Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Neiséiland: War d‘Verhaftung vum Kim Dotcom juristesch korrekt?
Kultur Neiegkeeten

Neiséiland: War d‘Verhaftung vum Kim Dotcom juristesch korrekt?

Déi spektakulär Verhaftung vum Kim Dotcom am Joer 2012 soll

Gouverneur vu Kalifornien rifft de Noutstand aus
Kultur Neiegkeeten

Gouverneur vu Kalifornien rifft de Noutstand aus

Dréchent Wieder a staarke Wand bereeden den Autoritéiten zolidd Suergen.

Rohingyas am Bangladesch: eng Communautéit vrum Ofgrond
Kultur Neiegkeeten

Rohingyas am Bangladesch: eng Communautéit vrum Ofgrond

Zanter dem 25 August, esou de Communiqué vun Dokteren ouni

De Picadilly féiert net virtuell mee hëlt de Bus

De 25. Juli sinn se am Zentrum, den Dag drop am Norden, den 1. August am Süden an den Dag drop am Osten. Den 8. August gëtt de Picadilly mat engem Drive-in zu Stadbriedemes ofgeschloss.

De Picadilly féiert net virtuell mee hëlt de Bus

Eigentlech fënnt de Picadilly – dat grousst Wäifest – zu Stadbriedemes an engem risegen Zelt op der Wiss bei der Schleis statt. Leider huet d‘Covid19-Pandemie och hei säin Tribut verlaangt. Mat engem Live-Event gëtt et 2020 also folgerichteg näischt. Dat verhënnert net, datt d‘Organisateuren déi gutt Laun an de Picadilly dëst Joer wéilten ausfale loossen.

De Friemeverkéiersveräi vu Stadbriedemes, deen dëst grousst Fest all Joer organiséiert wollt awer och net op eng digital Versioun setzen. Schliisslech geet et bei dësem grousse Wäifest jo virun allem och ëm de gustative Spaass, firwat ee sech entscheet huet nei Weeër unzegoen. Mat engem grousse Bus – dee vu de Camionnette vun de lokale Wäinhändler begleet gëtt – wëllen d‘Organisateuren de Picadilly bei d‘Leit bréngen. Esou muss ee vläicht op d‘Party, net awer op de Wäi verzichten.

Elo kann een de Wäi wuel nëmmen „Degustéieren“ wann de Bus bei engem virstelleg gëtt, mee et dierf een es esouvill kafe wéi ee Loscht huet. Et sollt een dësen Termäin awer net verpassen, wëll all Halt dauert tëscht 90 Minutten an 2 Stonnen. Mam „Picadilly on Tour“ sollen, ouni datt et zu gréissere Versammlunge kënnt, de Gedanke vum grousse Wäifest an d‘Wäiner an d‘Land gedroe ginn. Hei goufen och all d‘Mesure getraff, fir de sanitäre Recommandatioune gerecht ze ginn.

Ganz nom Motto: “dir kënnt des Joer net bei eis, da komme mir bei iech”, maache mir eis mat eise Partner Voyages Emile Weber, de lokale Wënzer Domaine Cep d’or an Domaines Vinsmoselle souwéi dem Foodrider wärend 3 Weekender mam Picadilly Bus ob de Wee quer duerch d’Lëtzebuerger Land mat Halt a 25 Uertschaften.

Si hunn awer net nëmmen e ganz detailléierte Plang zu den Installatiounen an de verschiddene Stied ausgeschafft, nee et huet och eng Rei Autorisatioune vun der Douane gebraucht. Dat fir och emol op de groussen Opwand hinzeweisen, deen de Friemeverkéiersveräi vu Stadbriedemes op sech geholl huet, fir de Frënn vum Picadilly awer nach eppes festlech Stëmmung zoukommen ze loossen. Et dierf een och ënnersträichen, datt d‘Iddi gutt opgeholl gouf an vill Gemengen d‘Aktioun begréissen.

Wann et der och ginn huet, déi de Bus an d‘Camionnette länger bei sech opgeholl hätten, wat leider de Programm, dee sech iwwer zwee Weekender erstreckt, net zouléisst wann ee méiglechst ville wëll gerecht ginn, esou hunn se sech all bereet erkläert dëse Gedanke mat Flyer an/oder engem Hiwäis am Gemengebuet grouss unzekënnegen. Ee Geste dee vun den Organisateure mat vill Freed opgeholl ginn ass, a schonn eng kleng Entschiedegung fir déi vill Aarbecht am Virfeld duerstellt.

Annex: De ganze Programm

Ähnlech Sujeten Friemeverkéiersveräin, Picadilly, Picadilly on Tour, Stadbriedemes
Nächsten Artikel Virrechten Artikel