Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Carles Puidgemont iwwerzeegt Katalounien vu Bréissel aus leeden ze kënnen
International Neiegkeeten

De Carles Puidgemont iwwerzeegt Katalounien vu Bréissel aus leeden ze kënnen

Déi emblematesch Figur vun der katalanescher Onofhängegkeet, de Carles Puidgemont,

Während dëser Zäit…
International Neiegkeeten

Während dëser Zäit…

Während de Finanzminister Pierre Gramegna vum 17. op den 20.

CPJPO versus Kartheiser: Antisemitismus ass keng Klengegkeet
International Neiegkeeten

CPJPO versus Kartheiser: Antisemitismus ass keng Klengegkeet

An engem gehéierege Communiqué huet d‘ONG „Comité pour une paix

De patrioteschste vun alle Feierdeeg

US-Milliardär notzt Onofhängegkeetsdag zur Demonstratioun vu Stäerkt an Iwwerleeënheet

De patrioteschste vun alle Feierdeeg

Et ass sécherlech net verkéiert um nationale Feierdag eppes den Houfert eraushänken ze loossen, woubäi een et natierlech och iwwerdreiwe kann. No der obligater Militärparad huet den Donald Trump dann och seng Matbierger, mee virun allem d‘Weltgemeinschaft drun erënnert, wéi eng Natioun déi gréisst, stäerkst an dominantst ass.

Am Lincoln Mémorial zu Washington, huet de 45. President festgestallt: „Ons Natioun ass esou staark wéi ni. (…) Fir Amerikaner ass näischt onméiglech“. Den Donald Trump huet un déi grouss Errongenschafte vun den USA erënnert. „Mat dëser besonnescher Ovatioun fir Amerika, komme mir haut als Natioun zesummen. Mir feieren eis Geschicht, ons Vollek an d‘Helden déi houfreg eise Fändel verdeedegt hunn – déi daper Männer a Frae vun den US-Arméien“.

Feierdeeg

Iwwerhaapt war et alles an allem eng grouss Demonstratioun vun a fir déi ënnerschiddlech US-Waffegattungen. Esou ass eng vun den zwou Boeing 747 – déi ëmmer dann zur Air Force One ginn, wa sech de Milliardär dra befënnt – iwwer d‘Haaptstad geflunn, gefollegt vu Kampffliger an enger impressionnanter Unzuel vu Kampfhelikopter. Och B2-Tarnkappebomber sinn iwwert d‘Käpp vun de Leit geflunn, während den Donald Trump d‘Buedemtruppe gewierdegt huet.

Feierdeeg

Den US-President huet seng Truppen als déi bescht Zaldoten op der Welt bezeechent an d‘Jugend ermontert sech eng vun de ville Waffegattungen unzeschléissen. An d‘Welt – besonnesch awer déi Länner mat deenen sech d‘USA den Ament net esou gutt verdroen – sollt wëssen: „Mir wäerten ni vergiessen, datt mir Amerikaner sinn an datt d‘Zukunft eis gehéiert“. E Message dee weder zu Peking, nach zu Moskau, dierft iwwerhéiert gi sinn.

Feierdeeg

Och esou kritt een et hin, de patrioteschste vun alle Feierdeeg ze zelebréieren. A während dem US-President seng Fans vu Begeeschterung ënnert sech gemaach hunn, verweisen seng Kritiker op d‘Verschwendung vu Steiergelder. Richteg iwwel geholl gëtt de Fait, datt den Donald Trump sech den Nationalfeierdag ugëeegent huet, fir sech a seng Persoun an de Mëttelpunkt ze stellen. Woubäi een net vergiessen dierf, datt de Milliardär matten am Wahlkampf stécht.

Feierdeeg

An alles wat hie sech esou gewënscht hat, ass him jo dann awer net erlaabt ginn. De gréissten Diplomat aller Zäiten hat eigentlech gehofft eng riseg Militärparad offréiert ze kréien. Hie war 2017 zu Paräis um „quatorze Juillet“ an et schéngt wéi wann eis Noperen de kauzege President zolidd impressionnéiert hätten. Esou eppes wollt hien och, mee nach méi grouss a nach méi schéin. Dat hunn se him dann awer – well vill ze deier – net vergënnt.

mat indymedia/was

Foto: © Diane/NC

Ähnlech Sujeten 4. July, 4th of July, Donald Trump, Make America Great Again, Nationalfeierdag
Nächsten Artikel Virrechten Artikel