Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Viktor Orban an d‘Justiz
Neiegkeeten

De Viktor Orban an d‘Justiz

Gyöngyöspata ass ee klengt Duerf an Ungarn mat engen 2.500

Gett et deemnächst Cola mat Cannabis Geschmaach?
Neiegkeeten

Gett et deemnächst Cola mat Cannabis Geschmaach?

Cannabis duerchleeft aktuell eng Period vun der „gesellschaftlecher Toleranz“, gëtt

Lëtzebuerg – Kanada: Einfach reese fir Jugendlecher!
Neiegkeeten

Lëtzebuerg – Kanada: Einfach reese fir Jugendlecher!

Am Kader vun der Konferenz vun Toronto zu de Reformen

De Nicolas Schmit wëll op Bréissel

Den Aarbechtsminister huet keng Loscht méi op „Regierung“

De Nicolas Schmit wëll op Bréissel

Wann ee bedenkt, datt den aktuellen Aarbechtsminister, Nicolas Schmit (LSAP) nach viru Méint getéint huet, datt säi Ministère him dat wichtegst wier, esou huet him dat schonn deemools keen esou gegleeft. Datt hien elo seng Fanger a Richtung Bréissel ausstreckt, dat gleeft him all Mënsch.

Mee de Nicolas Schmit wëll net op Bréissel reese fir do als Parlamentarier opzetrieden. Nee de sozialistesche Patient gesäit sech an der Roll vun engem EU-Kommissär. Laut RTL géif esou e Poste souwisou engem Sozialist zoustoen. Dat dësen dem Nicolas Schmit soll zoukommen, datt allerdéngs ass nach net gekläert. Do huet nach en anere Minister säi Wuert matzeschwätzen.

An dat ass keen anere wéi eise Vizepremier, Etienne Schneider. Ënnert der Berécksiichtegung, datt am Ament nach Koalitiounsverhandlungen zur Erstellung vun der neier Regierung lafen, an d‘EU-Wahlen eréischt am Mee 2019 stattfannen, kënnt dës „Personaldebatte“ net grad giedlech.

Firwat dann de Won elo virun den Ochs spanen? Déi Äntwert bleift eis de Nicolas Schmit schëlleg. Hien huet just RTL erzielt, datt hie net méi wëll en Deel vun der Regierung sinn, an datt hien sech gutt op engem Posten als EU-Kommissär gesäit. Nach virun e puer Joer wier him en Job um europäesche Rechnungshaff duer gaangen… Elo weess een awer wéinstens firwat hie Minister war.

Konkurrenz op héchstem Niveau

Et dierft genuch Leit zu Lëtzebuerg ginn, déi de Nicolas Schmit – aus den ënnerschiddlechste Grënn – gären zu Bréissel géife gesinn, mat Ausnam natierlech vum Etienne Schneider. Hie konnt net aus dem Schied vum charismatesche Xavier Bettel trieden, an muss sech de Virworf gefale loossen, e Macronist ze sinn. Do wier de Poste vum EU-Kommissär, eng wëllkomm Ofwiesslung.

Wien sech elo e „Brudder-Duell“ bei de Sozialisten erwaart, dee muss op dëser Plaz enttäuscht ginn. Grad ewéi et a Punkto „Koalitiounsregierung“ beschtefalls aktualiséiert Spekulatioune gëtt, esou ass et e wäite Wee bis op Bréissel, och wann de Poste vum Kommissär Besonnesches ass.

Hale mir nach kuerz bei de Spekulatioune stall. Laut RTL wier de Fernand Etgen (DP), aktuell nach Landwirtschaftsminister, um Job als Chamberpresident interesséiert. Dat awer géif bedeiten, datt et derzäit keng einfach Koalitiounsverhandlunge gëtt. Zumindest ugesiichts der Feststellung, datt et direkt dräi Regierungsmembere sinn, déi sech „nei orientéiere“ wëllen.

An esou hu mir nach eppes Zäit virun eis, well, wéi heescht et esou schéin: „Näischt Genaues weess een net“. Kloer, bei de Koalitiounsverhandlunge muss och iwwer Posten a Ministèren diskutéiert ginn, an esou wéi d‘Wahlen ausgaange sinn, muss d‘LSAP vill Waasser an hire Wäi schëdden…

Ähnlech Sujeten Bréissel, Etienne Schneider, EU-Kommissär, Europawahlen 2019, Nicolas Schmit
Nächsten Artikel Virrechten Artikel