Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den Donald Trump fënnt dem James Comey säin neit Buch net gutt
Meenung Neiegkeeten

https://moien.lu/would-you-rather-dating-style/

„Ligener, Fatzbeidel“: sinn déi vertrietbar Wierder, déi den US-President um

dating a cold hearted person
https://moien.lu/st-petersburg-florida-dating/
Meenung Neiegkeeten

Déi Blo mat „Häerz a Séil“ fir hir Stad

Et war esouwuel e flott wéi och ongewinnte Bild. Bei

Wann de Vollert d’Tramsschinne méi genee kucke wëll
Meenung Neiegkeeten

Wann de Vollert d’Tramsschinne méi genee kucke wëll

Wéi d’Police matdeelt ass et an de leschten zwee Deeg

Editorial: An der Konsequenz och de NIGHT RIDER gratis maachen

Editorial: An der Konsequenz och de NIGHT RIDER gratis maachen

Nodeems, dem Norddeputéierte Marco Schank (CSV) seng Motioun d‘Aféierung vun der Gratuitéit vum ëffentlechen Transport op de Service ADAPTO auszedehnen, an der Chamber verworf ginn ass an et an de sozialen Netzwierker zu engem gréisseren Tumult komm ass, huet d‘Regierung, villméi de kompetente Ministère an Ofsprooch mat aneren, decidéiert, dësen elo awer gratis unzebidden…

Datt den ADAPTO ni och net emol am Usaz „ëffentlechen Transport“ war, an de Beitrag vu 5 Euro fir ee Wee, 8 Euro fir en Aller-retour an aller Regel duerft als „sozial“ presentéiert ginn, geet deene meeschten um Allerwäertesten erlaanscht. Et interesséiert och keen, datt wann d‘CSV an der Regierung wier, et ni zu dëser Motioun komm wier, vun där si woussten datt se net géif duerchgoen.

Et war e politesche Kalkül, et huet een op sech opmierksam gemaach, an dat mat engem Sujet bei deem d‘Leit emotional, leider awer net rational, mat „diskutéiert“ hunn. D‘Regierung huet also elo noginn an schonn esou eppes wéi e Prezedenzfall geschafen, firwat et elo ubruecht a rechtens wier, den „erweiderten ëffentlechen Transport“ deen als NIGHT RIDER bekannt ass, gratis ze maachen.

Och dat ass jo u sech e personaliséierte Service, och wann deen eigentlech nëmmen iwwert de Weekend tëscht 18 a 5 Auer ugebuede gëtt. An och dëse Service, deen sech an éischter Linn u Jonker a Mënsche mat ausgepräagter Feierlaun riicht, ass esou ausgeriicht, datt Mënsche mat begrenzter oder ageschränkter Mobilitéit dësen einfach notze kënnen. An dee kascht och Geld.

Den Night Rider gëtt vun de Gemenge subventionéiert, ass en individuellen Nuetsbus ouni feste Fuerplang an Haltestellen (also no um System wéi den Adapto). Et ass u sech e Sammelbus, wéi et wuel och beim Adapto wäert de Fall ginn, elo wou do mussen „Ännerunge“ virgeholl ginn. Am Sënn vun „Gläicht Recht fir jiddereen“ sollt de François elo och dëse Service gratis maachen.

Wa beim ADAPTO ugefouert ginn ass, datt sech d‘Leit dësen net oder kaum leeschte kënnen (wat zwar quatsch ass, an mir eis fir e Remboursement bei Härtefäll ausgeschwat haten), esou sollt ee wëssen, datt déi jugendlech och kee Goss hunn. Also zumindest net méi wéi dat bei Mënsche mat engem Handicap de Fall ass. Et wier also nëmme rechtens och den Night Rider gratis ze maachen.

Foto: © Sales Lentz

Ähnlech Sujeten ADAPTO, Ëffentlechen Transport, François Bausch, Gratuitéit, Night Rider
Nächsten Artikel Virrechten Artikel