Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Tacheles: CGFP: Déi sozial Dimensioun vun Europa elo stäerken
International Money electrical hookup for tiny house

https://moien.lu/dating-german-man-advice/

An erëm geet e Joer zu Enn. Laut dem Statec

celebs go dating 2018 jonathan
International Money electrical hookup for tiny house

Am Dossier Google brauch et endlech Äntwerten

Wa gewosst ass, datt sech den amerikaneschen Internetkonzern Google zu

Vu wéi enge Perséinlechkeeten stamen dës Zitater?
International Money electrical hookup for tiny house

Vu wéi enge Perséinlechkeeten stamen dës Zitater?

Et gi vill bekannte Fraen am Showbiz. Mee erkenns du

money

Japan: Untersuchungshaft fir de Patron vu Renault-Nissan

Parquet vun Tokio bestätegt d‘Verhaftung vum Carlos Ghosn, d‘Aktie briechen an

Japan: Untersuchungshaft fir de Patron vu Renault-Nissan

Um Dënschdeg huet de Parquet vun Tokio bestätegt, datt de Carlos Ghosn, CEO vun der Allianz „Renault-Nissan-Mitsubishi Motors“, verhaft ginn, an elo an Untersuchungshaft gesat ginn ass. Him gëtt d‘Verschleierung vun Akommes a Steierflucht virgeworf.

Laut engem Communiqué, soll de 64 järegen „conspiréiert hunn, fir seng Pai 5 mol – tëscht Juni 2011 a Juni 2015 – ‚minimiséiert‘ ze hunn“. Géintiwwer dem Steieramt huet de Beschëllegten d‘Zomm vun 4,9 Milliarde Yen (dat si ronn 37 Milliounen Euro) deklaréiert. De Parquet behaapt sengersäits, datt de Carlos Ghosn iwwert dësen Zäitraum bal 10 Milliarde Yen verdéngt huet.

De mächtegen Industrielle war e Méindeg festgeholl ginn. Dat no enger méintelaanger interner Enquête vun Nissan, déi hir Erkenntnisser un de Parquet weidergereecht huet. Um Méindegowend huet den Exekutiv-President vum japaneschen Hiersteller, Hiroto Saikawa, bei der Pressekonferenz nach weider Verontreiungen, wéi den Usage vu Betribsgidder zu eegenen Zwecker, genannt.

Renault

De CEO vun Nissan Motors, Hiroto Saikawa, huet säi fréiere Mentor, Carlos Ghosn, net geschount, an denoncéiert, datt dësem esouvill Muecht zougestane konnt ginn. © Behrouz Mehri/AFP

Den Hiroto Saikawa huet haart Wierder géint säin ale Mentor agesat. De Carlos Ghosn, wier gefall, well hien d‘Muecht ze vill konzentréiert huet. „Et ass e Problem, datt esouvill Autoritéit, enger eenzeger Persoun zougestane ginn ass“, sot hien um Sëtz vum Grupp zu Yokohama, e Viruert vun Tokio. Den Hiroto Saikawa huet och nach déi „däischter Säit“ vun der Ära Ghosn denoncéiert.

De Spriecher vun der Regierung, Yoshihide Suga, huet en Dënschdeg déi ganz Situatioun als „extrem bedauerlech“ beschriwwen. Hien sot allerdéngs och, datt d‘Regierung de juristesche Volet vun der „Affär“ net ze kommentéieren huet.

Aktie verléiere massiv u Wäert

Um Dënschdegmueren ass de Wäert vun der Nissan-Aktie op der Bourse vun Tokio, ëm ganzer 6% an d‘Gette gaangen. Kuerz no Mëtternuecht war de Wäert vun der Nissan-Aktie op 940 Yen gefall, dat entsprécht -6,5%. Och de Wäert vun der Mitsubishi-Aktie ass op 680 Yen erofgaangen (-6,8%).

Déi japanesch Hiersteller, Nissan a Mitsubishi, mussen sech elo vum Carlos Ghosn „trennen“. Wéi et bei Renault weidergeet? De franséische Constructeur huet matgedeelt, datt de Verwaltungsrot elo muss zesummekommen, fir sech en eegent Bild iwwert d‘Situatioun maachen ze kënnen. Et géif een zudeem op méi prezis Informatioune waarden.

Och d‘Renault-Aktie huet um Méindeg, nodeems d‘Verhaftung bekannt ginn ass, zolidd Plomme gelooss. Op der Bourse vu Paräis, verléiert Renault bei Ofschloss 8,43% a fält op 59,96 Euro erof. No den éischte Presseinformatiounen, hat d‘Aktie kuerzzäiteg -12% ugewisen.

mat AFP

Foto: De CEO vu Renault a President vun der „Japan’s Nissan Motor CO. Ltd“ a „Mitsubishi Motors Corp.“, Carlos Ghosn (hei bei engem Fotoshooting de 12. September zu Boulogne-Billancourt) sëtzt zu Tokio an Untersuchungshaft. Him gëtt ënnert anerem Steierflucht virgeworf. © Joel Saget/AFP

Ähnlech Sujeten Carlos Ghosn, Japan, Miitsubishii, Nissan, Renault, Untersuchungshaft
Nächsten Artikel Virrechten Artikel