Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Sportlech Leeschtunge vun de jugendleche Lëtzebuerger zu Buenos Aires
online dating messaging too much

Sportlech Leeschtunge vun de jugendleche Lëtzebuerger zu Buenos Aires

De 6. Oktober goufe viru ronn 200.000 Spectateuren déi drëtt

fundamental baptist online dating
groupon speed dating nyc
online dating messaging too much

dakota johnson dating andrew garfield

No der ëffentlecher Unhéierung vum 21. Juni, am Bezuch op

USA: Mannerjäregen erschéisst zwee Schoulkomeroden
online dating messaging too much

USA: Mannerjäregen erschéisst zwee Schoulkomeroden

Am Staat Kentucky huet en Dënschdeg e Schüler a sengem

De Kass-Haff gewënnt mat sengem alternativen a konstruktive Konzept de Präis „Hëllef fir d‘Natur 2017“

Qualitéit ass fir de Premier d'Basis fir d'Vertrauen

De Kass-Haff gewënnt mat sengem alternativen a konstruktive Konzept de Präis „Hëllef fir d‘Natur 2017“

De Mëttwochowend war am Naturmusée am Gronn e festlechen. Dat hat eng gutt Ursaach, well zesumme mat der Fondatioun Hëllef fir d‘Natur, ass hei de nationale Präis vum natierleche Patrimoine, de „Präis Hëllef fir d‘Natur“ Editioun 2017 un d‘Laureaten iwwerreecht ginn.

Fir den Alain Faber, Direkter vum Naturmusée, ass et net deen éischten deen hien zesumme mat de Vetrieder vun der Fondatioun an de Representante vun de bedeelegte Ministèren iwwergëtt. Et ass dann och dëst Joer, wéi eigentlech all Joer, dann awer ee ganz besonnesche Moment.

Elo ka just nach ee Laureat dës gëllen Eil gewannen

Dat kéint och dorunner leien, datt de Naturmusée sech dësem Präis, a Form vun enger gëllener Eil, éierlech an déif verbonne fillt. E Präis deen, esou den Alain Faber, vun enger Jury, bestoend aus Membere vun der Fondatioun, dem Musée an Vertrieder vun de Ministèren, un ee vun den proposéierte Kandidate muss zougesprach ginn.

Eng net ganz esou einfach Aufgab! De Claude Meisch (DP), Vizepresident vun der Fondatioun Hëllef fir d‘Natur, stellt kloer, datt dëse Präis deen et zanter 1985 gëtt, säit neistem nëmmen nach un ee Laureat vergi gëtt. Soss ass et och nach eng sëlwer Eil a „Mentioune“ ginn.

Mat nëmmen engem Präisgekréinte Laureat awer, esou de Vizepresiden, géifen d‘Visibilitéit an de Wäert vun dëser eenzegaarteger Auszeechnung gesteigert ginn. Datt d‘Anja Staudenmayer an den Tom Kass de Präis erhalen wier hirem onermiddlechen Engagement fir d‘Ëmwelt an d‘Natur geschëlt.

Den Asaz vum Kass-Haff ass pedagogesch wäertvoll a muss dofir belount ginn

Datt d‘Anja Staudenmayer an den Tom Kass vum Kass-Haff, deen ënnert anerem „Demeter“ zertifiéiert ass, iwwerrascht waren, de Präis vun der Jury zougesprach kritt ze hunn, ass éierlech gemengt, well si net drop higeschafft hunn. Si hu mat hirem Projet an éischter Linn eng „eege Visioun“ ëmgesat.

An et dierf een, no der Presentatioun déi si vum Kass-Haff gemaach hunn, dat esou och fir bor Mënz huelen. E landwirtschaftleche Betrib, dee sech engersäits duerch seng Villsäitegkeet bei de Produiten ervirdeet, an anersäits duerch de pedagogesche Charakter och als sozial verantwortlech presentéiert. E Betrib also, deen een duerchaus als Virbildlech ëmschreiwe kann.

Kass-Haff

(v.l.n.r.) Roby Biwer, President vun natur&ëmwelt asbl; Carole Dieschbourg, Ëmweltministesch; Anja Staudenmayer, Tom Kass, Xavier Bettel, Premier- a Kulturminister; Alain Faber, Direkter Naturmusée; Claude Meisch, Vizepresident Fondatioun Hëllef fir d‘Natur. © Martine de Lagardere/moien.lu

Eng 200 Hénger, 100 Randbéischten a ronn 10 Säi mat hire Fierkelen, sinn hei nieft Päerd a Geessen doheem.

De Kass-Haff ëmfaasst 100 Ha Land, wouvunner der 75 als „Gréngland“ genotzt ginn, 25 sinn Agrarflächen. Op deene ginn zéng Zorte Kulturen ugebaut, alles nom strengem Demeter Standard, deen och fir d‘Déieren um Haff gëllt. An u „Gedéiesch“ feelt et um Kass-Haff net! Eng 200 Hénger, 100 Randbéischten a ronn 10 Säi mat hire Fierkelen, sinn hei nieft Päerd a Geessen doheem.

Bis dohinner ass et e biodynamesch gefouerte landwirtschaftleche Betrib wéi et der méi gëtt. Mee de Kass-Haff huet méi ze bidden. Nieft dem Fait, datt een zanter 2002 de Betrib zu jidder Zäit och als Privatpersoun dierf besiche kommen, ginn och reegelméisseg Schoulklassen empfaangen.

Besser nach, um Haff selwer ass den „Haffgärtchen“ doheem, eng Spillschoul déi vun der Waldorfschoul Lëtzebuerg direkt iwwert dem NATURATA Buttek ageriicht ginn ass. 20 Butzen hunn hei vill Fräiraum, kënnen d‘Natur, den Haff mat sengen Déieren an villes méi entdecken. Sech dobäi „knaschteg“ maachen ass absolut erlaabt. Wéi een esou schéi seet: et gëtt kee schlecht Wieder, just schlecht Kleedung.

Luef vun héchster Stell

D‘Ëmweltministesch Carole Dieschbourg (déi gréng), wat scho bei der Erëffnung vum Kass-Haff mat vun der Partie war, ass vun dësem Liewensprojet iwwerzeegt. D’Ministesch war éierlech erfreet zesumme mam Premier- a Kulturminister Xavier Bettel (DP) de Gewënner de Präis dierfen ze iwwerreechen.

Duerch den Asaz vu Pestiziden an dem Ubau vu Monokulturen wiere schonn 80% vun den Insekte verluer gaange sinn.

Si wieren en Deel vun der Léisung fir déi Problemer, mat där d‘Ëmwelt an d‘Natur ze kämpfen hätt, betount d‘Carole Dieschbourg. Duerch den Asaz vu Pestiziden an dem Ubau vu Monokulturen wiere schonn 80% vun den Insekte verluer gaange sinn. An eng mat de gréisste Suergen ass d‘Beiestierwen.

Wat d‘Anja an den Tom mat hire Kanner, de Partner a ville „Gesellschafter“ zu Rolleng bei Miersch op d‘Bee gestallt ass, wier dann och „d‘Zukunft Bauer“. A nieft dem landwirtschaftlechen Alldag, dee jo awer erausfuerderend ass, géif sech dann och nach déi néideg Zäit geholl ginn, de Kanner, mee och Erwuessenen, mat vill Léift a Freed alles ze erkläre, wouzou si froen hunn.

Kass-Haff

Fir de Premierminister Xavier Bettel, ass et wichteg de Konsument ze sensibiliséieren. Qualitéit schaaft Vertrauen, e Vertrauen dat eis Biobauere verdéngt hunn. © Martine de Lagardère/moien.lu

De Konsument muss sech hannerfroen

De Xavier Bettel fënnt et bedauerlech, datt vill Konsumente an éischter Linn de Präis vun der „Wuer“ am Bléck hunn. An et ass deen, deem een zoumudde muss och Verantwortung ze iwwerhuelen. Mam Kass-Haff géif deenen eng „Alternativ“ gewise ginn.

„Et muss een de Leit weisen, datt hannert enger Këscht Mëllech eng Kou steet“, esou de Xavier Bettel. Hien ënnersträicht, datt déi um Kass-Haff geleeschte „pedagogesch Aarbecht kee Präis huet“.

Et wier d‘Joer vum Patrimoine, an d‘Landwirtschaft géif eendeiteg zum Lëtzebuerger Patrimoine gehéieren. Esou konnt och hien dem Anja Staudenmayer an dem Tom Kass dëse Präis mat grousser Freed iwwerreecht. An de Premierminister betount dann nach eng Kéier, datt Qualitéit méi wichteg ass wéi d‘Quantitéit. Eng Qualitéit déi och d‘Basis fir d‘Vertrauen an eis Landwirtschaft duerstellt.

Foto: Eng Gëllen Eil ass de Präis Hëllef fir Natur. Fir d‘Joer 2017 geet en un d‘Anja Staudenmayer an den Tom Kass, vum Kass-Haff gaangen. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Carole Dieschbourg, Fondatioun Hëllef fir d‘Natur, Kass-Haff, Naturmusée, Xavier Bettel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel