Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

6. MakerFest – Digital Kreativitéit fir jiddwereen!
https://moien.lu/roman-dating-site/ single parent dating stories

https://moien.lu/ink-dating-methods/

Et ass ewell déi 6. Editioun vum MakerFest, déi um

girl powerpoint dating
https://moien.lu/roman-dating-site/ single parent dating stories

Beliichtungscheck vun der Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ – ee richtege Succès!

Scho fir d’fënneft Kéier huet d’Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ (LVI) um vergaangenen

dislike
Den Direkter vun der Handelskummer stäipt sech géint eng Erhéijung vum Mindestloun
https://moien.lu/roman-dating-site/ single parent dating stories

Den Direkter vun der Handelskummer stäipt sech géint eng Erhéijung vum Mindestloun

A sengem Blog geet de Carlo Thelen, Direkter vun der

De Politiker virtuell d‘Box erofgestrëppt

Eng symbolesch Aktioun oder just well een et kann?

De Politiker virtuell d‘Box erofgestrëppt

Bei eisen Noperen ass et zum engem „spektakulären“ Hackerugrëff op honnerte Politiker komm. Dat allerdéngs net fir d‘Daten „ze klauen“ mee se am Internet ze verëffentlechen. Wien derhannert stécht, a firwat justement d‘Politiker vun der AfD verschount goufen, dat ass nach onkloer.

Eigentlech kéint ee laachen, well hei sinn d‘Date vu grad deene Leit gezoppt ginn, déi et hire Bierger zoumudden, e Bundestrojaner op hire Computer ze hunn. A vu lauter Iwwerwaachung ass et dësen „Internetspezialisten“ entgaangen, datt der do kéinte sinn, déi eppes „méi Ahnung“ hunn, an elo „fir politesch Transparenz“ suergen, wann och net grad op fein Aart a Weis.

Bei dësem „Dateklau“ sinn virun allem Kontakter, Handynummeren an d‘Adresse vu Politiker aus dem Bundestag, an och deem engen an anere Landtag public gemaach ginn. Bis dohinner hätt een d‘Aktioun nach als „digitale Mëttelfanger“ géintiwwer de politescher Muecht kënne betruechten, mee et sinn och eng helle Wull u perséinlechen Daten a parteiintern Dokumenter derbäi.

Opfälleg hei: deen oder déi Täter schénge bei hirem Choix net systematesch virgaangen ze sinn. Alles mécht den Androck, wéi wann an den Internet gestallt gi wier, op wat e grad „gestouss“ ass. Esou konnt ee Lëschte vu Parteimembere, parteiinterne Courrier a villes méi agesinn. Hei dierf drop higewise ginn, datt vill vun den Dokumenter déi verëffentlecht goufen, schonn eppes „al“ sinn.

Den eppes ongewinnten Adventskalenner

Den oder déi Hacker, hunn allerdéngs och immens vill perséinlech Informatioun/Date public gemaach. Op Identitéitskaart, Rechnungen, Bankënnerlagen, Invitatiounen, Bréiwer bis hin zu private Chatts. Politesch brisant Material war no enger éischter Iwwersiicht net ze fannen. Hei besteet de Verdacht, datt een de Politiker d‘Box wollt erofstrëppen, an dat ass gelongen.

A wann dëse Virfall elo ville „schlaudeet“, de ugeriichte Schued dierft immens sinn, d‘Blamage an d‘Folge fir esou munche Politiker och. D‘Links zu de „Leaks“ sinn iwwer Twitter an d‘Welt gesat ginn, an hei fält engem op, datt wann dat ganzt eréischt en Donneschdegowend „opgeflunn“ ass, déi ganz Aktioun scho wäit viru Chrëschtdag, mat enger Aart Adventskalenner ugefaangen huet.

Tatsächlech ass et esou, datt op dësem Twitteraccount säit dem Summer 2017, reegelméisseg déi perséinlech Donnéeë vu prominente Leit – oder därer déi sech dofir halen – verëffentlecht ginn. Den Account (deen natierlech elo net méi anzegesinn ass) hätt bis zu 16.000 „Follower“ gehat hunn, gehéiert zu enger Internetplattform, där hire Bedreiwer am Raum Hamburg néiergelooss ass.

D‘Bluttzirkulatioun ass ugereegt

Wéi et méiglech ass – wou dach scho wéinst der Terrorgefor alles a jiddereen iwwerwaacht gëtt – datt bis en Donneschdeg keen eppes vun dësem politesche Koméidistéck matkritt huet, jo och mir net, bleift ze klären. Interessant zudeem, dat déi eege „Cyberpolizisten“ vun der Regierung, jo net emol d‘Geheimdéngschter eng Ahnung dovunner hunn, wou déi Daten erofgeluede goufen.

Wann ee sech d‘Mass un Daten, d‘Zuel vun de Betraffenen ukuckt – wéi gesot ausser déi vun der AfD, sinn se zimlech all ausgedoe ginn – kann een dovunner ausgoen, datt déi Daten net aus enger Quell stamen. An elo wëll déi ganz Welt wëssen, wien derhannert stécht, wat d‘Motivatioun hannert dëser Dot ass. Dat ass berechtegt, woubäi ee sech zu Berlin d‘Fro stelle sollt, wie profitéiert dovun?

Am Bundestag ass d‘Aktioun als Ugrëff op déi demokratesch Grondwäerter veruerteelt ginn, an d‘Autoritéiten déi esou Virfäll verhënnere sollen, goufe schaarf kritiséiert. Dat si un esou enger Aktioun eng Matschold kéinten hunn, net iwwert déi Fäegkeete verfügen déi si de Bierger ofverlaangen, dat heescht déi eegen Daten ze schützen, dovunner kee Piipcheswuert…

Op der Sich no engem Schëllegen

„D‘Regierung“, esou d‘Pressespriecherin Martina Fietz „hëlt dëse Virfall ganz eescht. De Cyber-Ofwierzenter hätt sech schonn domatter befaasst. D‘Autoritéite schaffe mat Héichdrock dorunner, d‘Ausmooss an d‘Hannergrënn vum Virgank ze ermëttelen, an de Betraffenen Hëllefsstellung zoukommen ze loossen“. Dat héiert sech net nëmmen no vill Aarbecht un, dat ass vill Aarbecht.

D‘Spriecherin bestätegt, datt och e Sak soll perséinlech Donnéeë vun der Bundeskanzlerin, Angela Merkel, verëffentlecht goufen. Hei kann een den Ausmooss awer nach „iwwerblécken“ heescht et. Gemengt ass eigentlech just, datt keng sensibel Date public gemaach goufen. Eng Ausso déi sech awer nëmmen op dat bezitt wat bis ewell gewosst ass, wat nach komme kann, weess keen.

Bei der Oppositioun ass een selbstverständlech och „geschockt“. Esou huet de Fraktiounspresident vun déi Linke, Dietmar Bartsch, vun engem „schwéieren Uschlag op d‘Demokratie an de sozialen Zesummenhalt“ geschwat. „Ech fannen datt an esou Fäll d‘Informatiounsflicht absolut Prioritéit muss hunn“, esou d‘Kritik géintiwwer der Informatiounspolitik vun den Administratiounen.

Wéi geet een domatter ëm? Wat sinn d‘Konsequenzen?

Der parlamentarescher Cheffin vun „die Grünen“, Britta Haßelmann, hir mobil Telefonsnummer ass verëffentlecht ginn, firwat si sech derzou entscheet huet, eng Plainte anzereechen. Si betount: „Et geet hei ëm un Ugrëff op eis Grondrechter, op d‘Biergerrechter, op d‘Privatsphär an déi perséinlech Rechter vun all eenzelen. (…) Dat kann een net verharmlosen, dat ass eng ganz eescht Saach“.

Fir de Stephan Mayer, Staatssekretär am Inneministère, steet fest, datt déi Betraffen heirauser elo musse Konsequenzen zéien. „Vill Telefonsnummeren si weiderhin aktuell, an déi mussen zäitno geännert ginn. Zudeem sollten déi betraffe Persounen hir Passwierder änneren“, sot hie gëschter op n-tv. Do géif et sech vläicht lounen de „Betraffenen“ en Internet-Sécherheetstraining unzebidden.

An dësem Kontext muss eng kleng Remark erlaabt sinn. Wann et zu Dateleaks bei Facebook oder Twitter kënnt, wou elo déi geklauten Daten net verëffentlecht, mee awer mëssbraucht kënne ginn, dann héiert ee wéineg politescht Gejéimers, dofir vill Rotschléi wéi ee sech schütze soll. Gutt datt elo och déi Dammen a Hären aus der Politik bewisen hunn, wéi si hir Daten ze schütze verstinn.

mam Gesine Schwickerath/IM-Berlin

Ähnlech Sujeten Bundestag, Cloud, Cyberkriminalitéit, Cybersecurity, Hacker, Politiker, Sozial Netzwierker
Nächsten Artikel Virrechten Artikel