Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
Op Missioun an Amerika
Neiegkeeten

Op Missioun an Amerika

Den Ierfgroussherzog Guillaume an de Finanzminister Pierre Gramegna (DP) waren

coollaughing
34 Saachen, déi s de kenns, wann s de an de 90er opgewuess bass
Neiegkeeten

34 Saachen, déi s de kenns, wann s de an de 90er opgewuess bass

Et ass schonn eng Zäitchen hier wou s du Airwalks

money
Handel: No Peking sicht och Bréissel no enger Léisung mam Trump
Neiegkeeten

Handel: No Peking sicht och Bréissel no enger Léisung mam Trump

D‘Handels- a Wirtschaftsminister gesinn sech haut zu Bréissel, fir iwwert

D‘ADR schléit de Nol op de Kapp

D‘ADR schléit de Nol op de Kapp

„Wann een dem Pierre Gramegna gleewe soll, sinn d’Staatsfinanze kärgesond. Wien sech de Budget allerdéngs méi genee ukuckt, wäert schnell mierken, wéi d’Zuele manipuléiert goufen: Hei gëtt en Emprunt vun 1,3 Milliarden Euro als Haushaltsiwwerschoss duergestallt. D’Spezialfonge vun 1,7 Milliarden Euro besti just nach um Pabeier“, esou de Gaston Gibéryen.

Esou an net anescht denoncéiert d‘ADR eng „falsch Informatioun“, déi vun der Regierung gestreet géif ginn, fir d‘Bierger am Virfeld vun de Chamberwahlen ze täuschen. Dem Finanzminister Pierre Gramegna (DP) gëtt zudeem de Virworf gemaach, datt hien sech domatter bretzt, datt d‘Zuele vum Budget nach ni esou gutt gewiescht wieren, wat sech bei geneeër Betruechtung als Ligen erweist.

Eng konfus Kommunikatioun

D‘Staatsfinanze géifen net „éierlech“ duergestallt ginn, iergert sech d‘Reformpartei, firwat et néideg ass sech d‘Zuelen eppes méi genee unzekucken. Do stellt een da fest, de villes vun de Virwërf och zoutrëfft.

Mam Bezuch op e Communiqué aus dem Finanzministère (vum 22. Juni), an deem ze liesen ass, datt „le compte général 2017, établi selon les règles de la loi de 1999 sur la comptabilité de l’État, s’est clôturé avec un excédent de 1.352,9 millions d’euros, alors que le budget voté avait prévu un déficit de 850,9 millions d’euros“, wat zimlech konfus ass, well hei en Zesummenhang tëscht dem Budget an der Staats-Tresorerie gemaach gëtt.

Richteg misst et heeschen: „ Le compte général 2017, établi selon les règles de la loi de 1999 sur la comptabilité de l’État, s’est clôturé avec un excédent de 1.352,9  millions d’euros. Le budget voté avait prévu un déficit de 850,9 millions d’euros“. An hei preziséiert de Gaston Gibéryen dann och, datt d‘Tresorerie déi en Iwwerschoss opweist, och d‘Emprunte vun 2017 abegräift, an datt hätt elo awer guer näischt mam Budget ze dinn.

Vu Geld dat een nach net ausginn huet…

Do wou dem Deputéierte vun der Reformpartei dann endgülteg den Hutt héich geet, ass bei der Analys vun den Zuelen aus dem éischte Semester vum Budget 2018. An op e neits schléit d‘ADR de Nol op de Kapp. De Pierre Gramegna géif sech als Held vun der éischter Stonn presentéieren, a mat Zuele ronderëm sech geheien, déi alles am beschte Liicht erschénge loossen.

An de Gaston Gibéryen erkläert, datt wann de Finanzminister vu „gudde Resultater“ schwätzt, déi bescht déi et jeemools soll ginn hunn, dann huet dat ee ganz anere Grond, wéi dee wou ugefouert gëtt. Et wieren net all d‘Ausgaben opgehuewe ginn, entgéint deem wéi et no engem Exercice vu 6 Méint misst sinn. Also sinn déi virgestallten Zuele falsch, zumindest an der Interpretatioun.

Hei dierf een drun erënneren, datt sech de Pierre Gramegna an der Finanz- a Budgetskommissioun, iwwert den Iwwerschoss an Héicht vu 702,5 Milliounen Euro, esou wéi se Enn Juni aus den Zuele vum Budget „geholl“ gi sinn, gefreet huet. Wat hie sengerzäit net gesot huet, ass, datt nëmme 40,9% vun den ordinären Ausgaben, opgehuewe goufen.

Entsprécht net den Tatsaachen

Fir sengem Argument eng zolidd Grondlag ze ginn, huet den ADR-Deputéierten dann och Tabelle virgeluecht, an déi doranner enthalen Zuele ginn him Recht. Am Schnëtt leien, an dat zanter 2014, d‘Ausgabe bei 49% wann de Budget an d‘Halbzeit kënnt. Wann een sech awer beim „ophiewe“ vum Geld zréckhält, kann een esou e fantastesche Bilan virleeën, mengt de Gaston Gibéryen.

Elo huet dat awer zur Konsequenz, datt den Iwwerschoss, mat deem sech „gebretzt“ gouf, guer net besteet. Sécher, d‘Zuelen u sech si richteg, mä se loossen sech net méi mat de virechten Exercicer vergläichen. Géif een sech op d‘Moyenne beruffen, da misst um Enn vun der Tabelle en Defizit an Héicht vun 378,8 Milliounen Euro stoen, esou d‘Feststellung vum ADR-Deputéierten.

„An esou“, insistéiert de Gaston Gibéryen, muss betount ginn, datt „10% ënnerscheet am Budget eng Zomm vun 1,3 Milliarden Euro ausmaachen“. Hie schwätzt dann och vu Manipulatioun a freet sech firwat déi 10% Ausgaben net opgehuewe gi sinn.

Mee de Finanzminister ass net vu gëschter, an am RTL-Interview stellt hie pragmatesch fest, datt et sech hei ëm en Zoufall handelt, an en Zesummenhang mat de Chamberwahlen net ginn ass. Déi „Differenzen“ hätte mat saisonsbedingte Variatiounen ze dinn. Hie bleift dann och zouversiichtlech, datt Zuele vun dësem Joer gutt wäerte ginn.

mam Laure Schlesser

Ähnlech Sujeten adr, Budget, Chamberwahlen 2018, Gast Gibéryen, Pierre Gramegna
Nächsten Artikel Virrechten Artikel

Deng Reaktioun op dësen Artikel?

  • LOL

    1

  • Cool

    7

  • Fail

    0

  • Cry

    0

  • Angry

    0

  • WTF

    10

  • Crazy

    0

  • Love

    0