Den neien nationale Fussball- a Rugbystadion hëlt Form un
Tëscht der Cloche d‘Or an de Kockelscheier geleeën, kann ee
Tëscht der Cloche d‘Or an de Kockelscheier geleeën, kann ee
Lëtzebuerg wëll sech am Digitale behaapten, dem Land eng Virreiderroll
2018 fënnt den Dag vum Timber an der Schongfabrick zu
Eigentlech wollt déi nei EU-Kommissiounspresidentin eréischt um Mëttwoch déi ganz Lëscht mat de Nimm an de respektive Ressorte vun den auserwielten EU-Kommissäre public maachen, a wéi esou oft, et schéisst ëmmer iergendee virschnell aus der Hëft.
De fréieren Aarbechtsminister Nicolas Schmit (LSAP) dee eigentlech hutt zu Bréissel opgehuewen ass, hätt sech gewënscht Kommissär fir Aarbecht a Soziales ze ginn, e Beräich vun deem hien dann och iwwerzeegt ass, déi entspriechend Kompetenzen ze hunn.
Elo geet dëse Wonsch net an Erfëllung an eigentlech war, well sech op déi perfekt Paritéit vun de Geschlechter fixéiert gouf, net wierklech e Mandat fir de Sozialist dran. Mee et wat alles hannert dem Bréisseler Rideau esou gemauschelt gëtt weess keen esou genee.
Mee datt „gemauschelt“ gëtt ass spéitstens zanter der Ernimmung vum Ursula von der Leyen fir de Poste vum EU-Kommissiounspresident der ganzer Welt bewise ginn. A firwat sollt de Nicolas Schmit net vum „Gemauschels“ profitéieren?
Hie kritt elo d‘Kommissariat „Finanzen“ zougestanen an den Alex Bodry, LSAP-Fraktiounschef um Krautmaart fënnt dat fantastesch, an huet dat och mat engem Tweet der ganzer Welt matgedeelt. Et ass dann och zanter 1981 nees e Lëtzebuerger Sozialdemokrat EU-Kommissär.