Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Beliichtungscheck vun der Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ – ee richtege Succès!
International Money https://moien.lu/dating-dungannon/

https://moien.lu/muslim-casual-dating/

Scho fir d’fënneft Kéier huet d’Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ (LVI) um vergaangenen

cupid dating app
International Money https://moien.lu/dating-dungannon/

Meteorologesch war 2017 ee „waarmt“ Joer

D‘ASTA, de Wiederdéngscht vum Landwirtschaftsministère huet um Dënschdeg eng Evaluatioun

De „Monsieur Paul“ ass einfach gaangen…
International Money https://moien.lu/dating-dungannon/

De „Monsieur Paul“ ass einfach gaangen…

Säi Numm war e Mythos an eng Mark: Paul Bocuse,

money

De politesche „Finanzfeminismus“

Kristalina Georgieva soll d‘Nofolleg vum Christine Lagarde beim IMF untrieden

De politesche „Finanzfeminismus“

Geet en nom Wëlle vum Ursula von der Leyen, soll d‘Bulgarin Kristalina Georgieva d‘Christine Lagarde un der Spëtzt vum Weltwährungsfong (IMF) ofléisen. Si huet sech dann och géintiwwer dem hollännesche Finanzminister Jeroen Dijsselbloem duerchgesat kritt.

politescheDat geet esou zumindest aus dem franséische Wirtschafts- a Finanzministère – déi haten den Wahl-Prozess begleet – ervir. D‘Bulgarin huet sech awer, wéi schon d‘EU-Kommissiounspresidentin mat enger butzeger Majoritéit géintiwwer dem Eurogrupp-Chef aus Holland duerchgesat kritt. 56% vun de Länner, déi 57% vun den EU-Bierger vertrieden, hu dem Kristalina Georgieva zougestëmmt.

Eng bosseg an aus der Siicht vun Experte riskant Entscheedung. Laut dem IMF-Reglement kann een d‘Mandat vum Direkter vum internationale Währungsfong nëmmen untrieden, wann ee manner wéi 65 Joer al ass. D‘Bulgarin huet hire 65. Gebuertsdag längst gefeiert a sollt also dëst Mandat net dierfen iwwerhuelen. Mee Reegele mécht een… Reegele brécht een… Et geet jo ëm Kompetenz…

FinanzfeminismusD‘Kristalina Georgieva ass déi aktuell Interimspresidentin vun der Weltbank an huet via Twitter wësse gedoen, datt si während dem Nominéierungsverfahren dëst Mandat roue léisst. Dat si awer gutt Aussiichten op d‘Mandat huet, ass och dem Fait geschëlt, datt den IMF traditionell vun engem Europäer geleet an d‘Schwësterorganisatioun „Weltbank“ vun engem Amerikaner dirigéiert gëtt.

Et géif zugläich och bedeiten, datt dräi Fraen, dräi vun de wichtegste Wirtschaftsposten déi d‘Welt ze bidden huet, bekleede géifen. Eng Verantwortung déi hinnen – den Ament zumindest – nëmme vun enger ganz kuerzer Majoritéit zougemutt gëtt. Bleift ofzewaarden, ob se beim IMF bereet sinn d‘Regelen zu Gonschte vun der Bulgarin ofzeänneren. 189 Länner sinn am IMF vertrueden…

Mat indymedia/bru

Foto: Henley Design/Pixabay

Ähnlech Sujeten Christine Lagarde, EU-Kommissioun, Kristalina Georgieva, Ursula von der Leyen, Weltbank, Weltwährungsfong
Nächsten Artikel Virrechten Artikel