an Europa wäit ënner 20%. E Wäert dee wuel nach weider no ënne muss korrigéiert ginn. Iwwregens eng Entwécklung déi och op de Golf zoutrëfft. Mir gleewen dann och net, datt nach eng nächst 1,6 Liter Diesel-Generatioun wäert ginn.

Bliwwen ass dann awer deem „Klénge“ seng Villsäitegkeet. Emmer eppes méi „Seriö“ wéi all déi „aner“ an optesch de Knaller. „Mat deem dierfs de dech weisen“ verséchert eis de Luciano, an deem muss een zoustëmmen. Woubäi eigentlech d‘VW-Designer net wierklech vill dru gemaach hätten an et sécher nees genuch Leit wäert ginn déi de Polo „langweileg“ fannen.

Nohalteg an eng kloer Linn

Gutt, wat déi eng langweileg nennen, ass fir déi aner nohalteg. De Polo léisst sech vu moudeschen Aflëss wéineg beandrocken an ass och nach an zéng Joer esou Hipp wéi et eben nëmmen e Polo ka sinn. „Et ass kee fir deen ee sech wäert musse schummen“ laacht de Luciano dënn drun erënnert „och de Golf IV ass als langweileg duergestallt ginn, an haut ass e gesichte Modell“.

Beim Polo sollt een sech, wann engem d‘Karosserie souwisou gefält, dann awer den Interieur gutt ukucken. Hei gëtt et knalleg Faarwen an et ass schwéier ze soen op „reef blue“ oder „energetic orange“ elo dat ass wat mir eis wéilten undoen. Mee iwwer de Goût kann ee bekanntlech streiden, also loosse mir dat emol opstoen.

Neie Polo

Eisen  neien „Test“ Polo, dee mir vum Garage Losch zu Bouneweg geléint kritt hunn. 1 Liter TSI – 95 PS an der Highline Ausstattung. Basispräis 19.010 Euro, mat allem wat mir am Auto haten, dann awer scho 26.753 Euro.

Mat engem Polo vun der sechster Generatioun ass dann awer eppes sécher. Hei mécht een näischt Falsch an et kritt ee wierklech vill Auto fir säi Geld. Erlaabt dann nach, datt mir dem Luciano „Lucky“ Zaurini vum Garage Losch op der Diddenuewener e grousse Merci soen. Hien huet eis de Polo virgestallt a mer hunn e ganzen Tank Bensin dierfe „verbrennen“. An ënnert eis, esouvill hätt et net gebraucht fir iwwerzeegt ze sinn.

Net ze vergiessen, datt et eng helle Wull u „Packages“ gëtt: First Pack (fir den Trendline), Drive Pack (fir den Comfort & Highline), Travel Pack (fir den Comfort & Highline) an de Style Pack. Fir all déi Detailer a Präisser steet iech den Luciano „Lucky“ Zaurrini gären zur Säit. Iwwregens, de Garage Losch op der Diddenuewener Strooss huet dëse Samschdeg vun 9 bis 17 Auer extra wéinst dem neie „Familljemember“ op. Dat wier dach eigentlech e gudde Grond sech de neie Polo ukucken ze goen. Et muss een e jo och net direkt kafen…

All d’Fotoen © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Auto, Garage Losch, Neie Polo, Volkswon
Nächsten Artikel Virrechten Artikel