Search

You may also like

corona.letzshop.lu: Déi nei Online-Verkafsplattform fir vulnerabel Persounen
International Neiegkeeten Stories

corona.letzshop.lu: Déi nei Online-Verkafsplattform fir vulnerabel Persounen

Um haitegen Dag lancéieren de Minister fir Mëttelstand Lex Delles

Alles Guddes fir den Ierfgroussherzog Guillaume!
International Neiegkeeten Stories

Alles Guddes fir den Ierfgroussherzog Guillaume!

Haut kann déi ierfgroussherzoglech Koppel de Gebuertsdag vum Prënz Guillaume

D‘Leit aus dem Québec hunn sech fir de Nationalismus entscheet
International Neiegkeeten Stories

D‘Leit aus dem Québec hunn sech fir de Nationalismus entscheet

Et war schonn esou eppes wéi e „politescht Äerdbiewen“ nodeems

Net déi beschten Zäit fir e Veto (Analys)

Net déi beschten Zäit fir e Veto (Analys)

Am Gestreits ëm Rechtsstaatlechkeet, bleiwen den Ament de pluriannuellen EU-Budget an d‘EU-Coronavirus-Finanzhëllef op der Streck. Polen an Ungarn hunn hire Veto ageluecht, wëllen awer de Familljekrees net verloossen. Wat ass machbar, wat muss gemaach ginn?

Den däitschen Europa-Staatsminister Michael Roth (SPD) huet am Numm vun der Bundesregierung déi polnesch a ungaresch Regierungen opgefuerdert hire Veto zeréckzezéien. Et wier grad net de passende Moment existenziell Decisiounen ze blockéieren, just well ee beleidegt an onzefridde mat sech an der Welt ass. Zudeem wieren d‘Bierger an der Unioun op dës Ënnerstëtzung ugewisen.

Mee d‘Fronten si verhäert, wat ugesiichts deem wéi sech béid Memberen am leschte Joerzéngt an der Gemeinschaft beholl hunn net verwonnert. De Michael Roth, deen d‘Konferenz vun den Europaminister geleet huet, sinn et d‘Mënschen, déi d‘Folge vum Veto ze stemmen hunn, an weder Polen nach Ungarn dovunner sollten ausgoen, datt d‘EU sech vun der Rechtsstaatlechkeet trennt.

Richteg ass – an et ass wichteg datt duebelt ze betounen – datt weder Warschau nach Budapest ee Problem mam Konjunkturplang hunn. Si wëlle verhënneren, datt hir nationalkonservativ a schonn däitlech faschistesch Ideologien op de Leescht geholl ginn, e vun hinne verlaange kann datt Justiz a Press onofhängeg sinn, a villes méi, wéi beispillsweis Solidaritéit oder (ganz verréckt) Toleranz.

Wann awer d‘Ausbezuele vu Subsiden, Finanzhëllefen oder soss Gelder un d‘Anhale vun eben der Rechtsstaatlechkeet gebonne ginn, also bei Verstéiss géint europäesch Grondsätz, Wäerter a Recht, manner Geld fléisst, da wëllen déi zwee net matmaachen. Anersäits dierf de Rechtsmechanissem vun der Unioun net opgeweecht ginn, dozou schéngt et esouguer bei der EPP e Konsens ze ginn.

Iergendwou hält d‘Frëndschaft op

Wann ee bedenkt, datt de Fraktiounschef vun der rietskonservativer europäescher Vollekspartei, de Manfred Weber (CSU), eigentlech ideologesch ganz op der Linn vu senge polneschen, mee ganz besonnesch sengen ungaresche Frënn aus der Fidesz steet, sech och fir „Sanktiounen“ asetzt, fir de Fall datt et zu de genannte Verstéiss kënnt, sollt ee mengen datt eppes un deem Ganzen drun ass.

Mee d‘Positioune sinn den Ament festgefuer an ouni Eestëmmegkeet ass et juristesch kaum bis guer net méiglech de Pak u Finanzhëllefen op de Wee ze bréngen. Et geet och ëm d‘Héchstgrenz, mat deenen d‘Länner mat eegene Mëttel fir de Budget garantéieren. Déi muss jo ugehuewe ginn, fir datt Bréissel déi 750 Milliarden Euro Scholden iwwerhaapt ophuele kann. Dat gëtt hei a Fro gestallt.

Den Nee vum Mateusz Morawiecki (Polen) a Viktor Orban (Ungarn) ass mindestens esou idiotesch wéi suizidär. Et kann een et net emol als „Revanche“ verklären, wëll béid politesch Nullnummere behuelen sech just tockskäppeg. Dobäi hu Polen an Ungarn net d‘Exklusivitéit wann et ëm Daboe geet, déi Rechtsstaatlechkeet nëmmen unerkennen, wann se d‘Pistoul schon op der Broscht hunn.

Bulgarien, Rumänien an Tschechien sinn och där Kandidaten, déi mat „Finanzmëttelkierzungen“ rechne mussen. Och hei – a et géif ee bal mengen et wier eng Kränkt vum Balkan – si Verstéiss géint Grond- a Mënscherechter éischter d‘Reegel wéi d‘Ausnam. Déi hunn awer alles mat ugeholl, well et geet ëm massiv Hëllefen, an si sinn drop ugewisen. Polen an Ungarn iwwregens och…

Wie fält ass éischt ëm?

Elo gëtt et zu Bréissel Diplomaten déi sech drop behaapten, datt de polnesche „Nee“ net ganz esou Eescht gemengt ass, wéi den ungareschen. Dat ass net verkéiert huet awer nees eng strikt pekuniär Ursaach: Polen gehéiert zu de gréisste Beneficiaire vun der Finanzhëllef. Ouni EU-Subventiounen, wier d‘Land net iwwerliewensfäeg. An dat wëssen déi nationalistesch Hardcore-Katholiken och.

Bezunn op Ungarn, ass d‘Lag net wesentlech eng aner, ausser datt ebe Faschiste weder rational nach logesch denken. Déi musse Recht hunn, firwat dann zu Budapest och vun engem Ugrëff op d‘Souveränitéit gebraddelt gëtt. Do gëtt de Leit erzielt, datt d‘EU de Plang just opgestallt hätt fir Ungarn politesch ëmzebauen. Dat behaapt esou déi ungaresch Justizministesch Judit Varga.

Et kéint ee sech bal iwwer d‘Roll als „Affer“, an där sech déi europäesch Faschisten ze gefale schéngen, lëschteg maachen, leider ass et eescht a gutt Absichten hu se keng. Den OLAF – datt ass dee Veräi vun der EU dee sech mat Fraude beschäftegt – stellt dann och nach fest, datt an Ungarn d‘Korruptioun mat EU-Gelder en zéngfacht iwwert dem europäeschen Duerchschnëtt läit.

Subventioune vun der EU lande reegelméisseg direkt an den Täsche vu Fidesz-Politiker, deenen hire Familljen a „gudde“ Frënn. Bis ewell huet et d‘EU-Kommissioun net weider gestéiert, well engem Fraktioun-Copain kann een net béis sinn. De Viktor Orban muss elo quasi entscheeden, ob hie sech weiderhin un der EU beräichere wëll, oder et Geld genuch gouf fir eege Weeër ze goen.

En Positioun déi net ze halen ass

Genuch Geld – esouguer wann alles do ukomm wier wou et eigentlech higehéiert hätt – huet Ungarn mat Sécherheet net. D‘Wirtschaftslag ass schwiereg bis extrem komplizéiert, wat och dank Vetternwirtschaft nach eppes accentuéiert gëtt. Zudeem stécht d‘Land matten an der zweeter Covid19-Well. D‘Faschisten an Ungarn wieren eigentlech gutt beroden sech um Rimm ze rappen.

Leider haten d‘Pappe vun europäesche Gedanken net virgesinn, datt een zuweilen och emol muss ee Member kënnen ausschléissen. A weder den Orban, nach de Morawiecki wäerten de brittesche Wee goen. Déi si wuel krätzeg net awer blöd, ass Bréissel dach ee risege Bankomat wou et ëmmer Geld gëtt, egal verschëlt oder politesch dernieft een eben ass. Déi ginn net fräiwëlleg an Zwang geet net.

Et kéint natierlech datt Ganzt zwëschestaatlech zu 25 beschléissen. Dat ass wuel net déi geniaalste Léisung, géif Polen an Ungarn allerdéngs weisen, datt een Handlungsfäeg ass. A wann een dat Geld, datt eleng fir Polen an Ungarn muss opewannt gi géif Spueren… Bon, datt geet natierlech och nees net. Et brauch also schonn esou eppes wéi ee Konsens, ouni d‘Rechtsstaatlechkeet a Fro ze stellen.

A vläicht huet den EPP-Parteichef, Donald Tusk, Recht an déi chrëschtlech-konservativ Fraktioun sollt sech elo wierklech vun der Fidesz trennen. Dat geet awer net ouni d‘Stäip vun den däitsche Schwësterparteie CDU & CSU. Déi fërderen awer éischter d‘Fidesz-Ideologie, wéi datt si dëser opposéiert wieren. Et ass a bleift also spannend, als sécher gëllt awer datt et esou net ka besser ginn.

mat indymedia/bru

Illustratioun: © Frederic Köberl / unsplash

Related topics EU-Budget 2021/27, EU-Kommissioun, EU-Konjunkturpak, Polen, Rechtsstaatlechkeet, Ungarn, Veto
Next post Previous post