Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

CID Fraen an Gender – Schlagzeile mat Folgen
hook up 98

CID Fraen an Gender – Schlagzeile mat Folgen

D’Gläichheet vum Akommes ass erreecht. Op alle Fall huet den

https://moien.lu/dating-a-guy-bigger-than-you/
hook up 98

online dating chat uk

Wéi um 28. Februar konnt festgestallt ginn ass d’Zuel vun

surprise
Jean Asselborn ënnersträicht d’Wichtegkeet vun der Zesummenaarbecht mat den USA beim Aarbechtsiesse mam Rex Tillerson
hook up 98

Jean Asselborn ënnersträicht d’Wichtegkeet vun der Zesummenaarbecht mat den USA beim Aarbechtsiesse mam Rex Tillerson

Um Dënschdeg huet eisen Ausseminister Jean Asselborn um Aarbechtsiesse vun

De PAP „Portal Eent“ zu Esch ass (fir den Ament) vum Dësch

Den onofhängege Conseiller Dan Codello kritt no 4 Méint geäntwert

De PAP „Portal Eent“ zu Esch ass (fir den Ament) vum Dësch

An engem ëffentlechen Avis hat den Escher Schäfferot eng punktuell Modifikatioun vum PAP „Portal Eent“ annoncéiert. Bei der Analys vun den Dokumenter huet den onofhängege Conseiller, Dan Codello, festgestallt, datt am Lous A1 eng Konstruktioun op 19 Niveauen a enger Bau-Notzfläch vun 8.100 M² virgesinn ass.

Doriwwer ass den Dan Codello eppes verwonnert, well an der Versioun déi vum Gemengerot gestëmmt ginn ass (9 Februar 2018), d‘Lous A1 als Gebai mat bis zu 7 Niveaue fir eng Bau-Notzfläch vun 8.100 M² definéiert gouf. Dës Versioun vum PAP hat an der Bautekommissioun (30. Januar 2018) e favorabelen Avis kritt an am Inneministère de 27. Abrëll 2018 och ugeholl ginn.

Hei stellt de Conseiller elo a senger schrëftlecher Fro un de Schäfferot fest, datt een amplaz vun der „punktueller Modifikatioun“ dem Promoteur den agereechte Projet hätt missen imposéieren. Net ze vergiessen datt et och do schonn zu sëllechen a berechtegte Reklamatioune vun den Awunner aus dem Quartier komm ass, firwat déi al Majoritéit de Projet zréckgezunn hat.

Dorausser erginn sech folgend Froen un de Schäfferot:

  • wat sinn d‘Argumenter déi de Schäfferot dozou bruecht hunn dës „punktuell Modifikatioun“ virzehuelen?
  • wéi erkläert sech dës Sënneswandlung tëscht dem Vott vum 9. Februar 2018 an der neier Virstellung vun der Versioun mat dem iwwerdimensionéierten Tuerm?
  • an der Gemengerotssëtzung vum 9. Februar 2018, hat de Bauteschäffe vun enger bedeitender Verbesserung a sozialer Mixitéit geschwat. Wéi erkläert dee selwechte Schäffen elo d‘Virstellung vum „neie“ Projet?
  • wéi wichteg sinn engem Schäfferot de Vott vum Gemengerot an d‘Awänn vun den Awunner?
  • am Kontext vun der Biergerbedeelegung, déi dem Schäfferot jo um Häerz läit, wier et do net sënnvoll sech mat den Awunner vum Quartier zesummenzesetzen an dësem d‘Argumenter virzedroen déi zu dëser punktueller Modifikatioun gefouert hunn?

Geäntwert gouf schrëftlech den 23. Mee

Als Aleedung huet de Schäfferot dem Conseiller Dan Codello emol matgedeelt, datt déi ugeschwate punktuell Modifikatioun net an der ëffentlecher Sëtzung zur Sprooch komm ass, well de Promoteur säi „Projet“ zréckgezunn huet.

De Conseiller gëtt dann och frëndlech drop higewisen, datt hien duerchblécke léisst, datt d‘Prozedur op Initiativ vun der Stad Esch Uelzecht, respektiv dem Schäfferot lancéiert gi wier. Deem ass net esou, d‘Modifikatioun vum PAP war vum Promoteur agereecht ginn an de Schäfferot huet sech leedeglech un déi vum Gesetz (19. Juli 2004) virgesi Prozedur gehalen.

Esou wéi et de Gemengerot eestëmmeg a senger Sëtzung vum 3. Mee festgestallt huet, ass de Projet vum Promoteur fale gelooss ginn. Et géif dann och dem Schäfferot net zoustoen, sech zur Motivatioun vun engem „Drëtten“ auszeloossen. Et wier och net um Schäfferot en Dossier ze kommentéieren, dee wëll en zréckgezu gouf, net méi am Gemengerot diskutéiert konnt ginn.

Foto: Achim Scholty / Pixabay

Ähnlech Sujeten Dan Codello, Esch-Uelzecht, PAP Portal 1
Nächsten Artikel Virrechten Artikel